Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
jamaica dating site dating sites kentucky

nancy and steve stranger things dating in real life

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

online dating is hard reddit
jamaica dating site dating sites kentucky

D‘Eisebunn erkennt Opportunitéiten am Logement

Op et engem gefält oder och net, d‘Eisebunn (CFL) verfüügt

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7
jamaica dating site dating sites kentucky

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7

Um G7-Sommet zu Biarritz hunn d‘Staats- a Regierungscheffen sech fir

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?

https://moien.lu/vw-dieselskandal/

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?

Den Autofestival huet hei am Land en héije Stellewäert, wat sech duerch ganz Vëlkerwanderunge beleeë léisst. Keng Garage an där engem d‘Zong net géif laang gemaach ginn, an Offere kritt ee gemaach, datt et engem scho schwéier ka falen, sech ze entscheeden. Wann et awer muss sinn…

Et sinn nach just ee puer Deeg, an da gëtt de 55. Lëtzebuerger Autofestival lancéiert. A wéi sech d‘Editioun 2019 presentéiert, dat hunn eis e Méindeg op der Handwierkerkummer, d‘Presidente vu FEGARLUX, Philippe Mersch an ADAL, Benji Kontz, erläutert. Fir unzefänken ass awer och de Réckbléck gewot ginn. Interessant, 2018 war fir dat zweet Joer a folleg, en absolut Rekordjoer.

Autofestival

Mat am ganzen 52.811 neien Umeldungen, sollt et weder traureg Gesiichter bei den Distributeuren, nach bei de Garagiste selwer ginn. Woubäi natierlech gewosst ass, datt ee ni genuch kloe kann, an net jiddereen an sengem Job erfollegräich ka sinn. Mee d‘Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch: zu Lëtzebuerg huet den eegenen Auto e wiesentlech héijere Stellewäert wéi den ëffentlechen Transport.

10 Deeg Zäit fir den Tour ze maachen

De Lëtzebuerger Autofestival ass da wahrscheinlech och dee Festival, deen am meeschten derzou bäidréit, datt et Lëtzebuerg mat sengen Emissiounswäerter net an de „grénge Beräich“ féiert. Dat läit um Konzept, dee vun de Leit erwaart, datt ee sech fir d‘Gefier vun der Begier ze ergatteren, duerch sämtlech Garagen am Land muss schloen, an dat vum 26. Januar bis de 4. Februar.

Wien gären a vill duerch d‘Géigend fiert, ka sech op 60.000 M² déi nei Modeller ukucken, a mat eppes Gléck och hei an do e Konzept-Auto vu méi no gesinn. Konzept-Autoe kommen zwar ni esou bei de Client (wann se iwwerhaapt gebaut ginn) wéi se gewise ginn, mee fir de richtegen Amateur ass dat Grond genuch déi ganz Hickegt opzelueden, an um eegene Pleséier ze bedeelegen.

Op „myauto.lu“ kann een elo scho kucken, wie vun de Garagisten an/oder Concessionairen um Festival deel hëlt. Et sollt een awer bei aller Freed an Erwaardung, net mam Gefill eleng eng haseleg Entscheedung treffen, net alles gleewe wat engem de Vendeur erzielt (besonnesch beim Verbrauch an den Emissiounen) an och net zécken, déi super Offer am noen Ausland ze vergläichen.

Eng Fusioun vun der Vernonft

D‘Presidente vu FEGARLUX an ADAL, hunn um Méindeg bekannt ginn, datt si Distributioun a Garage an enger an där selwechter Associatioun wëllen ënnerdaach kréien, an dofir entscheet hunn ze fusionéieren. Aus FEGARLUX an ADAL entsteet d‘Fedamo. Dës blatzeg Ofkierzung steet fir: „Federatioun vun den Auto-Distributeuren an der Mobilitéit“. Wann et hëlleft, eis kann et egal sinn.

Autofestival

Wéi eng Auswierkung dës Fusioun fir déi ronn 5.500 Salariéeën am Automobilsecteur huet, kann een eréischt bemoossen, wann de Fusiounsprozess am Laf vum Joer dann och ofgeschloss ass. Et ass dovunner auszegoen, datt dat en Impakt op d‘Kollektivverträg an der Branche wäert hunn. Wéinst der gudder Zesummenaarbecht tëscht béide Federatiounen, mécht d‘Fusioun awer Sënn.

Ähnlech Sujeten ADAL, Auto, Autofestival, Benji Kontz, Fedamo, FEGARLUX, Philippe Mersch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel