Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng
40 Joer jonk, Papp vun zwee Kanner an nach ëmmer
E Gidderzuch vun der Schwäizer BLS ass onwäit der Schwäizer
Op engem eenzegaartegen a moderne Site regruppéiert d’Nationalbibliothéik seng ganz Sammlungen un Documentairen a Servicer. Duerch déi nei Konstruktioun konnten endlech strukturell Problemer, déi duerch Defiziter vun der fréierer Infrastruktur ausgeléist goufe, behuewe ginn. Zudeem stinn déi noutwenneg Equipementer ab elo zur Verfügung, fir esou d’Missioun a senger ganzer Qualitéit unzegoen.
Nieft der Aufgab, eng zouverlässeg Plattform mat literaresche Wierker, Documentairen, a villem méi ze verkierperen, empfänkt a schützt d’BnL och de geschriwwenen nationale Patrimoine.
Nodeems am Juni 2014 den éischte Spuedestéch gesat ginn ass, konnten elo, no méi wéi 10 Joer Planung, 5 Joer Chantier a 4 Méint fir ze Plënneren, méi wéi 40 km Dokumenter eng sécher Plaz fannen. Zënter dem 1. Oktober huet déi nei Nationalbibliothéik seng Diere fir d’Ëffentlechkeet op.
© Martine de Lagardère/moien.lu
Dat neit Gebai vun der BnL erméiglecht et den alldeegleche Fonctionnement vun esou enger grousser Ariichtung ze erliichteren. Geséchert a klimatiséiert Beräicher konservéiere patrimonial Bicher, mëttelalterlech Manuskripter, Kaarten a Pläng, Affichen, Postkaarten a villes méi.
Am Liessall kënnen iwwert 300.000 Wierker direkt duerchbliedert ginn. Donieft fënnt een – fir ganz komplett ze sinn – ëmmer méi Dokumenter an digitaler Form. Dobäi kënnt nach een Ausstellungssall, ee Beräich fir Konferenzen, sou wéi eng kleng Cafeteria.
© Martine de Lagardère/moien.lu
Um kommende Weekend organiséiert d’Nationalbibliothéik eng grouss Porte Ouverte. Um Programm stinn ënnert anerem Touren duerch d’Gebai, Workshops vun ebooks.lu an a-z.lu, eng Presentatioun vum Luxembourg Webarchive, Musek, Street Food oder och Animatioun fir Kleng a Grouss.
Vum 20. bis den 23. Oktober wäert den International Coalition of Library Konsortia (ICOLC) an der neier Infrastruktur um Kierchbierg stattfannen. Beim ICOLC handelt et sech ëm een informelle Reseau, deen aktuell 200 Consortia vun de weltwäite Bibliothéike regruppéiert, woubäi een wärend dem Evenement virun allem d’Gestioun vun den numeresche Lizenzen an d’Transitioun zum Open Access vun de wëssenschaftleche Publikatioune behandele wäert.
Um 12. November 2019 gëtt, a Kollaboratioun mat den nationalen Archiver (AnLux) an dem CNA, d’Konferenz „Content Risk“ organiséiert. Am Kader vum Digital Preservation Day gi presentéieren AnLux, den CNA an d’BnL hir Aktivitéiten, déi un déi verschidden digital Medie gebonne sinn a lueden zur Diskussioun an.
Um 16. a 17. November wäert d’Nationalbibliothéik op de Walfer Bicherdeeg present sinn.
© Martine de Lagardère/moien.lu
Entworf gouf déi nei Nationalbibliothéik vun den Architekte Bolles+Wilson aus Münster (D) a WW+Architects vun Esch-Uelzecht. Den Terrain huet eng Gesamtfläch vun 1,6 Hekar, woubäi eleng d’Bibliothéik 24.000 m² anhält. Am Dossier vun 2014 louch de Budget fir de Bau bei 112.171.000 €. Um 21. Mäerz 2013 gouf den éischte Vott organiséiert, de Chantier sollt ee Joer drop starten
Weider Informatiounen zur neier Nationalbibliothéik, den Ëffnungszäiten, de Wierker a villem méi kritt Dir ënnert www.bnl.lu.
Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu