Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen
Auto Neiegkeeten

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
Auto Neiegkeeten

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee
Auto Neiegkeeten

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer

Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
Den Zakspeed-Capri, war sengerzäit net ze schloen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
E Gefier mat Seelenheetswäert… © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
Um Stand vun der CVM-Steesel, waren en se richteg aktiv. © Martine de Lagardère/moien.lu

Den „Ackerdiesel“ vu MAN, war sengerzäit fir d‘Éiwegkeet gebaut ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
E Peterbuilt aus den USA, als „Pickup“ fir den Trakter. Eng originell Iddi. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
De Capri vu Ford feiert 2019 säi 50. Anniversaire. Dofir krut dëse Modell e ganze Stand gewidmet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
De Käfer vu VW dierf op esou engem Event natierlech net feelen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
Mir wëssen net op et d‘Angscht virum Brexit ass, déi dës „Vollblutt-Briten“ an d‘Hall gedriwwen huet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Autojumble: de Rendez-vous vun den Oldtimer
En alen Talbot vun der Post, an hannendrun en Unimog, deen nach guer net emol esoulaang an der Pensioun ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

An den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg war iwwert de Weekend eppes méi lass. Dofir gouf et e gudde Grond: Säit elo 38 Joer organiséiert déi Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (LOF) säin Autojumble, an de Succès vun dësem Event bleift ongebrach. An iwwer 5.000 Visiteure bestätegen dat.

Fir den Daachverband mat senge 57 Veräiner, ass et ee ganz wichtege Rendez-vous. Hei treffen sech déi „passionéiert“, déi wou och emol d‘Zopp kal gi loossen, wann eng Schrauf net esou wëll wéi se soll. Et sinn dës Memberen, déi sécherstellen, datt dat ganzt elo schonn 20 Joer ganz erfollegräich iwwert d‘Bühn geet.

Elo hat d‘Editioun 2019 vum Autojumble och nach eng kleng Iwwerraschung parat: dëst Joer feiert de Model „Ford Capri“ säi 50. Gebuertsdag. Verständlech, datt dem „Gebuertsdagskand“ zu Éieren e ganze Stand gewidmet ginn ass. Zu dësem Zweck huet Ford Köln, e Gefier vun „Zakspeed“ der LOF zur Verfügung gestallt.

De „Capri“ vun Zakspeed, eng reng Rennmaschinn, war am Zäitraum vun 1980-1983 mat dat brutaalst op de Rennstrecken, wat e sengerzäit konnt gesinn. Wou den Zakspeed-Capri matgefuer ass, huet hien de Pilot op de Podium gestallt. Géint dat Gefier war kee Kraut gewuess, do huet esouguer Porsche seng Reverenz missen zéien.

Autojumble

Artikel: Da ass schonn alles gesot…© Martine de Lagardère/moien.lu

Et gouf wéi gesot villes ze gesinn, an fir all Goût war eppes derbäi. Vum butzegen Englänner bis hin zum gewaltegen Amerikaner. Mee italienesch „Gëftsprëtzen“ an däitsch „Muskelprotzen“ haten sech och hir Plaz gemaach. Et gouf Busser, den ale Feierwon vum Fluchhafen, Aarbechtsgefierer vun der Post an Trakteren…

Zäit ass vergaangen, an iert ee sech ëmsinn hat war den Dag och schonn eriwwer. Do war d‘Freed grouss, datt een sech och nach e Sonndeg huet dierfen de Rescht ukucken. Den Deplacement jiddefalls huet sech gelount, a well jo dëst Joer nees uechtert d‘Land d‘Veräiner op hir „Treffen“ wäerten alueden, sollt ee sech um Lafenden halen.

Et dierf ee bei aller berechtegter Kritik un der Automobilindustrie (Dieselskandal, Klimawandel…) hei net vergiessen, datt déi Mënsche vill Zäit a Geld an hir al Gefierer stiechen, an esou och e Patrimoine erhalen deen nach ville Generatiounen zerguttst kënnt. Mir hunn nëmmen zefridde Gesiichter gesinn, gutt gelaacht a versprach 2020 nees luussen ze kommen.

Foto: Den Zakspeed-Capri, war sengerzäit net ze schloen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Autojumble, Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun, LOF, LuxExpo, The Box
Nächsten Artikel Virrechten Artikel