Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
https://moien.lu/who-does-amber-rose-dating-now/

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

speed dating jacksonville beach
https://moien.lu/who-does-amber-rose-dating-now/

https://moien.lu/dating-websites-and-tinder/

An dësem Quiz geet et ëm d’Eifeler Reegel, dem Dark

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
https://moien.lu/who-does-amber-rose-dating-now/

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern

Gëschter huet de Grupp CFL déi nei Streck Lëtzebuerg-Sandweiler-Contern zesumme mam Transportminister François Bausch ageweit. Bei dësem feierlechen Evenement kruten d’Inviteeën d’Méiglechkeet mat engem speziellen Zuch vun der Stater Gare aus iwwert déi nei Schinnen ze fueren.

No der offizieller Ried ass et viru gaange mat der Aweiung vum neien zweete Viadukt Polvermillen, den zwou Spure vun der Streck Lëtzebuerg-Sandweiler-Contern, dem neie Stroossepassage um Cents an den zwou Haltestelle Cents-Hamm a Sandweiler-Contern. Am Kader vun hiren Transformatioune wëll d’CFL op d’Bedierfnisser an Uspresch vun hire Clienten agoen an ee Maximum an d’Verbesserung vun hirem Service investéieren. Schliisslech steigt d’Zuel un Zuch-Notzer, sou wéi den grenziwwerschreidenden Trafic ëmmer weider.

Esou soll déi nei duebel Streck zum flëssege Schinneverkéier an zur Stäerkung an d’Anhalung vum Zäitplang bäidroen.

E puer technesch Detailer

D’Aarbechte fir den neien zweete Viadukt, direkt nieft dem ale Viadukt Polvermillen hunn am Joer 2009 ugefaangen. Heibäi sollen zwou Spure just fir d’Linn 30 a Richtung Oste genotzt ginn. D’Erneierung vum ale Viadukt sou wéi d’Konstruktioun vum neien zweete Viadukt sinn duerch ee gemeinschaftleche finanzielle Concours kofinanzéiert ginn. De Budget louch bei 247 Milliounen Euro.

Am Joer 2013 hunn d’Aarbechte fir déi zweet Spur vun enger Längt vu 6,6 Kilometer vum Viadukt ugefaangen. Dës zousätzlech Spur huet awer nach weider Ustrengunge gefuerdert, wéi beispillsweis d’Ofdroung vum Gesteen a Sécherung vun der Biergmauer, den Deplacement an de Remplacement vu verschiddene vergruewe Reseauen oder och d’Modernisatioun vun den Installatiounen (Signalisatioun, Telekommunikatioun,…). De Budget louch hei bei 215 Milliounen Euro.

CFL

Modernisatioun vun der Haltestell Cents-Hamm

Déi nei Haltestell Cents-Hamm huet de Label „EureWelcome“ a fält soumat ënnert d’Konzept „Design fir jiddwereen“. Heibäi solle verschidde Servicer zur Erreegbarkeet, besonnesch fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit oder blann Persounen, ugebuede ginn. Bei de Quaie sinn Lifter installéiert ginn a Rolltrapen, sou wéi och de System Auris, deen de Reesenden visuell an akustesch Informatiounen iwwermëttele soll.

Donieft sinn déi zwee Quaie verlängert ginn, sou datt och länger Zich stoe bleiwe kënnen. D’Haltestelle sinn vu 35 cm op 55 cm gehuewe ginn. Nieft enger mBox, fir esou säi Vëlo sécher ënner ze bréngen, ginn et iwwerdaachte Beräicher. Op der lénker Säit gëtt d’Haltestell duerch eng Schallschutzmauer protegéiert.

Modernisatioun vun der Haltestell Sandweiler-Contern

Hei ass déi nei Haltestell deplacéiert an e puer Honnert Meter a Richtung vun den Entreprisë vum „Weiergewan“ verréckelt ginn. Donieft sinn Foussgänger-Accèse geschaf gi vun de Parkingen Dupont de Nemours a Kühne & Nagel aus, fir esou de Salariéë vun dësen Entreprisen den Zougang ze vereinfachen.

De Parking vun der Haltestell ass vergréissert ginn, sou datt de Cliente vum CFL méi wéi 35 Plazen zur Verfügung gestallt gi sinn. Déi selwecht Modernisatiouns-Aarbechte wéi beim Arrêt Cents-Hamm gemaach ginn, sou datt och d’Haltestell Sanweiler-Contern de Label „EureWelcome“, de System Auris an d’mBox besëtzt.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Marc Wengler, Generaldirekter vum CFL; François Bausch, Transportminister © MMTP

Ähnlech Sujeten Aweiung, CFL, François Bausch, Lëtzebuerg, Polvermillen, Sandweiler-Contern, Zuch-Streck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel