Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LISER: 3. Forum vum bezuelbare Wunnraum
Auto International Neiegkeeten Sport

LISER: 3. Forum vum bezuelbare Wunnraum

Am Haus vun den Humanwëssenschaften um Universitéitscampus zu Esch-Belval, huet

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen
Auto International Neiegkeeten Sport

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen

Et ass nees un der Zäit fir d’Schüler vun de

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
Auto International Neiegkeeten Sport

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun dëser Rennsaison, an der „Vakanz“ ass, sammelt de Lëtzebuerger Espoir am däitsche Porsche Carrera Cup weider Erfarung. Dëse Weekend huet den Dylan Pereira un zwou Coursen um Nürburgring deelgeholl.

Bei den Essaien huet sech de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing vu senger beschter Säit gewisen, mee hie war eppes gurmangseg ënnerwee. Zwou vu senge Beschte Ronne sinn him gestrach ginn, well hien d‘Limitte vun der Pist net agehalen huet. Déi Tier déi him d‘Direktioun vun der Course unerkannt huet, hunn den Dylan op déi 9. respektiv 8. Startplaz vun de Manche gesat.

Am éischte Rennen huet den Dylan Pereira e super Start higeluecht, an iwwerhëlt, iert se sech kënnen ëmgesinn, véier Konkurrenten. An der Box war een zefridden an zouversiichtlech, mee éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi ee mengt. E Schlag, eigentlech e klengen, huet déi éischt Course beendegt: d‘Lenkseil vum Porsche GT3 Cup, war ze schwéier beschiedegt.

Déi 1. Course war am grousse Ganzen, vum aggressive Verhale vun de Piloten, gezeechent. Dat erkläert nëmme bedéngt den Abandon vun 8 Piloten aus engem Feld vu 27 Starter. Den Thomas Preining, dee vun der Pole-Positioun gestart war, konnt seng Leeschtung aus dem Training net bestätegen an huet sech vum Jaap van Lagen iwwerrasche gelooss, deen d‘Renne fir sech entscheet.

Nürburgring

© Porsche Carrera Cup Deutschland, Nürburgring 2018

An der 2. Course, nodeems nees alles um Gefier gefléckt ginn ass, huet den Dylan Pereira op e neits e super Depart op de Makadamm bruecht. An der éischter Kéier hat de Lëtzebuerger schonn emol 2 Géigner op d‘Plaze verwisen, fir sech am véierten Tour op Rang 5 erëmzefannen. Eng Plaz déi hien net méi sollt hir ginn, an him d‘Victoire am Klassement vun de Rookies abréngt.

Et ass dann nach wichteg drun ze erënneren, datt den däitsche Porsche Carrera Cup fir den Dylan Pereira, an éischter Linn geduecht ass fir Erfarung ze sammelen an ze trainéieren. Dat verhënnert awer net, datt de Pilot vu Lechner Racing, op enger gudder 6. Plaz am Generalklassement steet, an d‘Klassement vun de Rookies uféiert.

De nächste Weekend ass den Dylan Pereira um Circuit vun Zandvoort (Holland) ënnerwee, wou hien un zwou weidere Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup deel hëlt.

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT) 159 Punkten

Klassement vun de Rookies:

  • 1. Dylan Pereira (LU) 134 Punkten
  • 2. Igor Wlilko (PL) 118 Punkten
  • 3. Jean-Baptiste Simmenauer (FR) 108 Punkten

Videoen:

Porsche Carrera Cup Nürburgring Race 1:

https://www.youtube.com/watch?v=h4MgOV7OAs4

Porsche Carrera Cup Nürburgring Race 2:

https://www.youtube.com/watch?v=YwIgCh5B-io

Foto: © Porsche Carrera Cup Deutschland, Nürburgring 2018

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Nürburgring, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel