Search

You may also like

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur
Neiegkeeten

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur

Verschidde Politiker äusseren sech nawell gären zum Thema ‘Leitkultur’. An

Ethnokonflikt a Krichswaffen
Neiegkeeten

Ethnokonflikt a Krichswaffen

Zu Dijon stinn sech jonk Tschetschenen a Mosleme géinteniwwer. Et

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber
Neiegkeeten

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber

Den 29. November wäert Youth for Climate (YFCL) virun der

Aweiung vun der neier CNS zu Déifferdeng

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet déi nei Agence vun der Krankekeess (CNS) zu Déifferdeng ageweit. Mat dobäi waren de Christian Oberlé, President vun der NCS an d’Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun der Stad Déifferdeng.

Fanne kann een déi nei Agence op der Adresse 1-2, Place Marie-Paule Molitor-Peffer.

Virun der sanitärer Kris huet déi fréier Déifferdenger Krankekeess 250 Persounen den Dag empfaangen. Mat den neien 200 Quadratmeter stinn elo 8 Guicheten zur Verfügung. Ma, an de leschte Méint si ganzer 5 CNS-Agence geplënnert, dorënner déi zu Esch-Uelzecht (Aweiung Ufank nächster Woch), Ettelbréck, Munneref, Wolz an eben Déifferdeng.

Duerch eng verbessert Akustik un de Guicheten, woumat eng Vertraulechkeet entsteet, sou wéi ofgetrennte Beräicher, generellem Komfort, ergonomesche Miwwelen, méi Luucht a ville weidere Moderniséierunge wëll een esou an Zukunft e bessere Service bidden. Mam neie visuelle Konzept gëtt dann och d’Identitéit vun der CNS an allen Agencë selwecht vermëttelt.

 

Related topics Agence, Aweiung, Christian Oberlé, Christiane Brassel-Rausch, CNS, Déifferdeng, Krankekeess, Minister fir sozial Sécherheet, Moderniséierung, Romain Schneider
Next post Previous post