Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi d’Elteren hire verstuerwene Bouf op eng lescht Rees schécken
Auto Neiegkeeten https://moien.lu/free-dating-sites-surrey/

ex is dating a loser

Fir déi eng kënnt d’Enn vum Liewe leider méi schnell,

dating painting canvas
Auto Neiegkeeten https://moien.lu/free-dating-sites-surrey/

Landwirtschaftskummerwahlen: Hei sinn d’Resultater

Bei den desjärege Landwirtschaftskummerwahlen si Landwirten, Wënzer a Gäertner net

surprise
D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen
Auto Neiegkeeten https://moien.lu/free-dating-sites-surrey/

D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen

Wéi eng Roll spillt d’Gemeng an der Sozialpolitik? Déi Fro

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup

Eigentlech soll den däitsche Porsche Carrera Cup fir eise Lëtzebuerger Pilot vum Team Lechner Racing, dozou déngen Erfarung ze sammelen an den Auto op de Porsche Mobil 1 Supercup anzestellen. Dat muss dann awer net heeschen, datt ee „gemitterlech“ seng Ronnen dréint.

A wat heirënner ze verstoen ass, erkläert sech mat engem Podium an der éischter Plaz am Rookie-Klassement. Zu Zandvoort (Holland) goufen déi 9. an 10. Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup gefuer, an den Dylan Pereira huet esouwuel eis Landesfaarwen, wéi déi vu sengem Team gutt vertrueden. Mat engem breede Grinsen am Gesiicht, huet hien de Weekend ofgeschloss.

Scho beim fräien Training huet den Dylan Pereira bewisen, datt vill Kilometeren och vill Erfarung mat sech bréngen. Woubäi déi Kilometeren, wann se a Rennsituatioun gefuer ginn, vill méi wäert sinn, wéi wann ee géint sech selwer „ënnerwee“ wier. An dat kënnt natierlech och dem Auto entgéint. Säi Porsche GT3 Cup, kann op all Situatioun virbereet ginn, wat Sécherheet bréngt.

Wann de Chrono stëmmt…

An der Qualifikatioun huet sech de jonken Espoir vum Lëtzebuerger Automobilsport ervirgedoen. Am éischte Rennen op Startplaz 2, an op der drëtter an der zweeter Course: dat heescht et ass alles richteg gemaach ginn. D‘Team huet den Auto gutt agestallt kritt, an den Dylan Pereira konnt säi ganzt Kënnen ënner Beweis stellen. An datt hie kann, do besteet mëttlerweil keen Zweiwel méi.

Och de Start am éischte Rennen huet de Pilot vum Team Lechner Racing gewinnt gutt hikritt. Am zweeten Tour huet den Hollänner Jaap van Lagen de Lëtzebuerger „getéckt“. Den Dylan Pereira huet dorops hin seng zweet Plaz agebéisst. Et war dann awer e Manöver vum Hollänner, deen esou net wierklech als „incident de course“ kann duerchgoen, mee d‘Kommissären hunn näischt gesinn.

Den Auto hat och gelidden, a war fir de Recht vun der Course aus dem „Gläichgewiicht“. Trotz dëser éischter schlechter Noriicht fir d‘Team, huet de Lëtzebuerger Pilot op d‘Zänn gebass, an de Champion Michael Ammermüller hannert sech gehalen. Am 7. Tour, féiert den „Ausrutscher“ vum däitsche Sören Spreng, zu enger Safety-Car Phas.

Béis erféiert ginn

Wéi de Safety-Car d‘Streck nees verlooss, an d‘Course nees ugefaangen huet, koum et zu engem spektakulären Accident. Mat Vollgas op der „Linn d‘Arrivée“ huet sech dem Glenn van Parijs säi Porsche „selbstänneg“ gemaach, an ass an enger ongemittlecher Positioun um Daach geleeën. Dat war et dann. 8 Ronne viru „Schluss“ war dës Course eriwwer.

Eisen Espoir gëtt dann awer mat der drëtter Plaz belount, woubäi, well d‘Course net iwwert 50% vu senger Distanz gaangen ass, sinn keng Punkte fir de Generalklassement verdeelt ginn. Net direkt dramatesch, mee et hätt ee se nawell gäre matgeholl. An der Zweeter Course, wou de Lëtzebuerger op der 3. Startplaz gestanen huet, huet et gefisemt an d‘Streck ass rutscheg ginn.

Den Dylan Pereira ass dës Manche dann och entspriechend virsiichteg ugaangen. Vun hannen huet sech zwar den Drock opgebaut, mee dat huet eigentlech nëmmen derzou gefouert, datt eisen Espoir op déi virun him opgeschloss huet. Am 5. Tour huet de Sören Spreng, nees de Safety-Car op d‘Pist bestallt, a bei der Reprise vun der Course, ass de Lëtzebuerger vum Ten Voorde iwwerrascht ginn.

Domatter fält den Dylan Pereira op déi véiert Plaz zréck, séchert sech al erëm eng Victoire am Rookie-Klassement, déi hien elo onbestridden uféiert. Déi nächst Woch geet et dann nees virun mam Porsche Mobil 1 Supercup. Rendez-vous ass hei zu Spa-Francorchamps, wou de Lëtzebuerger mat senge Kollegen de Virprogramm vun der Formel 1 duerstellen.

Klassement 9. Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 3. Dylan Pereira (LU)

Klassement 10. Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup

  • 1. Jaap van Lagen (NL)
  • 4. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 5. Dylan Pereira (LU)

Klassement vun de Rookies:

  • 1. Dylan Pereira (LU) 159 Punkten
  • 2. Igor Wlalilko (PL) 138 Punkten
  • 3. Tim Zimmermann (DE) 117 Punkten

Porsche Carrera Cup Zandvoort

Race 1: https://www.youtube.com/watch?v=f8QAYbo9btk

Porsche Carrera Cup Allemagne Zandvoort

Race 2: https://www.youtube.com/watch?v=xBya6_3qHUU

Foto: © Kerkhof

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Mobil 1 Supercup, Zandvoort
Nächsten Artikel Virrechten Artikel