Search

You may also like

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
Neiegkeeten Sport

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil
Neiegkeeten Sport

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21.

Kopstal Jazz Champions League de 5.Abrëll!
Neiegkeeten Sport

Kopstal Jazz Champions League de 5.Abrëll!

Dir sidd begeeschtert vu rhythmescher Musek, experimentéierfreedege Käpp an afalsräicher

Huet den ACL d’Wuert „Diskriminatioun“ mëssverstanen?

Huet den ACL d’Wuert „Diskriminatioun“ mëssverstanen?

D’Lëtzebuerger Vëlos-Initiative (LVI) freet sech iwwert dem ACL seng Beméiunge fir den Image vum Club allen Aarte vu Fortbeweegungsmëttel hin opzemaachen. Trotz de villen Efforte gi si d’Gefill net lass, datt een nach ëmmer fäert, fir dem Foussgänger a Cyclist Plaz ze bidden.

De Lëtzebuerger Automobilsclub weist net nëmmen Ënnerstëtzung bei de Fuerderunge vu ProVelo fir déi national Vëlospisten auszebauen, mee bitt mëttlerweil och speziell Servicer fir Cyclisten, z.B. Bike Assistance un. E gutt Zesummeliewen tëscht alle Persounen am Verkéier soll am Virdergrond stoen. Ganz konsequent ass een dobäi awer net.

Mam Vëlosummer 2020 hat een de Cyclisten an Touristen nei Méiglechkeete gebueden, fir d’Land um Drotiesel kennenzeléieren. Natierlech gouf ee mat enger Rei Schwieregkeete konfrontéiert, mee all Problem kann ee léisen, a schliisslech léiert een esou fir déi nächst Editioun bäi.

Iwwert déi domat verbonnen temporär Spärung vu verschidde Stroossenofschnëtter war den ACL guer net amuséiert. Den Ëmwee vu 5 Minutten hätt den ACL als „Diskriminatioun“ géigeniwwer den Automobilisten empfonnt. Dobäi geet bei guddem Wieder a steigenden Temperaturen de motoriséierte Verkéier zeréck, dofir gesäit een awer méi Vëloen op eise Stroossen.

All Dag erliewe Foussgänger a Vëlosfuerer Onannehmlechkeeten, wärend d’Automobiliste wärend engem Mount kleng Aschränkungen haten. An nach ëmmer gëtt hei am Land esou geplangt, datt de motoriséierte Verkéier Prioritéit huet a fléissend lafe soll, ier een un déi aner Kategorien – déi aktiv Mobilitéit denkt. Fir d’LVI ass dat déi wierklech Diskriminatioun.

„Wann den ACL wierklech a Richtung Mobilitéitsclub wiessele wëll, hoffe mir, datt si sech bewosst sinn, datt d’Bidde vun Ënnerstëtzung bei der Neiverdeelung vum Stroosseraum, der aktiver Mobilitéit Prioritéiten ze ginn a Beschränkunge fir de motoriséierten Trafic opzestellen, an Zukunft onëmgänglech gëtt“, sou d’LVI a sengem Schreiwes.

Hei fannt Dir dat offiziellt Schreiwes (PDF).

Related topics ACL, aktiv Mobilitéit, Kritik, Lëtzebu, Lëtzebuerger Automobilclub, LVI, motoriséierten Trafic, Vëlosummer 2020
Next post Previous post