Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag
Kultur Neiegkeeten

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag

Eigentlech wollt de britesche Premierminister gëschter Neiwahlen duerchsetzen, dat mat

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Kultur Neiegkeeten

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel
Kultur Neiegkeeten

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel

Hie mécht grad Vakanz a Portugal an ass scheinbar selwer

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel

Grousse Kino ënnert fräiem Himmel, vermëscht mat enger Grëtz Nostalgie an der noutwenneger Distanz zum Noper: Den Autokino bitt grad elo zur Coronakris déi ideal Viraussetzungen, fir en Erliefnis ze woen a vun der räichhalteger Welt vun de Filmer profitéieren ze kënnen. Equipéiert mat Popcorn kann esou gemitterlech de Blockbuster an der rullender Privatloge bewonnert ginn.

Den éischten Autokino ass zwar schonn 1933 an den USA opgemaach ginn. Den Trend huet sech allerdéngs eréischt an de 50er a 60er Joren duerchgesat. Mir all hunn do wuel d’Bild vun enger frësch verléifte Koppel am Kapp, déi enk ëmschlongen op der Réckbänk vum Auto de Film esou hallef matkritt. Ma, och haut nach kënnt d’Gefill vu Sensatioun, dem Erliewe vun eppes Eenzegaartegem op, wann ee vum Gefier op den Ecran kuckt.

Autokino

Den éischten Autokino 1933 zu Pennsauken, New Jersey

Loosst se net ausstierwen!

Erafuere, Parken, Radio un a genéissen. Scho verréckt wéi einfach, gläichzäiteg och speziell esou een Autokino ass, an awer ass de Kino ënnert fräiem Himmel vum Ausstierwe bedreet. Dobäi huet d’Erliefnis vill Virdeeler ze bidden.

Zum engen kann een direkt mam eegene Gefier op d’Plaz fueren, de Sëtz an eng bequem Positioun ëmstellen, oder et sech souguer op der Réckbänk mat Këssen, Decken an engem Kuerf Iessen a Gedrénks bequem maachen. Duerch déi riseg Dimensioune vum Ecran huet een en gutt Siicht an den Toun, deen iwwert eng extra ageriicht Radio-Frequenz kënnt, ka vun der Lautstäerkt hir zu all Ament ugepasst ginn.

D’Privatloge léisst et zou, säi Popcorn esou haart ze knätsche wéi ee wëll, an der Chipstuut ronderëm ze wullen ouni béis Blécker zougeworf ze kréien an och dotëscht emol e Wuert mam Kolleg ze wiesselen. Iessen a Gedrénks kann ee sech selwer matbréngen, op der Plaz ginn et awer och Méiglechkeeten zur Verfleegung.

Autokino

© Shari Pleimelding/moien.lu

Jee no Autokino ass den Ticketspräis liicht méi héich, wéi am normale Kino. Mee si mir emol éierlech, deen Euro méi gëtt een hei gären aus. De Motor muss wärend dem Film aus sinn, wouduerch et bannen scho mol frësch ka ginn. Decken an/oder Jackette sollt ee sech also prett leeën. A jo, dotëscht wäert wuel den een oder aneren kuerz den Auto mussen umaache, fir de Radio nees unzekréien.

Wien d’Erliefnis Autokino wot, dee mierkt awer schnell, datt déi positiv Argumenter hei ervirstiechen. Bei dësem Wieder an grad no de Méint vum Confinement sollt een op alle Fall vum Kino ënnert fräiem Himmel, dee mat senger räichhalteger Offer Kleng a Grouss begeeschtert, profitéieren.

Um Iechternacher Séi, Bauhaus-Parking Capellen oder och zu Péiteng

Just fir eng begrenzten Zäit gëtt och zu Lëtzebuerg d’Aventure, ee Film vum eegene Gefier aus kucken ze kënnen, ugebueden. Schonn zënter 10 Joer ass de Ciné Sura um Iechternacher Séi engagéiert, den Autokino um Liewen ze halen. Trotz Restriktiounen duerch d’Pandemie wollt een d’Evenement net an d’Waasser fale loossen, freet sech dofir ëmsou méi iwwert déi ausverkafte Seancen direkt beim Waasser.

Autokino

Nach bis den 13. Juni kann een hei vun Action, iwwert Komedie a Musek bis hin zum Familljefilm vun enger breetgefächerter Offer profitéieren. An all Gefier dierfen 2 Erwuessener, respektiv eng Famill (Elteren mat Kand, all aus dem selwechten Haushalt) setzen. De Billjee kascht 9 € fir Erwuessener, 8 € fir Schüler a Studenten, oder och 28 € fir eng Famill (Elteren plus zwee Kanner).

Den Ticket muss am viraus bestallt ginn, seng Plaz fir den Auto kann een allerdéngs net reservéieren. Op der Plaz suergt frëndlecht Personal dofir, datt Dir richteg parkt a gutt op den Ecran gesitt. Donieft kann een am viraus e Menü, respektiv ee Snack bestellen, deen engem no der Entrée an de Grapp gedréckt gitt. Keng Angscht, et kann een och spontan nach eppes ze frupsen an ze drénke kafen. Eragelooss gitt Dir um 20:00 Auer, de Film fänkt un soubal et däischter ass.

Autokino

Beim Autokino Mamer genéisst Dir Äre Film vum Bauhaus-Parking zu Capellen aus. D’Gemeng Mamer, zesumme mat Caramba, bidden Iech hei vu Mëttwochs bis Samschdes jeeweils um 21:00 Auer eng Virstellung un, u Sonndeger a Feierdeeg souguer um 14:00 17:00 an 20:00 Auer. Pro Gefier bezilt een am Virverkaf 15 € (Kannerfilmer kaschten 10 €), eragelooss gitt Dir eng véierel Stonn ier de Film ufänkt.

Mat Foodtrucks ass fir Äert Wuel gesuergt, mee och hei gëllt et, sech un d’Hygiènes- a Sécherheetsmesuren ze halen. Nach bis de 5. Juli 2020 gëtt dat eemolegt Erliefnis ugebueden.

Autokino

Vum 3. bis den 23. Juni ass dann och d’Péitenger Carena mat am Spill. Um fréieren Eucosider Terrain bidden d’Gemeng Péiteng a Caramba Iech eng super Offer u Filmer fir Kleng a Grouss un. D’Präisser sinn selwecht wéi zu Capellen. Mat engem Snack Pack gëtt an engems eppes ze knabberen an ze drénken ugebueden.

Opmaacherbild: © Ciné Sura / Facebook

Ähnlech Sujeten Autokino, Bauhaus-Parking, Caramba, Ciné Sura, Erliefnis, Film, Iechternacher Séi, Kino, Mamer, Nostalgie, Pandemie, Péiteng, Popcorn, Snack
Nächsten Artikel Virrechten Artikel