Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Neiegkeeten

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!
Neiegkeeten

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!

Nodeems de Lëtzebuerger Ausseministère gëschter virun onnéidegen Auslandsreesen ofgeroden huet,

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!
Neiegkeeten

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!

Gëschter Owend war am Naturmusée am Gronn déi grouss Feier

D‘Salariatskummer huet en Avis zum Budget

D‘Salariatskummer huet en Avis zum Budget

Wann d‘Koalitiounsregierung déi eegens gesate Prioritéiten: Klimawandel, Zukunftsinvestitiounen a Liewensqualitéit géif eescht huelen, da misst dëse Budget anescht ausgesinn. Dat zumindest ass de Standpunkt vun der Salariatskummer (CSL). Läit do den Dissens schonn an der Luucht?

Gëschter Mueren an der Salariatskummer, hunn déi dräi Haaptacteure vun der CSL, de Sylvain Hoffmann (Direkter), de Jean-Claude Reding (Vizepresident) an d‘Nora Back (Presidentin) den Avis vun hirer Institutioun zum Budget 2020 op den Dësch geluecht. An et ass dann och direkt zolidd mat der (verbaler) Fauscht op den Dësch gehae ginn.

Esou wéi de Budgets-Projet virleie géif, géif keng vun de Prioritéiten déi d‘Regierung annoncéiert hätt, berécksiichtegt. Esou de knallhaarde Fazit vum CSL-Direkter, no enger ëmfaassender Analys vun den ëffentleche Finanzen an dem sozioekonomesche Kontext. An dat fänkt dann och scho mam Klima an der „Dekarbonisatioun“ vun der Wirtschaft un.

Zudeem, an dorobber leet de Sylvain Hoffmann grousse Wäert, géif d‘CSL sech voll a ganz hannert de Projet vun enger karbonneutraler Wirtschaft stellen. Déi awer dierft net anhier goen, mat enger „indirekter Steiererhéijung oder Taxatioun“, esou wéi se beispillsweis mat der Erhéijung vun den Accisen op d‘Pëtrolspräisser am Budget virgesinn ass.

D‘Salariatskummer setzt sech an fir eng „sozial Begleedung“ am Kontext vun enger noutwenneger Transitioun zu enger karbonneutraler Wirtschaft. Anescht ausgedréckt: et verwiert ee sech dem gängege Prinzip, datt et nees de Lounofhängegen zougemutt gëtt, d‘Käschte vun der energetescher Transitioun mat hirer Hänn Aarbecht ze iwwerhuelen.

Bei den „Investitiounen an d‘Zukunft“ stellen sech och eng Rei Froen, besonnesch wann ee wéilt berécksiichtegen, datt eist Land am Kontext vun der wirtschaftlecher, sozialer an ekologescher Entwécklung an der ugestriefter Verbesserung vun de Sozialleeschtungen (dat fir den eklatanten Ongerechtegkeeten ze begéinen) seng Ziler am A behale misst.

Den ëffentleche Finanze géif et jo esou schlecht net goen a géintiwwer den aneren EU-Länner wier ee wiesentlech besser opgestallt. Woubäi een dat awer eppes relativiséiere muss, zumindest wann ee sech op d‘Konklusioune vum nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) berifft, an deem der Regierung hire makroekonomeschen Zeenario net gutt ewech kënnt.

Bei der drëtter Prioritéit, déi eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit brénge sollt, huet d‘CSL nach ee puer Revendicatiounen: bezuelbare Wunnraum, fir all Bierger zougänglech ëffentlech Déngschtleeschtungen an eng qualitativ Entwécklung vum ëffentlechen Transport. Dozou gehéiert awer och den Ausbau vun den Infrastrukturen…

En „Ausbau“ deen net op déi liicht Schëller dierf geholl ginn, firwat nach festgehale gëtt, datt een eng déifgräifend Reflexioun zum Amenagement vum Territoire muss ugoen, an där och de Realitéite vun der Groussregioun Rechnung ze droe wier. Wéi eng „Realitéite“ gemengt sinn gouf net erläutert. Wichteg wier et dann och d‘Ongerechtegkeeten ze bekämpfen…

Foto: © CHD

Ähnlech Sujeten Avis, Budget 2020, CSL, Koalitiounsregierung, Salariatskummer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel