Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
International Neiegkeeten

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm

Pipo Peng: t’Franséischt
International Neiegkeeten

Pipo Peng: t’Franséischt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Nëmmen een, deen all Dag vill ënnerwee ass, schneit bei dësem Quiz gutt of!
International Neiegkeeten

Nëmmen een, deen all Dag vill ënnerwee ass, schneit bei dësem Quiz gutt of!

Mir waren nees am ganze Land ënnerwee an hunn d’Distanzen

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an Äschen ausstéisst, ginn d‘Autoritéite vu Bali, vun engem imminenten Ausbroch aus. Si hunn aus dësem Grond déi héchsten Aläert ausgeruff.

De Gede Suandika vum nationalen Institut fir Vulkanologie vun Indonesien huet matgedeelt, datt „De Niveau fir Aläert op se Maximum erhuewe ginn ass, well e stännegt Zucke vum Agung ze spieren ass“. Alles Unzeeche fir en imminenten Ausbroch.

De Vulkan Agung, dee leschte Mount „erwächt“ ass, späizt Damp bis zu véier Kilometer héich an den Himmel. De Beräich vu 7,5 Kilometer ronderëm de Vulkan, an deem et all Mënsch ënnersot ass sech opzehalen, ass op 10 Kilometer erweidert ginn.

Bis ewell hu scho 25.000 Awunner missen evakuéiert ginn. Eng Mesure déi noutwenneg ginn ass nodeems de Vulkan Agung och nach ugefaangen huet Äschen erausspäizen.

Wann de Agung nuets liicht

Op Facebook huet de nationale Bureau fir d‘Katastrophe-Gestioun matgedeelt, datt „déi duerchgoend Projektioun vun Äschen och ewell vun explosiven Ausbréch an engem déiwe Ramouer begleet gëtt. D‘Liichte vum Feier ass nuets ëmmer méi däitlech ze gesinn. Domatter steet fest, datt een hei kuerz virun engem Ausbroch steet“.

Agung

D‘Awunner vu Bali „flüchte“ virum gefaarten Ausbroch vum Vulkan Agung. Hei ze gesinn aus der Siicht vu Kubu (Distrikt vu Karangasem Regency) um 27. November. © Sonny Tumbelaka/AFP

De internationale Fluchhafe vun Denpassar, der Haaptstad vu Bali, a mat Millioune Gäscht all Joers, ass eng Héichbuerg vum Welttourismus.

Seng Schléissung suergt aktuell fir zimleche Chaos. D‘Mesure ass awer noutwenneg ginn, nodeems den Damp an d‘Äschen op iwwer 4.000 Meter an d‘Luucht gespaut goufen. Éischten Nouvelle no sinn um Sonndeg 15 Flich ausgefall.

Um pazifesche Feierrimm

An a ronderëm Indonesien sinn 120 Vulkaner aktiv, déi all um „pazifesche Feierrimm“ leien. De Vulkan Agung war 1963 fir d‘Lescht ausgebrach. Deemools hunn 1.900 Mënschen hir d‘Liewe verluer. Äsche, Steng a Lava hat den Agung vum 18. Februar 1963 bis zum 27. Januar 1964 erausgespaut.

Op senger nërdlecher Säit hat den Agung de 24. Februar e Lavafloss vu siwe Kilometer lassgelooss. De 17. Mäerz, mat enger stäerkt vu 5 op der Skala vun de Vulkan-Ausbréch, hat den Agung Stécker bis an eng Héicht vun 18 Kilometer ausgestouss.

Pyroklastesch Wolleken hunn e sëllechen Dierfer wuertwiertlech „ausgeläscht“. Lavastréim si bis op wéineg Meter un den Tempel vu Besakih erukomm. Datt dem Tempel näischt geschitt ass, gëtt nach haut vun den Awunner als e „Message vun de Gëtter“ ugesinn.

mat AFP

Foto: Eng Siicht op de Vulkan Agung, deen Damp an Äsche bis an eng Héicht vu 4.000 Meter erausspäizt. © Sonny Tumbelaka/AFP

Ähnlech Sujeten Bali, Indonesien, Vulkan Agung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel