Search

You may also like

Amerika um Wee an d‘Anarchie?
Neiegkeeten Sport

Amerika um Wee an d‘Anarchie?

Déi aner Säit vum grousse Pull hat et um 1.

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op
Neiegkeeten Sport

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op

Zaldoten hunn den Ibrahim Boubacar Keïta, President vun dësem westafrikanesche

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen
Neiegkeeten Sport

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass

AutiSport: déi nei Sportsaktivitéit vun der Fondation Autisme Luxembourg

Wann d'Luucht séier ze hell ass

AutiSport: déi nei Sportsaktivitéit vun der Fondation Autisme Luxembourg

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) setzt sech fir d’Rechter vu Persoun mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS) an a steet de betraffene Familljen an alle Liewensberäicher zur Säit. Am September vun dësem Joer hunn si hiren neie Projet “AutiSport” lancéiert.

Sportlech Aktivitéite sinn a villen Hisiichte wäertvoll. Si steigeren dat kierperlecht Wuelbefannen a si vu groussen Notze fir d’Sensomotorik. Ausserdeem fërderen si sozial Interaktiounen. Aus dësem Grond huet d’Fondatioun AutiSport an d’Liewe geruff. E riicht sech u Persoune vun all Alter mat ASS an dem Asperger Syndrom.

AutiSport bitt eng Auswiel strukturéierter Sportaktivitéiten, déi un déi spezifesch Bedierfnesser, Fäegkeeten a Wënsch vun all Matspiller ugepasst sinn. AutiSport bitt d’Méiglechkeet, Spaass ze hunn, reegelméisseg Sport ze dreiwen, nei Bekanntschaften ze schléissen an nei Fäegkeeten ze léieren, andeems een déi verschiddenst Sportaarte kenneléiert.

Besonnesch well Persoune mat Autismus dacks Schwieregkeete bei sozialen Interaktiounen hunn, ass et hinnen net méiglech, sech an engem Sportveräin unzemellen. Et fält hinne schwéier, mat aneren ze kommunizéieren an eng richteg Verbindung zur Aussewelt opzebauen. Aus dësem Grond ass et der Fondatioun en Uleies, hinnen dee Sport ze erméiglechen, dee genau op hier Bedürfnisser ugepasst sinn.

Wéi d’Catherine Fouss, d’Koordinatorin vum Projet, erkläert huet, stinn d’Sportstonnen ënnert dem Motto “Multi-Sport”: “Mir hunn eis dozou decidéiert, datt mir eis net nëmmen op eng Sportaart beschränken, mee datt mir ëmmer erëm nei Sportaarten ausprobéieren, fir datt och sécher fir jiddereen eppes dobäi ass.”

D’Kenneléiere vun ënnerschiddleche Ballsportaarten, d’Iwwerwanne vu Parcoursen, souwéi Übungen zur Fërderung vum Gläichgewiicht an der Geschécklechkeet sinn nëmmen e puer Beispiller vun den Aktivitéiten, déi virgeschloe ginn.

Fir datt keng Ënner- oder Iwwerfuerderung entsteet, gëtt de Sport un de jeeweilegen Niveau vun de Spiller ugepasst. Si sollen op eng spilleresch, amüsant Aart a Weis déi verschiddenst Sportaarte kenneléieren. “Wichteg ass, datt weder Drock nach Angscht bei de Memberen ausgeléist gëtt”, sou d’Catherine.

AutiSport

Fir op déi individuell Wënsch agoen ze kënnen, ginn déi eenzel Sportstonne fir Persoune mam Asperger Syndrom mat hinnen zesumme geplangt. Esou kënnen si selwer entscheeden, wéi d’Stonn strukturéiert gëtt a se wësse schonn am Viraus, wat op si zoukënnt. Dëst ass fir hier Orientéierung vun immenser Bedeitung.

De Mustapha Haddar, de sportleche Leeder ënnersträicht d’Zil vum Projet: “Et ass wichteg, dorun ze denken, datt wärend de Sportstonnen de Spaass am Virdergrond steet. Ausserdeem denken ech, datt mir mat AutiSport d’Autonomie vu Persoune mat ASS fërdere kënnen. Ech wënsche mir, datt de Projet an Zukunft weider wuesse kann an d’Mënschen dat ganzt Joer iwwer begleede wäert, fir hinnen déi gréisstméiglechst Freed ze bereeden.”

D’Sportstonne sinn all Méinden (ausser an de Schoulvakanzen) an der Sportshal um Briddel (9, rue François-Christian Gerden, L-8132 Bridel). D’Participante ginn an dräi verschidden Altersgruppen opgedeelt.

D’Erzéier vun der Stëftung, déi fir AutiSport agedeelt goufen, si fir den Opbau an d’Organisatioun vun de Stonnen zoustänneg. Si gi vu Studenten, Stagiairen oder Fräiwëlleger ënnerstëtzt.

Fir vill Elteren ass dëse Projet déi éischt Méiglechkeet, hirem Kand ee passende Sport ubidden ze kënnen: “Virun AutiSport war et eisem Jong ni méiglech, sech an engem Sportsveräin unzemellen. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt et fir hie wichteg ass, Sport maachen ze dierfen, ouni fir seng Leeschtung benout ze ginn. Bei AutiSport gëtt hie vu Persoune begleet, déi Autismus wierklech verstinn. Ech gesinn dat als grouss Chance fir hien.

Och den erwuessenen Deelhueler mam Asperger Syndrom schéngen déi éischt Stonne gefall ze hunn:

An dëse Sportstonne léiert e Persoune kennen, déi déi selwecht Suergen am Alldag mat sech droen, déi neurotypesch Persounen (Mënschen ouni Autismus) villäicht net novollzéie kënnen, datt d’Luucht ze hell ass. Iwwer dëse Wee kënne mir zesummen eis sozial a motoresch Fäegkeete verbesseren, iwwert déi mir ons nach guer net bewosst waren,” schwäermt de Joel, dee vun der éischter Stonn un mat dobäi war.

D’Fondatioun huet nach fräi Plaze fir all Alterskategorien. Wann ech gelift zéckt net matzemaachen. Déi aktuell sanitär Moossname gi wärend de Sportstonnen iwwerholl, fir d’Sécherheet ze garantéieren.

Fir weider Informatiounen oder bei Froen zu der Umeldung schéckt eng Email un: loisirs@fal.lu.

Related topics Asperger-Syndrom, AutiSport, Briddel, FAL, Fondati, Leeschtung, Mustapha Haddar
Next post Previous post