Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens
International Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Bei der Gemengerotssëtzung zu Esch-Uelzecht war den Haaptthema d‘Schoulorganisatioun, d‘Modifikatioun

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!
International Neiegkeeten

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!

Bedruch am Futtball ass wéi Dopping am Vëlossport: ouni schéngt

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?
International Neiegkeeten

Weess du, wat dës Lëtzebuergesch Wierder bedeiten?

Lëtzebuergesch ass net ëmmer eng einfach Sprooch. Do kann ee

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz

Awëllegung zu Geschlechtsverkéier vun engem 11 järege Meedchen am Debat virun der Justiz

Kann en 11 järegt Meedchen aus fräie Stécker seng Awëllegung zum Geschlechtsverkéier mat engem Mann vun 28 Joer ginn?

Dat ass d‘Fro déi am Mëttelpunkt vun enger Geriichtsaffär wäert stoen, déi dësen Dënschdeg zu Pontoise (Nordëstlech vu Paräis) opgemaach gëtt. Dat alles geschitt, während am Frankräich e Gesetzprojet virgeluecht ginn ass, dee virgesäit e Mindestalter fir d‘Awëllegung festzeleeën.

De Prozess deen haut de Mëtteg virum Correctionnel verhandelt gëtt, kéint op e neits zréckgewise ginn, esou wéi dat schonn Enn September geschitt ass: d‘Verdeedegung hat Nichtegkeet ervirgehuewen an d‘Niewenukloer wëllen, datt d‘Faiten als Vergewaltegung reklasséiert ginn.

Vir d‘Affekotin vum presuméierten Affer a sengen Elteren, Me Carine Diebolt, ass den Zweiwel net erlaabt: d‘Meedchen hat sech gewäerde gelooss, net well et agewëllegt huet, mee well et ënner Schock gestanen hätt. „D‘Fro vun der Awëllegung vun engem Kand vun 11 Joer sollt sech net emol stellen“, esou d‘Affekotin, déi enger „Entwécklung“ vum franséische Gesetz géif begréissen.

De Parquet vu Pontoise huet hei awer eng aner Siicht op d‘Faiten, déi op de 24. Abrëll 2017 zréckginn, wéi den Teenager engem Mann bis a dësem säin Appartement vu Montmagny (Val d‘Oise) nogaangen ass, wou si eng sexuell Relatioun mateneen haten.

Während dem Meedchen seng Elteren eng Plainte wéinst Vergewaltegung deposéiert haten, an där e Kand beschriwwe gëtt, datt ënner Schock gestanen hätt, hunn d‘Enquêteure festgestallt, datt d‘Relatioun ënner Awëllegung stattfonnt huet, well et kee physeschen Drock oder Gewalt op dat Mannerjäregt ginn huet.

An et ass dann och op dëser Basis wou de Parquet, deen aschätzt datt et „weder Gewalt, nach Zwang, nach Bedreeung, nach Iwwerraschung“ ginn huet, dëse Papp vun zwee Kanner, haut 29 Joer al, fir „sexuell Beréierung vun enger Mannerjäreger“ (bis 15 Joer) verfollegt ka ginn, net awer fir Vergewaltegung.

Dat huet Gewiicht, well am éischte Fall ass en Delikt, dee mat bis 5 Joer Prisong bestrooft ka ginn, am anere Fall wier et ee Verbriechen, wou bis zu 20 Prisong méiglech sinn.

Fir d‘Affekotin vun der Famill sinn awer all d‘Elementer, déi d‘Faiten als Vergewaltegung qualifizéieren zesummen: ofgesi vum sexuellen andréngen, wieren do „déi moralesch Contrainte“ (si bezitt sech do op den Altersënnerscheed), d‘Iwwerraschung, d‘Gewalt (hien hätt sech am Lift aggressiv gewisen, wou et zum Oralverkéier komm wier) an d‘Bedreeung (hien hätt gedreet seng Reputatioun ze zerstéiere wann et géif schwätzen).

Schutz vun de Kanner

„Et ass en eidelen Dossier, et gëtt näischt géint mäi Client, bis op den Zivilstand vum jonke Meedchen, dat de beschëllegten net kannt huet“, esou d‘Argument vum Me Marc Goudarzian, deen d‘Verdeedegung iwwerholl huet.

Dee mécht och geltend, datt dat presuméiert Affer, deem seng fréizäiteg Pubertéit erwisen ass „méi al ausgesäit“ an datt „an de Ae vu sengem Client, d‘Meedche 17 Joer al gewiescht wier“. Zudeem betount den Affekot, datt een den Aussoe vum Meedche keng Kredibilitéit ka schenken. Et „litt zu allem an et ass net vu ‚gëschter‘“.

Den Affekot huet ugekënnegt, datt et bei der Audienz wäert Revelatioune ginn, aus deenen erwise wier, datt et de Bekloten eenzeg an eleng beschëllegt „fir sech e Behuelen zréckzehuelen“.

Als Niewenukloer trieden och d‘Kannerrechtsorganisatiounen „L‘Enfant Bleu“ an „La Voix de l‘Enfant“ an dëser Affär op. Eng Affär, déi illustréiert wou dat franséischt Gesetz Lacunnen huet.

„Et ass noutwenneg, datt eng Vermuddung vun der Absence vun der Awëllegung festgeluecht gëtt, dat fir sexuell Relatiounen tëscht jonke Mannerjäregen an Erwuessenen, esou wéi et da Fall an all deene Länner ass, wou een op d‘Rechter vun der Kanner wäert leet“, esou d‘Reaktioun vun dräi ONGen: ACPE, Cofrade a „Coup de Pouce“, an engem Communiqué.

Dës ONGen erënneren drun, datt wéinst „psychologeschen a neurobiologesche Mechanismen, déi wëssenschaftlech unerkannt wieren, e Kand net an der Lag wier sech enger sexueller Relatioun, déi him vun enger erwuessener Persoun opgedrängt gëtt, ze erwieren“.

Am November hat enger aner Affär fir grouss Opreegung gesuergt: e Mann vun 30 Joer, de beschëllegt war e Meedche vun (och) 11 Joer Vergewaltegt ze hunn, war fräigesprach ginn. D‘Regierung huet dorausser Konsequenze gezunn, a wëll e Mindestalter fir d‘Awëllegung zum Geschlechtsverkéier festleeën. De President gesäit dësen Alter bei 15 Joer.

De Gesetzprojet géint sexistesch a sexuell Gewalt, an deem dëse Mindestalter soll festgeluecht ginn, gëtt am Ministerrot vum 7. Mäerz erwaart. Bis dohinner ass pluridisziplinär Missioun vum Justizminister beoptraagt ginn dem Debat Beiträg ze liwweren. De Grupp vun Experte besteet aus Juristen an Dokteren, déi hiren Avis bis zum 1. Mäerz mussen ofginn.

mam Eve Szeftel/AFP

Ähnlech Sujeten Geriicht, Geschlechtsverkéier, Kannerrechter, Mannerjäreg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel