Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Besoff op Neijoerschdag: Elo ass dëse Kärel Känguru-Papp!
Neiegkeeten

Besoff op Neijoerschdag: Elo ass dëse Kärel Känguru-Papp!

Trëfft een oniwwerluecht spontan Decisiounen a gëtt Sue fir eppes

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht
Neiegkeeten

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

Och eng CSV zitt géint Enn vun der Legislaturperiod de

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen
Neiegkeeten

Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen

Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech

Baby Info – Alles ronderëm de jonken Nowuess

Baby Info – Alles ronderëm de jonken Nowuess

Et ass ni ze spéit fir op eng gutt Saach opmierksam ze maachen – haut géing ech Iech gären d’Zäitschrëft Baby Info vun der Initiativ Liewensufank virstellen. Schonns iwwer 25 Joer laang hëllefen si mat hiren Artikelen zukünftegen, jonken a villäicht och iwwerfuerderten Elteren.

Dir kënnt Zeitung online eroflueden, de Moment ass se duerch d’Covid-Situatioun net iwwerall a Papeierform ze fannen. Ma, am Naturata an am ALaVita wäert Dir Gléck hunn. Ech hunn mir déi aktuell Ausgab duerchgekuckt a ka bestätegen, dass d’Informatiounen derwäert a léierräich sinn! Nëtzlech Tipps kënnen den Elteren d’Liewe vill méi einfach maachen. Wien net gären op d’Schoulmedezin zeréckgräift, fënnt och alternativ Methoden déi een ausprobéiere kann.

Kanner an Hausdéieren – op wat muss ech oppassen? Wéini ass et un der Zäit bäizefidderen? Second Hand Kleeder, jo oder nee? Wéi reagéieren ech, wa mäi Puppelche kräischt? Dës Froen (an nach ganz anerer) gi verstänneg erkläert. Ausserdeem bitt d’Initiativ Liewensufank och speziell Leeschtungen un; eng intensiv Begleedung am éischte Liewensjoer, se ass awer net obligatoresch.

Baby Info

Wann Dir Froen zum Stëllen, zur Erzéiung a Krisen hutt, kënnt Dir Iech un d’Babyhotline ënnert der Telefonsnummer 360598 wenden. Et gëtt fir alles eng Berodung – och wann Dir net eens mat engem Kannerverloscht gitt. Dës E-Mail-Adress kann och weiderhëllefen: berodung@liewensufank.lu.

Et ginn allerlee Aktivitéiten ugebueden, mä wéini dat nees méiglech ass, steet nach an de Stären. Op jiddwer Fall ass d’Offer grouss – et gëtt ënnert anerem Yoga, Danzen, Gebuertsvirbereedung, Sangen a Spillen, Musek an éischt Hëllef ugebueden.

D’Zäitschrëft ass zweesproocheg – op Däitsch an op Franséisch. Se gëtt zweemol am Mount erausgeschéckt. Oder online gesat. Dës Initiativ ass Gold wäert a muss definitiv ënnerstëtzt ginn!

Meng Kanner sinn schonn grouss. Schued, dass ech net éischter vun dësem Service wousst. Wahrscheinlech hätt ech mech dann net esou eleng gefillt. Se ass absolut empfeelenswäert!

Opmaacherbild: © Isaac Quesada / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, Baby, Baby Info, Babyhotline, Elteren, Gebuertsvirbereedung, Initiativ Liewensufank, Magazin, Nowuess, Puppelchen, Sponsored Story
Nächsten Artikel Virrechten Artikel