Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare
Auto Money Neiegkeeten

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Déi britesch Weltraumagence huet e Sonndeg matgedeelt, datt d‘Géigend vu

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
Auto Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

Irma huet Barbuda voll erwëscht
Auto Money Neiegkeeten

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems

money

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Manner Leit awer méi Venten

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op en Enn gaangen, an elo kann ee schonn en éischte Bilan zéien. Laut der Fedamo (dem Zesummeschloss vu Fegarlux an ADAL), wieren 2019 eppes manner „Interessenten“ an de Garagen uechtert d‘Land gezielt ginn. Eng Baisse déi sech net op de Verkaf ausgewierkt huet, et wiere nämlech vill „Neier“ un de Mann bruecht ginn.

Et kéint een elo, wéi d‘Fedamo, d‘Baisse vun de Visitten an de Garagen dem Schnéi an d‘Schong drécken, wat d‘Analys dann awer verfälsche géif, well se sech op falsch Tatsaache stëtzt. Wien en neien Auto wollt, huet de Wee och bei de Garagist fonnt. Soss wier d‘Freed iwwer gutt Verkafszuele virgetäuscht, oder zumindest e Widdersproch a sech. Et ass éischter e Gefill dat ausgedréckt gëtt.

Dat alles kann awer net doriwwer ewech täuschen, datt fir d‘Autosverkeefer, de Festival déi mat Ofstand wichtegst „Saison“ vun der Branche ass. Laut engem vun de Fedamo-Presidenten, kann den Autofestival, deen ëmmerhin en Drëttel vum Joresëmsaz duerstellt, iwwer Erfolleg oder Perte vun enger Garage entscheeden. Datt den Erfolleg och eppes mat guddem Service ze dinn huet…

Eigentlech egal. Esou egal wéi déi zäitlech Begrenzung vun engem Autofestival. „Offiziell“ ass dee jo e Méindeg op en Enn gaangen. Mee wéi et de Philippe Mersch vun der Fedamo esou treffend formuléiert huet: „Déi grouss Majoritéit vun de Garage behalen d‘Konditioune vum Autofestival bis den 28. Februar bäi“. Dat ass ëmmer esou, woubäi „Konditiounen“ hei kloer iwwerbewäert gëtt.

Solde sinn eben net Solden, an den Encadrement vun engem Autofestival – wat jo eigentlech d‘Solde vun der Autosbranche sinn – léisst hei ze wënschen iwwreg. Wa jo scho vu virera gewosst ass, datt een de „Festival“ e Mount laang oprecht erhält, da sollt een derzou stoen, a generell de Februar zum Autofestival erklären. An deem Sënn wënsche mir iech nach e flotten Autofestival…

Ähnlech Sujeten Autofestival, Fedamo, Garagisten, Philippe Mersch, Verkafszuelen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel