Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!
who is dating lil wayne daughter Erkläert who is elena dating in vampire diaries

https://moien.lu/app-to-see-how-long-youve-been-dating/

Gëschter Owend war de Vernissage fir „150 Joer Philharmonie Municipale

https://moien.lu/dating-ultrasound-6-weeks/
who is dating lil wayne daughter Erkläert who is elena dating in vampire diaries

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus

Bei der ASTI „dréckt de Schong“ a zwar zolidd. Eng

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)
who is dating lil wayne daughter Erkläert who is elena dating in vampire diaries

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)

Weltwäit existéieren iwwer 6000 verschidde Sprooche. Ee Grond méi wisou

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle Verbraucher, déi d‘Absicht hunn sech en neit Gefier zouzeleeën, d‘Vertragskonditioune ganz genee duerchzeliesen, an dat méiglechst iert „de Krop gemaach gëtt“. Huet ee bis ënnerschriwwen, huet een alles ugeholl wéi et do geschriwwe steet.

An dësem Zesummenhang sollt de Konsument ganz besonnesch op folgend Punkten uecht doen:

  • déi genee Bezeechnung vum Model, inklusiv Ausstafféierung an de gewielten Optiounen (extras);
  • de geneeë, verbindleche Liwwertermin;
  • de geneeë Kafpräis. Gett deen „alen“ an d‘Reprise ginn, sollt de Präis dee fir den ale bezuelt gëtt, an dat wat fir de neien ze bezuelen ass, och genee agedroe sinn;
  • fir de Fall datt ee sech fir eng Occasioun entscheet, mussen dës Punkte berécksiichtegt ginn: 1) den Zoustand vum Gefier, fir och dee geréngste Mangel/Feeler oder Beschiedegung déi et bei Vertragsofschloss ka ginn hunn, festzestellen; 2) de genaue Kilometerstand bei Vertragsofschloss, deen och am Vertrag muss opgefouert sinn.

De Konsumenteschutz erkläert:

Déi allgemeng Geschäftsbedingungen dierfe keng mëssbräichlech Klausel enthalen. Ënner „mëssbräichlecher Klausel“ si Klauselen ze verstoen, mat deenen sech de Verkeefer en eesäitege Virdeel zur Laascht vum Keefer araume wëll (z.Bsp. de Liwwertermin stellt keng Verflichtung fir de Verkeefer duer, de Verkeefer versicht sech vu senger Garantieverflichtung ze befreien oder verweigert dem Keefer d‘Recht, hien am Schuedensfall virun engem uerdentleche Geriicht ze verkloen asw…) Esou Klausele sinn „nichtig“ a gëllen net als geschriwwen.

 

Konsumenteschutz

Vun engem an enger Garage ënnerschriwwene Kafvertrag kann een net zrécktrieden. Dat bedeit am Kloertext: „Et ënnerschreift een nëmmen dann e Kafvertrag, oder ‚Bon de Commande‘ wann een absolut sécher ass dat auserwielte Gefier och kafen ze wëllen“. Ännert een hei seng Meenung, huet den Händler en Usproch op Schuedenersatz.

Et soll Verkeefer ginn, déi versichen de Konsument dovunner ze iwwerzeegen, datt si en Dokument ënnerschreiwe mussen, bei deem et sech leedeglech ëm eng Formalitéit handele géif, fir de spéidere Verwaltungsopwand am Fall vun enger méiglecher Transaktioun ze vereinfachen. An deenen allermeeschte Fäll handelt sech dobäi awer ëm e sougenannten Optragsschäin deen, wann en dann emol bis ënnerschriwwen ass, als richtege Kafvertrag gülteg ass, an domatter fir de Signataire bannent ass.

Konsumenteschutz

Hei Warnt d‘ULC a réit jidderengem, Dokumenter déi engem an esou engem Zesummenhang virgeluecht ginn, genau ënnert d‘Lupp ze huelen, a wéi uewe gesot, kee Kafvertrag oder Bestellschäin ze ënnerschreiwen, wann d‘Absicht d‘Gefier ze kafen, net besteet.

Wann dir de Kaf vum neien Auto iwwert e Prêt finanzéiere wëllt, sollt an de Kafvertrag, respektiv dem Bon de Commande, néiergeschriwwe ginn, datt de Vertrag nëmmen dann och rechtsgülteg ass, wann de Prêt accordéiert gëtt. Dat ass déi eenzeg Méiglechkeet fir sécher ze goen, datt dir net un de Vertrag gebonne sidd, sollt iech de Prêt net zougestane ginn.

Konsumenteschutz

An och beim Prêt gëllt: d‘Bestëmmunge vun dësem Prêt muss ee sech ganz genee duerchliesen, an op den effektive Joreszëns sollt e besonnesch uecht doen. Vun engem Prêt iwwer dubiéis Courtieren am noen Ausland kann nëmmen ofgerode ginn.

De Konsumenteschutz weist d‘Konsumenten ausdrécklech dorops hin, datt et zousätzlech zu deene vun de Händler ugebuede Garantien, och gesetzlech Gewährleeschtunge gëtt. Déi si gülteg, egal op dir an der Garage en neien oder e gebrauchten Auto kaaft.

Konsumenteschutz

Am Kloertext: Händlergarantie setze gesetzlech Gewährleeschtungen net ausser Kraaft. Si mussen zudeem dem Client eng Plus-value bidden, an dierfe keng irféierend Reklamm sinn, déi gleewen deet si géif dem Konsument Rechter bidden, déi dëse souwisou huet. Et sollt een also ganz gutt uecht dinn, net fir „Rechter ze bezuelen“, déi engem d‘Gesetz gratis zougesteet.

Wat d‘Occasioune betrëfft, muss erwähnt ginn, datt sech Händler a Client op eng méi kuerz gesetzlech Gewährleeschtung, wéi déi vum Gesetz virgeschriwwen zwee Joer, eenege kënnen.

Konsumenteschutz

D‘Garantie muss – egal wéi sech den Händler wiert – mindestens 12 Méint bedroen. Och esou „Klauselen“ musse schrëftlech am Vertrag festgehale ginn! Zudeem ass eng méi kuerz Garantiezäit nëmmen dann zoulässeg, wann de Kaf vum Gefier no méi wéi 12 Méint no der éischter Umeldung stattfënnt.

Fir weider Froen an/oder Informatioune steet d‘ULC de Konsumenten ënnert dem Telefon 4960-221 zur Verfügung. Et dierf een och an der Salariatskummer erakucken.

Ähnlech Sujeten Autofestival, Garantie, Konsumenteschutz, Prêt, ULC, Vertrag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel