Congés Annulés: D’Rotondes lackelen mat engem attraktive Konzept
Scho säit Joren zitt de Summerfestival Congés Annulés ee grousse
Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei
D‘Exekutive vun der „Confédération Générale de la Fonction Publique“ (CGFP)
Fanne kann een déi nei Agence op der Adresse 4, rue Berwart L-4043 Esch-Uelzecht.
Virun der sanitärer Kris huet déi fréier Escher Krankekeess 250 Persounen den Dag empfaangen. Mat den neien 170 Quadratmeter stinn elo 7 Guicheten zur Verfügung.
Ma, an de leschte Méint si ganzer 5 CNS-Agence geplënnert, dorënner déi zu Déifferdeng, Ettelbréck, Munneref, Wolz an eben Esch-Uelzecht. D’Paulette Lenert preziséiert: „Et ass wichteg de mënschleche Kontakt mat der Bevëlkerung oprecht z’erhalen an déi Verséchert op enger Plaz ze empfänken, op där si sech sécher spieren.“
Duerch eng verbessert Akustik un de Guicheten, woumat eng Vertraulechkeet entsteet, sou wéi ofgetrennte Beräicher, generellem Komfort, ergonomesche Miwwelen, méi Luucht a ville weidere Moderniséierunge wëll een esou an Zukunft e bessere Service bidden. Mam neie visuelle Konzept gëtt dann och d’Identitéit vun der CNS an allen Agencë selwecht vermëttelt.
(v.l.n.r.) Thierry Sampaio Dos Santos, Gerant vun der Agence Alain Spies, Member vum Verwaltungsrot vun der CNS; Carlos Perreira, Member vum Verwaltungsrot vun der CNS; Christian Oberlé, President vun der CNS Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht; Paulette Lenert, delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet © Ministère fir sozial Sécherheet