Search

You may also like

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung
Neiegkeeten

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung

Vill pharmazeutesch Entreprise sinn op der Sich no engem Impfstoff

money
London: Ee massive Konjunkturpak géint de Chômage
Neiegkeeten

London: Ee massive Konjunkturpak géint de Chômage

Op der „Insel“ geet d‘Angscht virun enger Chômage-Well ëm an

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof
Neiegkeeten

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Zwee Joer nom Mord um saudesche Regimmkritiker Jamal Khashoggi sinn

Autofestival 2020: Wichteg Tipps a Warnunge vum Konsumenteschutz

Autofestival 2020: Wichteg Tipps a Warnunge vum Konsumenteschutz

T’ass nees Autofestival! A fir net d’Kaz am Sak ze kafe réit de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) alle Verbraucher, déi sech bei dëser Geleeënheet een neit Gefier zouzeleeë wëllen, de Vertrag genau duerchzeliesen, ier een ënnerschreift.

An dësem Zesummenhang ginn eng Rei Punkten opgezielt, déi um Kafvertrag sollten opgelëscht sinn:

  • Déi genau Bezeechnung vum Modell, inklusiv Ausstattung an alle gewielten Extraen;
  • De genaue verbindleche Rendez-Vous vun der Liwwerung;
  • De genaue Kafpräis. Gëtt Ären alen Auto a Reprise geholl, da sollt nieft dem Kafpräis och de Präis vun der Reprise genau ugi sinn;
  • Beim Kaf vun engem Gebrauchte sollt iwwerpréift ginn:
    • Den Zoustand vum Gefier, fir och déi kleng Mängel a Beschiedegunge festzestellen
    • de genaue Kilometerstand vum Gefier um Verkafsdag, deen och am Vertrag muss ugi sinn.

An den Allgemenge Geschäftskonditiounen dierfe keng Klauselen enthalen, déi ënnert Mëssbrauch falen. Heirënner versteet een déi Klauselen, mat deenen sech Verkeefer een eesäitege Virdeel zu Laaschte vum Verbraucher araume wëllen (z.B. datt de Rendez-Vous vun der Liwwerung keng Verflichtung duerstellt, de Verkeefer probéiert sech vu senger Garantieverflichtung ze befreien oder e verweigert dem Keefer d’Recht hien am Fall vun engem Schued virun engem uerdentleche Geriicht ze verkloen). Esou Klausele sinn net rechtens a gëllen als net geschriwwen.

Weider Tipps fannt Dir HEI.

Related topics Auto, Autofestival 2020, Gefier, Geschäftskonditiounen, Kaf, Konsumenteschutz, ULC, Vertrag
Next post Previous post