Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn
International Money Neiegkeeten Videos WTF

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn

Wann ee bedenkt wat dës „Affär“ fir Stëbs opgewierbelt huet

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
International Money Neiegkeeten Videos WTF

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017

Jemen um Rand vum Ënnergang
International Money Neiegkeeten Videos WTF

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

moneysurprise

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Hutt dir eng Virstellung dovunner wat mat ärem alen Diesel da geschitt?

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an Europa gëtt et ëmmer méi Mënschen déi et net méi erdroe kënnen, datt d‘Politik näischt géint de Klimawandel ënnerhëlt. Am Fokus stinn déi sougenannten Zäregaser an d‘CO²-Emissiounen, mee och de „mikroskopesche Stëbs“ vun den Diesel-Gefierer, steet an der Kritik vun Ëmweltaktivisten a renomméierte Wëssenschaftler.

Bei eis leeft zanter e Samschdeg den Autofestival, an dat kéint dach déi super Geleeënheet sinn, fir sech vun deem „alen a knaschtegen Diesel“ ze trennen, a sech e neien Auto, deen ëmweltfrëndlech, ganz elektresch oder hybrid ugedriwwe gëtt, ze entscheeden. Dofir gëtt et esouguer eng Primm vum Staat, déi bis zu 5.000 Euro brénge kann. Alles an allem paradisesch Zoustänn, oder vläicht net?

Mee wouhinner mat deenen Diesel-Gefierer, déi nach fir hire groussen Deel duerchaus vill a laang genotzt kënne ginn? Einfach alles „recycléieren“ wier déi eigentlech richteg Moossnam, woubäi et hei och ëm vill, ganz vill Geld geet. Et ass alt nees d‘Gier, de maximale Profit an d‘Versoe vun der Politik, déi mat enger fir eis gutt Strategie, d‘Verdierwen un aner Belvëlkerungsschichte weidergëtt.

Um Beispill vun der ARTE-Reportage „Bulgarien: Exportschlager Diesel“ wëlle mir iech weisen, wou ären alen Diesel méiglecherweis en zweet Liewen erhält, a firwat et eigentlech, e riseg Sauerei ass, datt eis e neien Auto mat Subventioune schmackhaft gemaach gëtt, an doduerch bewosst de Problem an d‘Gesondheetsrisiko un aner Mënschen innerhalb der EU weidergereecht gëtt.

Ähnlech Sujeten Autofestival, Bedruch, Diesel, Dieselskandal, Ëmweltverschmotzung, Export, Reprise, Subventiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel