Search

You may also like

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass
Neiegkeeten Sport

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass

Et huet ëmmer scho Kanner ginn, déi „net esou séier“

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht

De Klassiker „Imagine“ vum Beatles Sänger, John Lennon, ass haut

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt
Neiegkeeten Sport

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt

Et ass dee jéngste landeswäite Mëssbrauch deen d‘Enquêteure vun der

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019

Ze rennen, wéi ee Biischtebënner huet sech fir verschiddener vun eis gelount. Um Samschdeg sinn nämlech déi bescht Piloten a Pilotinnen aus dem Automobilsport vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) ausgezeechent ginn. Eng 400 Éieregäscht, dorënner och de Premierminister Xavier Bettel, wollten sech de rasante Spaass an dat exzellent Iessen net entgoe loossen.

Fir awer emol an d’Schnellegkeet vun de ville Päerd eranzekommen, huet den President vum ACL, den Dr. Yves Wagner e puer alaudend Wierder gesot. Schwätzt ee vum Automobilsport, da kënnt een ëm d’Sécherheet vun alle Bedeelegten net ronderëm. Et kann ee sech also glécklech schätzen, datt sech mat de Jore vun de Pneuen, iwwert den ABS oder och de Sécherheetsgurt esou munches gedoen huet.

Heibäi ass hie besonnesch op de belschen Autorennfuerer Jacky Ickx agaangen, deen och am Automobilssport d’Wichtegkeet vum Gurt gesinn huet an esou bei enger Course zwar als leschte gestart ass, allerdéngs als Vainqueur ervirtriede konnt. Ma kucke mir dann och nach beim ekologeschen Aspekt, wou ee sech natierlech och konstant verbessere wëll. Et géif een, sou de President, och scho wierklech gutt drop oppassen, datt keng Kéisécker, Schleeken a Fräsche bei de Coursen iwwerrannt ginn. Puhh, do kann een jo elo berouegt sinn!

Autosportler vum Joer

© Martine de Lagardère/moien.lu

Och eng Course fir Lëtzebuerg?

Mam Premier Xavier Bettel hat een och endlech emol ee Gaascht vun der Regierung am Sall. Hie selwer huet awer direkt ze verstoe ginn, datt de Beräich vum Rennsport hie mat Bewonnerung péckt, perséinlech wiere seng Kenntnisser an dësem Secteur awer begrenzt. Ëmsou méi bléckt hien op d’Passioun vun de Fuerer, op de Support vun der Famill an de Frënn vun de Piloten an de Respekt vis-a-vis vun der Strooss, dem Sport an anere Fuerer erop.

Mee wéi wier et dann emol mat enger Course fir de Groussherzogtum? Laut dem Premier kënnt d’Fro ëmmer nees op, allerdéngs wier konkret nach näischt virgesinn. An engem éischte Schrëtt géifen zuelräich Partner gebraucht ginn, fir mam Plangen unzefänken. Säitens der Regierung wéilt een hei awer keng Steng an de Wee leeën (och besser esou, wann een herno mam Gefier iwwert d’Pist fiert).

Autosportler vum Joer

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Laureater 2019 – D’Crème vum Lëtzebuerger Automobilsport

Championnat du Luxembourg des Circuits

  1. Tommy Rollinger
  2. Mike Schmit

Championnat du Luxembourg des Rallyes – Trophée Nicolas Koob

Piloten

  1. Grégoire Munster
  2. Steve Fernandes

Copilot

  1. Michèle Brachtenbach

Championnat du Luxembourg des Slaloms

  1. Tommy Rollinger
  2. Daniel Donkels
  3. Romain Ciuca

Coupe de Luxembourg des Rallyes

Piloten

  1. Andy Schaus
  2. Sam Weimerskirch
  3. Eric Thill

Kopilot

  1. Chris Stijnen
  2. Ken Krüger-Gengler

Championnat du Luxembourg Debutants – Trophée Pierre-Paul Schleimer

  1. François Flammang
  2. Chris Klein
  3. Sam Prickaerts

Championnat du Luxembourg des Courses de Cote – Trophée Honoré Wagner

Kategorie 1

  1. Canio Marchione
  2. Nico Schilling
  3. Charles Valentiny

Kategorie 2

  1. Daniel Donkels
  2. Henri Turk
  3. Tania Flammang

Championnat du Luxembourg des Dames

  1. Sandra Becker
  2. Ivana Becker
  3. Monique Becker

Trophée pour Rallyes de Regularité Historiques

Piloten

  1. Patrick Lambert
  2. Etienne Heirens

Kopilot

  1. Armand Doijen

Championnat du Luxembourg de Karting – Challenge Maurice Benoy

  1. Lynn Even

Championnat du Luxembourg de Karting

Cadet

  1. Pol Leytem

Nationale

  1. Lynn Even
  2. Enzo Richer
  3. Damein Borges Marques

Senior

  1. Zoé Knebler
  2. Kim Longhino
  3. Michel Hertel

Master

  1. Gilles Leyers

KZ2 Master

  1. Canio Marchione

X30 Mater

  1. Alain Bazard
Autosportler vum Joer

D’Laureater vum Championnat du Luxembourg de Karting© Martine de Lagardère/moien.lu

Mérite Sportif ACL

Autodis Team Target Competition, Alain Bazard, Daniel Bohr, Christian Crucifix, Guy Demuth, DKR Engineering, Euipage Patrick Gengler / Ken Krüger-Gengler, Steve Fernandes, Maxime Furon-Castelain, Steve Haentges, Steve Jans, Gil Linster, Dylan Pereira, Kevin Peters, Hary Putz, Carlos Rivas, Andy Schaus, Clément Seyler

Lauréats Jubilé

Robert Benoy, Steve Braun, Théo Brodala, Christian Hauser, Léon Linden

Prix du Fair Play

Sam Weimerskirch

Autosportler vum Joer

Prix du Fair Play © Martine de Lagardère/moien.lu

Prix d’Honeur MEDIA

Roby Raus

Mérite pour Ecuries

  • Union des Pilotes
  • Roude Léiw
  • HSRCL
Autosportler vum Joer

(v.l.n.r.) Alain Pier, Union des pilotes; Marc Joseph, President vum ACL Sport, roude leiw (andré foxius), Tun Da Fonseca, HSRCL © Martine de Lagardère/moien.lu

Preselektioun fir den Autosportler vum Joer 2019

Guy Demuth, Daniel Donkels, Steve Fernandes, Steve Jans, Gil Linster, Canio Marchione, Dylan Pereira, Carlos Rivas, Tommy Rollinger, Andy Schaus, Clément Seyler

An den Autosportler vum Joer 2019 ass den DYLAN PEREIRA! De Lëtzebuerger Pilot huet sech am vergaangene Joer super gemaach an huet dës Auszeechnung mat Recht gewonnen. Mir gratuléieren!

Dir verfollegt dem Dylan Pereira seng Coursen? Da kéinten Iech dës Artikelen och interesséieren:

 

Related topics ACL, Auszeechnung, Auto, Automobilsport, Autosportler vum Joer 2019, Casino 2000, Dr. Yves Wagner, Dylan Pereira, Jacky Ickx, Lëtzebuerger Automobilclub, Munneref, Porsche, Rennsport, Zoé Knebler
Next post Previous post