Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Sanktioune géint de Venezuela
International Neiegkeeten

hippies dating website

D’USA hunn dem Venezuela weider Sanktiounen operluecht. Domadder erhéijen se

who is uriel dating
International Neiegkeeten

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet

D‘Reform vun den Autorerechter ass duerch, d‘Länner hunn elo 2 Joer fir se ëmzesetzen

Landwirtschaft- a Fëschereiminister aus der EU zenséieren den Internet

Et war an ass e „krätzege“ Vott deen d‘EU Landwirtschaftsminister gëschter zu Lëtzebuerg op sech geholl hunn. Woubäi de Grondstee fir d‘Reform vum Europaparlament geluecht gi war. De Protest deen net ofgeholl war, an och déi ongezielten Appeller un d‘Minister sech dat nach emol gutt ze iwwerleeën, hunn d‘Blat net méi wenne kënnen.

Déi gréisste Kritik un der Copyrightreform berout um Asaz vu sougenannten Uploadfilter, géint déi sech och – zumindest um nationale Plang – vill Politiker ausgeschwat haten. Dat war den Experte gëschter zimlech egal, well si hu Politik op engem ganz aneren Niveau gemaach, a majoritär déi onséileg Direktiv ugeholl. Déi soll elo vun den EU-Länner bannent 2 Joer ëmgesat ginn.

 

Mat der Reform vun den Autorerechter wëll d‘EU-Kommissioun dat verstëbsten Autorerecht un den digitalen Zäitalter upassen. Woubäi et eigentlech drëms geet, datt déi „Kreativ“ fir hir Wierker déi si am Internet presentéieren, zukünfteg och dofir bezuelt (Tantiemen) ginn. Dat gëtt vu ville kritesch gesinn, an oft sinn et d‘Kënschtler selwer, déi esou hir Schwieregkeete mat der Direktiv hunn.

Lëtzebuerger Minister „Standhaft“

Interessant bei der Ofstëmmung gëschter: Holland, Polen, Italien, Finnland, Schweden a Lëtzebuerg hu géint d‘Direktive gestëmmt. Dobäi hätt een dat dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider net wierklech zougetraut. Dat ëmsou méi d‘Piratepartei en Appell un de Minister geriicht, an dësen opgefuerdert hat sech fir Report vum Vott anzesetzen. Dësem Sozialist ass kee Virworf ze maachen.

Autorerechter

Iwwersprange mir kuerz de Fait datt sech d‘Belsch, Slowenien an Estland enthalen hunn, a werfen e Bléck op déi Agrarminister déi „versot“ hunn. An hei geet de Virworf eendeiteg un Däitschland, dat sech just hätt enthale missen, fir eng Majoritéit ze verhënneren. Mee D‘Julia Klöckner (CDU) huet d‘Reform – mat vill Fachwëssen – wéi virgestallt ugeholl. Am eegene Land war d‘CDU dergéint…

Eng Fro vun der „Kompetenz“

Wat Online-Videoplattforme mat Landwirtschaftspolitik gemeinsam hunn erschléisst sech eis net, an deene meeschten dobaussen dierft et net anescht ergoen. Bis ewell huet d‘Autorerechtsreform an der Kompetenz vun den EU-Justizminister geleeën. An awer gëtt et en einfache Grond firwat sech d‘Landwirtschaftsminister mat der Ofstëmmung ze befaassen haten. Kléngt Komplex. Ass et och.

Un dëser Reform gett säit enger gefillter Éiwegkeet gedoktert, d‘Verhandlungen tëscht Parlament a Kommissioun waren „zéi“ an um Enn ass sech op e Kompromëss verstännegt ginn. Dëse gouf dann och vum Rot vun de Justizminister „ofgeseent“ (fir Däitschland huet d‘Sozialistin Katarina Barley zougestëmmt) wat zu weidere Protester a ganz Europa gefouert huet. D‘Message ass net ukomm.

Autorerechter

An eigentlech war domatter de formelle Prozess op EU-Niveau ofgeschloss. Et huet elo nach just missen dem finalen Text – deen elo an déi 24 Amtssprooche muss iwwersat ginn – gréng Luucht erdeelt ginn. Dat heescht et muss e legislative Schlusspunkt gesat ginn, an dofir ass et egal wéi een europäesche Ministerrot erbäigezu gëtt. Grad esou gutt hätt et d‘Transportminister treffe kënnen.

Bild: Nëmmen eng vun de ville satireschen Duerstellunge vun der däitscher Justizministesch Katarina Barley (SPD) déi am Internet zirukléiert. Hir „Koalitiouns-Frëndin“, d‘Landwirtschaftsministesch Julia Klöckner (CDU) huet et hir nogemaach. Interessant dem Julia seng Parteikollege waren – op nationalem Plang – „eigentlech“ géint dës Direktiv. Dat dierft en Impakt op d‘EU-Wahlen an Däitschland hunn.

Ähnlech Sujeten Autorerechter, Copyrightreform, EU- EU-Landwirtschaftsminister, Julia Klöckner, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel