Search

You may also like

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Auto Neiegkeeten WTF

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg
Auto Neiegkeeten WTF

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg

Um vergaangene Freideg huet de François Bausch, Vize-Premierminister a Verdeedegungsminister,

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid
Auto Neiegkeeten WTF

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch

surprise

Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen

Et waart een och op international Gesetzgebungen

Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen

An der Mobilitéit léisst sech de Fortschrëtt net ophalen. Google Cars an ähnlech Gefierer dominéieren d‘Noriichten. Dat mat guddem Grond: selwer fuerend Autoen faszinéieren net nëmmen duerch hir Technik. Nee, si verspriechen och méi Sécherheet op eise Stroossen. Mee zu Lëtzebuerg feelt hinnen nach de gesetzleche Kader. Dëst ass an der Äntwert vum Transportminister François Bausch op eng parlamentaresch Ufro vun den DP-Deputéierten Max Hahn a Claude Lamberty ze liesen.

Héich automatiséiert Gefierer wieren dobäi streng geholl net verbueden, esou laang een sech vun d‘europäesch Virgaben an un de Code de la Route hält. Den Auto misst deementspriechend ëmmer ënnert der Kontroll vum Chauffeur sinn.

De Minister verséchert, datt d‘Regierung dës technesch Entwécklungen verfollegt. Beamte vun der Ministère fir d‘Infrastruktur géingen un ënnerschiddlechen internationale Aarbechtsgruppen deelhuelen, dorënner de Weltwäite Forum fir d‘Stroossesécherheet an de weltwäite Forum fir d‘Harmoniséierung vun de Reglementer bezüglech de Gefierer.

D‘Entwécklung soll zu Lëtzebuerg net ausgebremst ginn. Dofir fuerscht een och an dësem Beräich.

D‘Verbreedung vu selwer fuerende Gefierer wier allerdéngs dovunner ofhängeg, datt international juristeg Instrumenter dofir ausgeschafft géinge ginn. Déi géifen deen Ament als eng Basis fir eng Reguléierung um nationale Plang hierhalen, esou de Minister a senger Äntwert.

[blocktext align=”left”]Och Lëtzebuerg féiert hei Recherchen duerch, ënnert anerem beim SnT.[/blocktext]Et wéilt een dës Entwécklung allerdéngs net ausbremsen, verséchert de Minister. Virun allem am Beräich vun der Fuerschung wëll een dofir suergen, datt et an Zukunft méi liicht gëtt, Erfarung ze sammelen. Esou soll e Reglement Grand-Ducale ausgeschafft ginn, deen et Fuerscher erlaabt, bei wëssenschaftlechen Testfaarten och mol béid Hänn dierfe vum Steier huelen. Dëst soll awer u streng Konditioune gebonne sinn, déi de Minister leider net ausféierlech beschreift.

Firwat sollen iwwerhaapt Testfaarte gemaach ginn? Hei soll Erfarung gesammelt ginn, fir datt een eng gesetzlech Reegelung besser ausschaffe kann. Et ginn esou beispillsweis Testfaarten op den Teststrecken ausgefouert. Och Lëtzebuerg féiert hei Recherchen duerch, ënnert anerem beim SnT.

Related topics Automatesch Gefierer, Claude Lamberty, François Bausch, Lëtzebuerg, Max Hahn
Next post Previous post