Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
International Neiegkeeten

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

Déi wuel weltwäit berühmtste Popp kritt eng 6 vir! Trotz

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng

Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan

20 Mënschen hunn duerch den Hurrikan Dorian hiert Liewe verluer, 70.000 brauchen dréngend Hëllef

Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
Do wou eigentlech sollt e Fluchhafe sinn, ass elo e „Séi“. Dat erschwéiert natierlech och den Zougang fir d‘Hëllef. © US Coast Guard
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
© Office of the Prime Minister
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
© Office of the Prime Minister
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
© US Coast Guard
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
Dat schlëmmst schéngt iwwerstanen. Eng vu ville Prioritéite fir d‘Leit ass et, der Famill an de Bekannten Nouvellen ze ginn. D‘Kommunikatiounsméiglechkeete sinn allerdéngs nach ëmmer staark ageschränkt, a et bléist nach en zolitte Wand. D‘US-Küstewaach ass onermiddlech am Asaz. © US Embassy Nassau
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
© US Coast Guard
Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
© US Coast Guard

Nom schwéiere Stuerm deen sech regelrecht iwwert d‘Archipel vun de Bahamas geluecht hat, ass et elo un der Zäit sech der schwiereger Aufgab, e Bilan ze maachen, unzehuelen. De Premierminister Hubert Minnis huet bei enger Pressekonferenz annoncéiert, datt sech d‘Bahamas „matten an enger vu senge gréisste Krisen an der Geschicht vum Land befënnt“.

Laut engem éischte „mënschleche“ Bilan dee vum Gesondheetsminister virgeluecht ginn ass, sinn 20 Persounen am Hurrikan ëmkomm, 70.000 Awunner bréichten dréngend Hëllef. D‘Evakuéierung vun de Mënschen aus de betraffene Gebidder war um Dënschdegowend ugelaf, einfach ass dës Missioun allerdéngs net. Staarke Wand, Iwwerschwemmungen an Trëmmer erschwéieren d‘Hëllef.

BahamasEt wier enorm komplizéiert bis bei d‘Leit ze kommen. Eng Partie Insele sinn och elo nach ëmmer net ze erreechen, villeruerts gëtt et keng Stroumversuergung an d‘Kommunikatiounsméiglechkeeten si staark ageschränkt. Vum Stuerm sinn och allgemeng d‘Versuergungsinfrastrukturen an d‘Spidäler betraff. Déi medezinesch Versuergung stellt eng vun de gréissten Erausfuerderungen duer.

UNO alarméiert

Laut de Vereenten Natiounen (UN) brauche 70.000 Mënschen elo direkt Hëllef fir ze iwwerliewen: Liewensmëttel, Drénkwaasser an en Daach iwwert dem Kapp sinn d‘Prioritéiten. Säitens dem internationale Comité vum roude kräiz (IKRK) gëtt gemellt, datt op den Inselen „Grand Bahama“ an „Abaco“ 45% vun den Haiser schwéier beschiedegt bis ganz zerstéiert goufen.

BahamasVum IKRK sinn als éischt Moossnam 500.000 US-Dollar bereetgestallt ginn, fir déi drénglechst Moossnamen ergräifen ze kënnen. Och vun de Vereenten Natiounen an den USA si Asazkräften an d‘Regioun entsandt ginn. Wéi et heescht wier déi gréisst Insel „New Providence“, op där sech och d‘Haaptstad Nassau befënnt a wou 250.000 Mënsche liewen, eenegermoosse verschount bliwwen.

Florida dierf opootmen

Laut de leschte „Simulatiounen“, esou d‘Informatioun aus dem Nationalen Hurrikanzenter (NHC) zu Miami, gesäit et aus, wéi wann den Hurrikan Dorian den US-Bundesstaat Florida nëmme liicht sträife sollt. Zum Ament vun der Berichterstattung war de Wierbelstuerm nach eng 140 Kilometer vun der Küst ewech. Och seng „Stäerkt“ huet ofgeholl an Dorian ass elo ee Stuerm vun der Klass II.

Dat ass nach ëmmer richteg geféierlech. Ëmmerhi bréngt de Wierbelstuerm nach Wandspëtzte vun 175 Km/H mat sech. Zudeem beweegt sech Dorian och weiderhin nëmme „lues“ virun. Déi lescht erhuewen Date weisen, datt den Hurrikan mat 11 Km/H a Richtung Nordweste weiderzitt. Hei sinn d‘US-Bundesstaaten Georgia an North Carolina nach ëmmer an Alarmbereetschaft.

BahamasOch wann den Hurrikan hei net méi sollt direkt op Land treffen, esou muss mat Stuermfluten an Iwwerschwemmunge gerechent ginn. Laut den Autoritéite sinn eng 2 Millioune Mënschen aus den kritesche Gebidder evakuéiert ginn. Vill Fluchhäfen hunn de Betrib agestallt, honnerte Flich hu misse gestrach ginn. An verschiddene Küstestied ass preventiv eng Ausgangsspär verhaange ginn.

mat indymedia/mia

Foto: Dat schlëmmst schéngt iwwerstanen. Eng vu ville Prioritéite fir d‘Leit ass et, der Famill an de Bekannten Nouvellen ze ginn. D‘Kommunikatiounsméiglechkeete sinn allerdéngs nach ëmmer staark ageschränkt, a et bléist nach en zolitte Wand. D‘US-Küstewaach ass onermiddlech am Asaz. © US Embassy Nassau

Ähnlech Sujeten Bahamas, Florida, Hubert Minnis, Hurrikan Dorian, NHC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel