Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea
International Neiegkeeten

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Nodeems ze héiere war, datt Nord- a Südkorea bereet wieren

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech
International Neiegkeeten

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech

De Volleyball-Marathon vun der FLVB huet sech iwwer véier Deeg

Amerika wëll d‘Autonomie vun Hong Kong retten

Amerika wëll d‘Autonomie vun Hong Kong retten

Am Sträit ëm d‘Autonomie vun der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong, huet den Donald Trump en Dënschdeg e Sanktiounsgesetz géint China ënnerschriwwen. Iwwert dëse Wee gedenkt den US-President d‘Zentralregierung zu Peking zur Rechenschaft ze zéien.

Mat dësem Gesetz gëtt sech d‘US-Regierung nei Instrumenter, fir géint Persounen an Institutioune virzegoen, déi sech un de Fräiheete vun den Awunner vun Hong Kong vergräifen. Den US-Senat wéi och d‘Representantenhaus haten dëst „Autonomiegesetz“ fir Hong Kong am Virfeld eestëmmeg ugeholl. Mat dësem Gesetz kann de Besëtz vu Betraffenen an den USA „op Äis geluecht“ ginn.

Hong

Zudeem dierft dësen dann och d‘Arees an d‘USA verweigert ginn. Mee d‘Gesetz riicht sech net eenzeg an eleng ëm physesch a moralesch Persounen a China. Och géint auslännesch Banken, vun deenen d‘USA unhuelen, datt si derzou bäidroen, d‘Autonomie vun Hong Kong ze ënnergruewen, kënne Strofe verhaange ginn. Am Kontext vun der Prozedur huet den US-President dann nach eng Verfügung ënnerzeechent, déi d‘Virzuchsbehandlung vun der Sonnerverwaltungsregioun beendegt.

D‘Milliounemetropol géif elo wéi en Deel vu China behandelt, esou den Donald Trump. „Keng besonnesch Privilegien, keng gesënnert wirtschaftlech Behandlung a keen Export vu sensibelen Technologien“, esou den US-President. Dës Decisioun kënnt elo net ganz onerwaart, schonn Enn Mee hat Washington annoncéiert, Hong Kong wéinst der Amëschung vu Peking deen zimmlech virdeelhafte Rechtsstatut oferkennen ze wëllen. Dat betrëfft den Handel an de Persouneverkéier.

Fir d‘Regierung, de Senat an de Kongress ass dat fir Hong Kong erloosse Sécherheetsgesetz eng kloer Verletzung vun de mat Groussbritannien vereenbaarten Autonomie- a Fräiheetsrechter. D‘USA hunn sech schonn 2019 oppen zur Demokratiebeweegung bekannt, a sech esou och fir den Erhalt vun der Demokratie an der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun agesat.

HongEsou hat den US-Kongress zwee Gesetzer beschloss, déi d‘Protester an der asiatescher Metropol ënnerstëtze sollten. Den US-President hat dës Gesetzer am November ënnerschriwwen. Peking hat op dësen Affront reagéiert, a géint d‘Amëschung an intern Ugeleeënheete protestéiert. Mat dësem neie Gesetz dierft et elo awer net méi beim „Protest“ bleiwen, hei dierft et zu Géigewier kommen.

Verhandlungen op diplomateschem Niveau sinn allerdéngs den Ament keng virgesinn an och soss dierften d‘Spannungen tëscht den USA a China sech kaum verbesseren. Bei der klenger Zeremonie déi esou enger Ënnerschrëft ëmmer unhänglech ass, huet de Locataire aus dem Wäissen Haus op en Neits China fir d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 verantwortlech gemaach. Hien huet zugläich och ze verstoe ginn, datt kee Gespréich mam President Xi Jinping op der Agenda steet.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Hong Kong, Sanktiounsgesetz, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel