Search

You may also like

Norden: Toperten hunn néng Beem ofgeseet
Neiegkeeten

Norden: Toperten hunn néng Beem ofgeseet

Wat verschidde Leit esou duerch de Kapp geet, ass oftmools

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck
Neiegkeeten

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare ass gëschter

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!
Neiegkeeten

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Dës läscht souz ech zesumme mat Kollegen op enger Terrasse.

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer

Ob de Stroossen am Land gëtt et nach ëmmer vill ze vill Doudeger a Blesséierter

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer

D‘Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route ass ee wichtegen Dag, woubäi et net nëmmen op dësem Dag ubruecht ass d‘Mëssstänn op eise Stroossen ze denoncéieren. Fir den AVR ass et grondsätzlech wichteg iwwert dat ganzt Joer Sensibiliséierungscampagnen ze maachen.

AVR

9 Helmer als Symbol fir déi 2018 verstuerwe Biker an nach emol 72 Händsche fir déi 72 Schwéierblesséiert Motocyclisten © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou ass et verständlech, datt et fir de President vun der „Association Nationale des Victimes de la Route“ (AVR), Raymond Schintgen, mee och fir seng Memberen a Matstreider, frustréierend ass sech dem Bilan mat den Accidenter am Stroosseverkéier vun 2018 unzehuelen. Frust och, well vill Aarbecht an Energie vun all den Acteuren an d‘Verkéierssécherheet gestach ginn ass. Dat esouwuel fir Léisungen ze fanne wéi d‘Situatioun am allgemengen ze verbesseren.

An 2018 war kee gutt Joer: mat 36 Doudeger, 273 Schwéierblesséierter an 945 Liichtblesséierter kann een d‘Suerge vum AVR verstoen. Dat besonnesch wou gewosst ass, dat bei Accidenter mat Schwéierblesséierten eng Laangzäitbetreiung noutwenneg ass, wat dann och den AVR u seng Grenze bréngt. An dat misst an deenen allermeeschte Fäll guer net sinn, wann een sech géif un déi gülteg „Spillregelen“ halen. Et gëtt dobäi och ëm de Respekt vun anere wéi géintiwwer sech selwer.

AVR

Den AVR-President Raymond Schintgen: „Déi betraffe Famillje brauchen eng professionell Ënnerstëtzung, an déi fannen si beim AVR. Mir sinn an dësem Kontext ganz frou, datt mir iwwert de Familljeministère an der Konventioun eis Ekipp verstäerke konnten. Déi betraffe Familljen an Affer hunn e Recht op eng professionell Betreiung“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nach ëmmer sinn d‘Vitesse an den Alkohol d‘Haaptursaache fir all dat Leed dat geschitt. An esou huet den AVR-President duerchaus Recht ze begréissen, datt ëmmer méi Alkoholkontrolle vum Parquet ugeuerdent ginn. „Mir sinn um richtege Wee wat den Alkohol ugeet“, esou de Raymond Schintgen „et ginn dann Haut genuch Méiglechkeeten sech bequem dohinner féieren ze loosse fir mat Frënn a Bekannten ze feieren“. Stëmmt d‘Busser an d‘Zich fuere bis an d‘Nuecht eran…

Bréissel huet och entscheet

Wann ee sech och muenchmol iwwer „déi zu Bréissel“ iergert, esou konnt den AVR eng Decisioun déi getraff gouf awer nëmme begréissen. Esou gouf vun der EU-Kommissioun entscheet, datt ab dem Joer 2022 all neien Auto muss eng Virriichtung hunn, déi et erlaabt e sougenannten „Alcolock“ anzebauen. Bis ewell bitt just Volvo den Abau esou engem System un (Alcoguard) mee och déi aner schaffen u Solutiounen. Esou e System ka jee no Mark tëscht 1.000 an 2.000 Euro kaschten

Wat d‘Vitesse ugeet, esou ass den AVR-President der Usiicht, datt mir nach ëmmer um richtege Wee sinn an hie huet e do Rot: „…amplaz är ganz Energie a Gedanken doranner ze stiechen, wat ze maachen ass fir d‘Reegelen ze ëmgoen, domadder géint de Code de la Route verstousst an esou iech wéi och anerer bewosst a Gefor bréngt, wier et besser dir géift matschaffen“. Den AVR ass dann och net d‘Accord, war behaapt gëtt, datt d‘Radaren do wiere fir d‘Staatskeess ze fëllen.

AVR

Den Tourismus- a Mëttelstandsminister huet och drop higewisen, wéi wichteg et ass ëmmer nees ze weisen, datt hannert den „Zuelen“ och Mënsche stinn, Schicksaler déi ganz Familljen an d‘Leed bréngen. Dat mat der „Vision Zero“ ass dann och ee gesellschaftlechen Usproch un deem all Mënsch matwierke muss. A generell gëllt nach ëmmer, datt all Affer en Affer ze vill ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi sinn opgeriicht ginn, well d‘Leit sech net un d‘Reegelen hale wëllen. „Haalt iech d‘Vitesse, da kritt de Staat näischt an d‘Kees“, esou de Raymond Schintgen. Un d‘Adress vun de Kritiker: „Näischt maachen, ass de falsche Wee. Wann déi lescht Joren näischt gemaach gi wier, da wier de Bilan net nëmme katastrophal, mee extrem dramatesch“. Zur Erënnerung: wéi den AVR gerënnt gouf (1992) hat et nach 79 Doudeger a 486 Schwéierblesséierter op eise Stroosse ginn.

Dommt Geschwätz hëlleft kengem

Tëscht 1992 an 2019 huet et op de Stroossen 1.366 Doudeger an 9.359 Schwéierblesséierter ginn. Vill vun de Familljen an Affer hu sech beim AVR Hëllef gefrot an och kritt. An de President leet nach eng no a betount, datt d‘Associatioun näischt géint konstruktiv Kritik huet. Hie bezitt sech hei op déi sougenannt sozial Netzwierker (Facebook, Twitter & Co.) wou ganz oft d‘Commentaire guer näischt mat“konstruktiv“ um Hutt hunn. Dat ass net nëmme bedauerlech, dat ass kontraproduktiv.

Den AVR-President gëtt de ville „Kritiker“ mat op de Wee, sech gutt ze iwwerleeë wat si vu Commentaire vu sech ginn. An déi, wou vu sech iwwerzeegt sinn alles besser ze wëssen, sollten sech beim AVR mellen a matschaffen, statt sech am Netz hannert engem Pseudo ze verstoppen. Haut awer war et emol wichteg nees drun ze erënneren, datt jiddereen deen um Stroosseverkéier deelhëlt sech och un d‘Reegelen ze halen huet. Material léisst sech bekanntlech ersetzen…

AVR

E flotte Scheck deen d‘Charity Bikers do matbruecht haten. An den AVR huet och schonn eng Verwendung fir dës Zouwennung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Am Kontext vun der Zeremonie huet et nach en Temoignage ginn an d‘Romaine Hendel-Thorn huet drop higewisen, datt all véierten Doudegen an all drëtte Schwéierblesséierten ee Biker war. Dat war och den „Charity Bikers“ en Uleies, firwat si am September en Stärentour fir de gudden Zweck organiséiert hunn. Si konnten 3.600 Euro asammelen, an déi goufen dem AVR haut dann och offiziell iwwerreecht. Et war dann och ugekënnegt dinn, datt si dat 2020 widderhuele wäerten.

Foto: D‘Monument op der Plaz vun der Erënnerung un d‘Stroosseverkéiersaffer. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics AVR, Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route, Lex Delles, Raymond Schintgen, Verkéierssécherheet
Next post Previous post