Juegdparzellen: Eng laang Prozedur kënnt dem Enn no
Reform vun de Juegdparzellen hat d‘Regierung 2016 an Ugrëff geholl.
Reform vun de Juegdparzellen hat d‘Regierung 2016 an Ugrëff geholl.
Gëschter Mëtteg huet d’Inneministesch Taina Bofferding de Christian Weis als
Gëschter huet d’Paulette Lenert, delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet, déi nei Agence vun der Krankekeess (CNS) zu Munneref ageweit. Mat dobäi waren de Christian Oberlé, President vun der CNS an dem Steve Reckel, Buergermeeschter vun der Stad Munneref.
Fanne kann een déi nei Agence op der Adresse 43, avenue François Clément, L-5612 Munneref.
Déi al Raimlechkeeten waren net fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit zougänglech. Mat den neien 100 Quadratmeter stinn elo 3 Guicheten zur Verfügung.
D’Paulette Lenert ass erfreet, datt déi Verséchert elo nees kënnen empfaange ginn. Trotz Digitaliséierung wier de mënschleche Kontakt an den Echange mat enger Bezuchspersoun nach ëmmer essentiel.
Ma, an de leschte Méint si ganzer 5 CNS-Agence geplënnert, dorënner déi zu Déifferdeng, Ettelbréck, Esch-Uelzecht, Wolz an eben Munneref. Uechtert d’Land si 16 Agence verdeelt, sou datt den noen Zougang fir all krankeverséchert Persoun méiglech ass.
Duerch eng verbessert Akustik un de Guicheten, woumat eng Vertraulechkeet entsteet, sou wéi ofgetrennte Beräicher, generellem Komfort, ergonomesche Miwwelen, méi Luucht a ville weidere Moderniséierunge wëll een esou an Zukunft e bessere Service bidden. Mam neie visuelle Konzept gëtt dann och d’Identitéit vun der CNS an allen Agencë selwecht vermëttelt.
Billergalerie © MSS