Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint
Neiegkeeten

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint

Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen, huet de CSV-Nationalcomité e

E leckere Krimi fir tëschenduerch
Neiegkeeten

E leckere Krimi fir tëschenduerch

Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord heescht d’Buch vum Sonja Birgmann. Op

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Avis fir de Public: Virgeluechte Behandlungszenter an der Rockhal säit 14 Auer operationell

Avis fir de Public: Virgeluechte Behandlungszenter an der Rockhal säit 14 Auer operationell

D‘Stad Esch informéiert, datt nodeems de Gesondheetsministère (elo an der Phas II) decidéiert huet, d‘Maison Médicales ze entlaaschten, an eng besser Opnam vun de Mënsche mat Verdacht op eng Infektioun mam Coronavirus Covid19 sécherzestellen, datt de virgeluechte Behandlungszenter (Centre de soins avancés) haut de Mëtteg an der Rockhal op Belval ab 14 Auer operationell ass.

 

Dësen Zenter ass all Dag vu Mueres 8 bis Owes 20 Auer op. De Wee dohinner ass op alle grousse Verkéiersweeër ausgewisen. (aus de Richtungen: Esch Zentrum, Esch Belval/Homecht an Bieles / Zolwer. Wien den Auto benotzt fir dohinner ze fueren, deen ass gebiede säi Gefier am Parking vun den CFL, Belval-Strooss, L-4024 Esch-Uelzecht, ze benotzen. Weider Informatioune gëtt et wéi gewinnt um Internetsite vun der Stad Esch. (Deen an der LuxExpo um Kierchbierg ass schon op)

Illustratioun: © Drew Hays / unsplash

Ähnlech Sujeten Centre de soins avancés, Coronavirus, Covid19, Esch-Uelzecht, Rockhal. Pandemie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel