Search

You may also like

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft
Neiegkeeten

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

Krus de mat? De Wocheréckbléck als Quiz! (Woch vum 27. November)
Neiegkeeten

Krus de mat? De Wocheréckbléck als Quiz! (Woch vum 27. November)

[onionbuzz quiz-id=67][/onionbuzz] Eng weider Woch ass laanscht, an et huet

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe
Neiegkeeten

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe

Den Dossier Guardian Europe (Luxguard Diddeleng a Käerjeng) ass där

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul

Obschonns déi nei Zentralschoul a Clausen zanter der Rentrée vum 15. September a Betrib ass, an et och laang genuch gedauert huet bis se dann endlech fäerdeg war, konnt se op dësem Méindeg eréischt offiziell ageweit ginn.

Dat huet der eigentlecher Freed iwwert déi nei Schoul awer keen Ofbroch gedoen. Mat Plakater „Merci fir déi nei Schoul“ a „Wëllkomm“ hunn d‘Schüler an d‘Léierpersonal d‘Aweiung vun der Clausener Zentralschoul mam Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zelebréiert. Drop gewaart haten si gutt néng an en halleft Joer. Dat ass déi Zäit déi vergaange war vun der Ausschreiwung vum Architekteconcours bis zur Erëffnung.

Eng vun den Ursaachen déi fir déi vill Zäit ugefouert ginn ass, bezitt sech op d‘Expertis déi d‘Stad Lëtzebuerg bei der UNESCO ugefrot hat. Eng Expertis déi zur Folleg hat, datt den Dach anescht an eng Terrass ugebaut gi sinn. Mee elo steet se an se kann sech och wierklech weisen.

Gutt léieren an engem schéinen Ëmfeld

Geleeën an der Montée vu Clausen, besteet déi nei Zentralschoul aus zwee Gebaier an L-Form. Se bestécht duerch hir schéi gliese Fassaden an hell Faarwen. Besicht gëtt d‘Schoul zu Clausen vun de Kanner aus de Quartieren: Clausen, Neiduerf, Grond, Pafendall an Uewerstad.

16 Schoulsäll sinn eleng fir de Cycle 2 bis 4 virgesinn.

16 Schoulsäll sinn eleng fir de Cycle 2 bis 4 virgesinn. Déi sinn am gréisste vun den zwee Gebaier ënnerbruecht, an dat op den ieweschte Stäck. Vill Plaz bidden dann och zousätzlech Säll a Raimlechkeete. Um Parterre si multifunktionell Säll, e Bastelraum, eng Bibliothéik, d‘Zëmmer fir d‘Enseignanten an e Raum fir Versammlungen ënnerbruecht. D‘Technik verstoppt sech am Keller.

Fir de Cycle 1 (Precoce a Spillschoul) sinn fënnef Klassesäll ageriicht ginn. Ee vun de Säll, d‘Kiche fir d‘Butzen an e Raum fir ze roue befannen sech an dësem Gebai um Parterre. Déi weider Raim sinn um éischte Stack, wou d‘Kanner an d‘Léierpersonal zousätzlech vun der grousser Terrass, déi zur Uelzecht ausgeriicht ass, déi frësch Loft genéisse kënnen.

Alles fäerdeg? Net ganz…

Wéi et bei neie Saache scho bal Usus ass, stécht den Däiwel am Detail. Den Turnsall wäert wuel fréistens an zwou Wochen de Kanner zur Verfügung stoen. Deen ass oder wollt einfach net zum versprachen Termin fäerdeg ginn.

Dofir gëtt en da besonnesch flott an um Spillfeld stinn nieft bal alle Ballsportaarten (Basket-, Volley- an Handball) och Fiederball um Programm. Gutt geduecht sinn déi moduléierbar Wänn, déi et méiglech maachen de Sall op Wonsch anzedeelen. Mat ronn 30 Milliounen déi d‘Zentralschoul vu Clausen um Enn soll kascht hunn, ee ganz flotte Projet. An et dierft net dee Leschte sinn dee mer hei virstellen.

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik VdL

Related topics Clausen, Stad Lëtzebuerg, UNESCO, Zentralschoul
Next post Previous post