Search

You may also like

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert
Fail Kultur Stories

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert

Mat engem Kompromëss konnt sech am UN-Sécherheetsrot a leschter Minutt

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa
Fail Kultur Stories

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den

surprise
Den Escher Blog
Fail Kultur Stories

Den Escher Blog

D’Stad Esch freet sech de Start vun hirem neie Blog

dislike

Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker

Elo och op der Nintendo Switch ze kréien

Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer gewinnt. Datt et wei bei Axiom Verge nëmmen eng eenzeg Persoun ass, dat ass da scho vill méi rar. Mee dat bréngt mat sech, datt d’Visioun bei dësem Spill eent zu eent ëmgesat ass, an dat mat engem ganz beandrockenden Resultat. Well Axiom Verge ass e Libesbréif un d’Metroid-Serie vun Nintendo. An och wann zënter der éischter Versioun vun dësem spill mëttlerweil e puer nei Metroid-Spiller do sinn, esou ass Axiom Verge absolut spillenswäert. Elo ass dëse Projet och op der Nintendo Switch ze kréien, an néierens fillt sech dëst Spill besser doheem, wei op der neier Konsol vun Nintendo.

Mee fänke mer mol vir un: Axiom Verge stellt sech voll a ganz an d’Traditioun vu Metroid. Dat heescht, datt een seng Emgéigend erkonne muss, fir nei Fäegkeeten ze kréien, fir nach méi déif an déi onbekannte Welt virdrängen ze kennen. Et ass eng ganz einfach Spill-Spiral, déi hei opgebaut gëtt, déi awer ganz effikass ass. Den Trick läit an zwee Kärelementer: Eng Kéier ass et de gudde Leveldesign, deen een mat Saache lackelt, déi sou just net ze erreeche sinn. Dat anert ass d’Atmosphär, an hei weess Axiom Verge am genee selwechten Aspekt ze punkte, wei säi grousst Virbild. Well och hei erkonnt een e frieme Planéit, dee komesch an anescht ass a wou d’Stëmmung immens bedréckend ass. En plus ass d’Gefill, eleng an isoléiert ze sinn hei richteg gräifbar.

Dat läit och um Soundtrack an un der Grafik. Béides orientéiert sech un engem Stil aus den 8-Bit-Joren, an dach wierkt alles nei an aus engem eenzege Goss. D’Geschicht geet e bësschen a Richtung Cyberpunk, wat dat ganzt gutt encadréiert. A wann een sech bis an den Deiften vun dëser friemer Welt veriert huet, dann ass ee ganz am Spill dran. Deen Ament klappt hei einfach alles.

Nostlageschen Design kann ee richteg frustréieren,
wann een dëst net gewinnt ass

Et muss een awer och e bëssche frustresistent sinn. Wei bei deenen ale Metroid-Spiller hellt och Axiom Verge een net grad un der Hand. Nee, hei ass een op sech selwer ugewisen, an dat ka schonn emol heeschen, datt et eng Zäitche net viru geet, well ee fir d’baschten net weess op een déi richteg Fäegkeete schonn huet, fir op enger Plaz weider ze kommen. Datt et keng Méiglechkeet gëtt, fir vun enger Plaz schnell op di aner ze kommen, dréit do och zum Frust bäi.

Axiom Verge gëtt sech awer net domatter zefridden, einfach nëmme Metroid ze kopéieren. Neen, et huet och e puer ganz eegen Iddien op Lager. Do wier den Disruptor, mat deem d’Figur Géigner an seng Ëmwelt manipuléiere kann. Heiansdo ginn Géigner doduercher mi liicht ze bekämpfen, heiansdo verännert een hiert verhalen a komplett iwwerraschende weisen. Deen Ament brilléiert d’Spill richteg mat flotten Iddien.

Dat fënnt een bei de Bosskämpf leider net erëm. Déi si relativ schnell decodéiert a bei der zweeter Kéier ass et dann dach zimlech einfach, fir säi Wee derduerch ze fannen. An awer muss een d’Spill u sech selwer moossen, an do muss een et dann och richteg respektéieren: Et weess wat et well, an et weess, wei dat ze erreechen ass. Fir Fans vum Genre ass Axiom Verge e fest, fir Genre Neilinge villäicht awer e stéck ze dicht. Op der Switch ass et grad sou gutt spillbar, wei op deenen anere Systemer, mee wien no enger gudder portabeler Versioun sicht, ass hei duerchaus un der richteger Adress, ass de Schierm besser a mi grouss wei deen vun der Playstation Vita.

Related topics Axiom Verge, Kultur, Nintendo, Nintendo Switch, Videospiller
Next post Previous post