Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei
Angry International Neiegkeeten Sport

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei

Éisträich verlaangt vun der EU eng kloer Haltung géintiwwer der

cool
Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
Angry International Neiegkeeten Sport

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss
Angry International Neiegkeeten Sport

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss

Och zu Stroossen sinn d‘Gemengewahle „passé“ an laut dem Gemengegesetz

angry

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup um Red Bull Ring zu Spielberg an Éisträich, huet de Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira genotzt, fir sech weider op seng Deelnam am „Porsche Mobil 1 Supercup“ virzebereeden. An dëse Weekend sinn him dann och zwou spektakulär Course gelongen.

A scho beim Training huet sech ofgezeechent, dat de Pilot vu Lechner Racing gutt mat der Spëtzt konnt mathalen. Hien ass Zäite gefuer, déi him bei der éischter Course déi fënneft Plaz, a bei der zweeter Course déi drëtt Plaz an der Startopstellung erméiglecht hätten. „Hätten“ dowéinst, well déi exzellent Zäiten annuléiert goufen. Säin Team hat de Spritverbrauch net korrekt berechent.

Laut dem Reglement muss een d‘Qualifikatioun mat mindestens 2 Kg Bensin am Tank ofschléissen. Leider hunn am Porsche GT3 Cup Type 2 ganzer „89 Gramm“ gefeelt. Duerch dëse „Feeler“ bei der Berechnung, ass den Dylan Pereira op déi 31. Plaz a béide Course versat ginn.

Esou „Klengegkeeten“ sinn net déi beschte Viraussetzung fir an eng Course eranzegoen, an hei muss ee Verständnes hunn, dat de Pilot schonn emol e moraleschen Déifpunkt erreeche kann. Dat och, oder grad well et zwar net wichteg war an de Sënn hei matzefueren, jo e méi en intensiven Training fir d‘Course am Supercup, deen um gläiche Circuit gefuer gëtt, duergestallt huet.

Sech der Erausfuerderung gestallt

Mee den Dylan Pereira huet sech der Erausfuerderung gestallt, an trotz engem Start aus de leschte Reien, huet de Lëtzebuerger sech duerch eng fantastesch Fuerleeschtung ervirgedoen. Hien huet sech op sech konzentréiert an e Konkurrent nom aneren, deels ganz spektakulär, iwwerholl.

Esou war um Enn net verwonnerlech, datt nieft Talent a Kënnen, och kleng Réckschléi an der Course de jonke Pilot nezt aus der Bunn gehäit hunn. Wann den Dylan Pereira och an der éischter Course direkt nom Depart e puer Plaze gutt maache konnt, en Rennincident an der éischter Ronn – hien ass touchéiert ginn a vun der Piste ofkomm – hien nees op déi Lescht Plaz zeréckversat huet.

Dylan

Hien huet et daper ewechgestach an no 17 Ronnen ass hien nees bis Plaz 21 no vir gefuer. Et ass dann och „lëschteg“ mam Iwwerhuele weidergaangen, an d‘Spectateuren, déi him bei senger Ophueljuegd nogekuckt hunn, kruten eppes Gebueden. Um Enn war eng 9. Plaz e super Resultat.

An der 2. Course konnt den Dylan Pereira nees vum Start aus direkt ee puer Konkurrenten iwwerhuelen, a sech gutt an de Peloton aglidderen. Séier hat hien 12 Plaze guttgemaach, an zur Hallschent vun der Course hat hie sech schonn op der 8. Plaz positionéiert. Véier Tier virun der Arrivée: eng Beréierung, déi e Platten zur Folleg hat, wat zum Abandon gefouert huet.

Trotz dësem net glécklech verlafe Weekend, ass den Dylan Pereira nach ëmmer op der véierter Plaz vum Generalklassement am „Porsche Carrera Cup Däitschland“. An d‘Missioun „Training“ kann als positiv bewäert ginn. Sollt hie beim Supercup och esou eng Leeschtung weisen, wier dat Top.

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Michael Ammermüller (DE) 90 points
  • 2. Thomas Preining (AT) 64 points
  • 3. Larry ten Voorde (NL) 53 points
  • 4. Dylan Pereira (LU) 44 points

Videoen: Porsche Carrera Cup Red Bull Ring Race 1 a Race 2

Fotoen: © Porsche AG

Ähnlech Sujeten ACL Sport, Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    58

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0