Search

You may also like

De Cycle 4 zu Besuch am Palais
Kultur Neiegkeeten

De Cycle 4 zu Besuch am Palais

Vum 8. bis den 12. Juli hate 555 Schüler vum

Onofhängeg oder à la Carte?
Kultur Neiegkeeten

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert
Kultur Neiegkeeten

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!

Um 12. Mäerz huet d’Philharmonie duerch d’Pandemie fir ongewëss Zäit seng Dieren zoumaachen, a Concerten an Evenementer ofsoe missen. Et war laang roueg, mee elo huet d’Waarden en Enn. D’Ekipp vun der Philharmonie freet sech de Publikum nees ëmfänken ze kënnen a matdeelen ze dierfen: Et geet weider – back to live!

Startschoss ass um 18. Juni, wou de Lëtzebuerger Jazz Trio Reis Demuth Wiltgen optriede wäert. Zwee weider Concerte si schonn a Virbereedung. Eng besonnesch Occasioun ass de 15. Gebuertsdag vun der Philharmonie, deen den Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) um 25. Juni mat engem fantastesche Programm feiere wëll. Ënnert der Leedung vum Chefdirigent Gustavo Gimeno wäerten d’Museker Iech vollkommen paken.

Dëse Concert kann iwwregens och iwwert d’Facebook-Säit vun der Philharmonie matverfollegt ginn. Um 2. Juli kënnt Dir dann den Duo vum Elena Baeva a Vadim Kholodenko live erliewen.

Philharmonie

© Philharmonie

Et gëllen e puer Reegelen

D’Gesondheet an d’Wuelergoe vu Kënschtler, Gäscht a Mataarbechter leien der Philharmonie immens um Häerzen. An dësem Kader ass e sanitäert Konzept ausgeschafft ginn, wouduerch d’Zuel u Visiteuren staark reduzéiert ass. Anescht wéi gewinnt, soll een d’Ticketen iwwer E-Mail (tickets@philhamonie.lu) oder Telefon (26 32 62 32) bestellen. De Verkaf un der Oweskeess ass net méiglech.

Ugefaangen huet de Virverkaf haut um 10:00 Auer. D’Reservéierung vu Wonschsëtzplazen ass net méiglech, wëll d’Kaarten der Reservéierung no verdeelt ginn. Just Koppelen, Famillen a Persounen aus dem selwechten Haushalt dierfen nieftenee sëtzen (maximal 4 Plazn). D’Ticketen ginn per Post, respektiv E-Mail verschéckt.

De Publikum gëtt gebieden, méi Zäit an der Entrée anzeplangen an eng Schutzmask unzedoen. Sëtzt ee bis op senger Plaz, kann een d’Mask ausdoen. De Concert dauert ronn 60 Minutten ouni Paus. Bar a Garderob bleiwen zou.

Iwwert déi sozial Netzwierker huet een dat bescht a Saache Musek a Kultur aus der Situatioun erausgeholl. Et ass der Philharmonie awer elo eng riseg Freed, Iech nees physesch begréissen ze dierfen!

Opmaacherfoto: © Philharmonie

Related topics 15. Gebuertsdag, Gustavo Gimeno, Musék, OPL, Pandemie, Philharmonie, Reis Demuth Wiltgen, Reservatioun, sanitär Moossnamen, Schutzmask, Sëtzplaz
Next post Previous post