Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert
https://moien.lu/dating-alte-menschen/

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

No der Entscheedung vum US-President déi amerikanesch Ambassade vun Tel

wrestlers dating sites
https://moien.lu/dating-alte-menschen/

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

money
Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun
https://moien.lu/dating-alte-menschen/

Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun

Zu Bréissel ass d‘EU-Kommissioun der Usiicht, datt Lëtzebuerg dem Energiekonzern

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer

Gëschter gouf no Ëmbauaarbechten den Zucharrêt zu Uewerkuer a Presence vum Grupp CFL an dem Infrastrukturminister, François Bausch, ageweit. D’Aarbechten zum Ofbau vun den zwee Zuchiwwergäng 13 a 14 hunn am Juli 2013, virum Ëmbau vum Arrêt, ugefaange.

Ofbau vun zwee Zuchiwwergäng

Fir d’Sécherheet vun de Persounen am Verkéier ze garantéiere war dëse Projet um Lëtzebuergesche Schinnennetz vu grousser Prioritéit. Mat dësem Hannergrond gouf den Iwwergang an der Géigend vun der Uewerkuerer Gare bei der Streck tëschent Péiteng an Esch Uelzecht ewech geholl.

De Projet, den mat Ofstëmmung mat der Stad Déifferdeng entwéckelt ginn ass, ëmfaasst e puer Léisungen: Den Iwwergang 13 gouf duerch eng Ënnerféierung ersetzt, déi d’Rue de la Gare an d’Rue Dalscheidt iwwert déi nei Strooss verbënnt. Fir de Residenten een Duerchgang ënnert de Gleiser ze erméiglechen, ass op Héicht vum Iwwergang 13 eng nei Foussgängerënnerféierung ageriicht ginn.

Den Iwwergang 14 gouf, duerch d’Ariichtung vun enger Verbannung tëschent der Rue Prince Henrie an der Rue des Mines, als ënnerhalb vun der Zuchstreck verlafen Ënnerféierung, verbonne.

Neibau vum Zucharrêt

Well d’Ersatzënnerféierung vum Iwwergang 14 ënnert dem Quai leie sollt war een Neibau vum Arrêt noutwenneg.

An dësem Zësummenhang gouf den Arrêt an d’Géigend vum neie Sportpark verluecht, zu deem eegens eng direkt Verbindung ageriicht gouf. D’Haltestell bitt elo eng nei Foussgängerennerféierung mat Lifter, Trapen a Rampen, fir een liichten Zougang fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ze garantéieren.

Den Arrêt dréit de Label „EureWelcome“, wou de Prinzip vum „Desing for All“ vollkommen ëmgesat gouf a soumat den Zougang fir jiddwereen ënnersträicht. Donieft ass den neien Arrêt zu Uewerkuer mat 7 dynamesche Stelen equipéiert, déi Informatiounen zum Zuchverkéier an Echtzäit uweisen.

D’Gesamtkäschte vum Projet leien bei 18,49 Milliounen Euro, vun deene 17,38 Milliounen Euro vum Fonds du Rail, 970.000 Euro vun der Stad Déifferdeng an 140.000 Euro vun de Konzessionäre gedroe ginn. Dobäi kommen nach 670.000 Euro fir d’Oprichten vun der Z-förmeger transparenter Lärmschutzmauer.

Ähnlech Sujeten Aweiung, CFL, François Bausch, Uewerkuer, Zucharrêt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel