Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!
Auto International Neiegkeeten Sport

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!

Dësen Artikel ass vun Taxx.lu gesponsert Et ass all Joers

Schwäi gehat: Chineseschen Neijoerschdag an der Handelskummer
Auto International Neiegkeeten Sport

Schwäi gehat: Chineseschen Neijoerschdag an der Handelskummer

China feiert d’Joer vum Schwäin. Och zu Lëtzebuerg ass dat

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst
Auto International Neiegkeeten Sport

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

Et ass dee berühmtste Rallye am Motorsport: den Dakar. Dee

Autocross EM: Ongléckleche Weekend fir de Kevin Peters

Autocross EM: Ongléckleche Weekend fir de Kevin Peters

http://www.autocross-em.de/Fir d‘Piloten an d‘Fangemeinschaft vum Autocross, ass d‘Europameeschterschaft am Autocross e Rendez-vous deen een net verpassen dierf. Am Departement vun der Vendée am Frankräich, um Buedem vu „Saint Igny de Vers“, hat leschte Weekend ee vun de gréissten Events an dëser Sportaart stattfonnt. Och Lëtzebuerger hunn sech hei an Zeen gesat.

Gefuer ginn ass a véier Klassen: Touring Autocross, Buggy 1600, Super Buggy, an Junior Buggy. Mat derbäi, zu Saint Georges de Montaigu: de Lëtzebuerger Espoir Kevin Peters, deen an der Klass Buggy 1600 ugetrueden ass. Hei sollt hien op eng rabiat Konkurrenz falen, an tatsächlech war et um Enn net de Weekend vum Lëtzebuerger Pilot. An dobäi waren ugangs d‘Aussiichten net schlecht.

Et hat esou gutt ugefaangen

An den éischten dräi „Heats“ war de Kevin Peters (Startnummer 106) gutt ënnerwee, an ass déck motivéiert an d‘Hallef-Finall gezunn. Huet et beim Start nach keng Problemer ginn, esou huet eise Lëtzebuerger dann, op der véierter Plaz, awer nach ee Feeler gemaach. An enger Hallef-Finall ass esou eppes „déidlech“, an et ass um Enn net duer gaange fir sech ëm eng Podiumsplaz ze bewerben.

Fir de Petr Nikodem (101) aus der Tschechien war et carrement e Kaddo. Dee konnt esou virzäiteg den Titel feieren. Elo gëllt et awer fir de Kevin Peters, sech nach emol um „Rimm ze rappen“ a seng zweet Plaz an der Meeschterschaft ze sécheren. Op him d‘Streck zu Maggiora (Italien) elo besser entgéint kënnt wësse mir net, mee hien ass voll a ganz motivéiert, esou datt dëst Zil erreechbar ass.

Zu de Resultater:

Touring Autocross:

  • 1. Václav Fejfar (CZE) Skoda Fabia 3
  • 2. Otakar Výborný (CZE) Mitsubishi Mirage
  • 3. Martin Samohýl (CZE) Skoda Fabia EvoII

(Leader am Klassement ass de Václav Fejfar mat 298 Punkten.)

Buggy 1600:

  • 1. Vincent Mercier (FRA) F&S Suzuki
  • 2. Thomas Christol (FRA) Camotos Suzuki
  • 3. Gilles Labrosse (FRA) Artisanal
  • 6. Kevin Peters (LUX) PRT Twin Triumph

(Leader am Klassement ass de Petr Nikodém mat 235 Punkten. Op der zweeter Plaz de Kevin Peters mat 186 Punkten. Dat ass e knappe Virsprong op den drëtte Michael Buddelmeyer deen schonn 161 Punkten zesummebruecht huet.)

Super Buggy:

  • 1. Ervin Grencis (LVA) Alfa Racing Volvo
  • 2. Terry Callaghan (NLD) MC Racing Ford
  • 3. Florent Tafani (FRA) Volvo

(Leader am Klassement ass de Bernd Stubbe mat 233 Punkten.)

Junior Buggy:

  • 1. Jacub Novotný (CZE) Suzuki GSXR
  • 2. Timofey Ocharov (RUS) Alfa Yamaha
  • 3. Bart Van der Puten (NLD) PAS Suzuki

(Leader am Klassement ass den Timofey Ocharov mat 260 Punkten.)

Foto: © Mike Klein/moien.lu

Ähnlech Sujeten Autocross, Europameeschterschaft, Kevin Peters
Nächsten Artikel Virrechten Artikel