Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wa ‘Schoul Doheem’ a Wiesselklasse Ongläichheeten bei de Schüler fërderen
International Neiegkeeten

Wa ‘Schoul Doheem’ a Wiesselklasse Ongläichheeten bei de Schüler fërderen

Am Kader vun der aktueller Situatioun vum Confinement an de

money
US-President veriergert iwwer nei chinesesch Douanestaxen
International Neiegkeeten

US-President veriergert iwwer nei chinesesch Douanestaxen

Haut geet zu Biarritz de G7-Sommet un de Start a

Britescht Parlament stëmmt fir eng weider Verlängerung vum Brexit
International Neiegkeeten

Britescht Parlament stëmmt fir eng weider Verlängerung vum Brexit

Et ass wuel richteg unzehuelen, datt wann et nëmmen eng

Ballistesch Gréiss aus Nordkorea

Ballistesch Gréiss aus Nordkorea

Pyongyang huet um Mëttwochmueren op en Neits e puer Rakéiten iwwer dat japanescht Mier gejot, behaapt zumindest déi Südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap. Laut dem Etat-Major zu Seoul, soll et sech heibäi ëm ballistesch Kuerzstreckerakéiten handelen. Japan huet eng Warnung un all d‘Schëffer an der Regioun erausginn.

Eng vun de Kuerzstreckerakéiten huet japanesch Gewässer erreecht. Si ass an der sougenannter „ausschliisslecher Wirtschaftszon“ an d‘Mier gefall, esou de Regierungsspriecher Yoshihide Suga. De japanesche Premierminister Shinzo Abe huet a gewinnter Manéier déi vun Nordkorea getätegt Rakéitentester a weist drop hin, datt dat eng Verletzung vun UN-Resolutiounen ass.

Den Ofschoss vun dëse Rakéite mécht allerdéngs Sënn. An e puer Deeg soll et tëscht Nordkorea an den USA nees zu engem Treffen iwwer den Atomprogramm kommen, an do sinn „Argumenter“ ni verkéiert. Déi éischt nordkoreanesch Vizeausseministesch Choe Son Hui hat en Dënschdeg op dës Gespréicher, déi schonn e Samschdeg soll stattfannen. Wou dat soll geschéien ass net gewosst.

A punkto „Provokatioun“ ass déi südkoreanesch Regierung allerdéngs och gutt opgestallt. Nëmmen e puer Stonnen iert d‘Nordkoreaner hire Rakéitentest duerchgezunn hunn, hat Seoul e puer vun den US-Tarnkappebomber (F35) „der Ëffentlechkeet“ virgestallt. Südkorea, datt militäresch ganz vun den USA ofhängeg ass, huet senger Loftwaff 40 dëser Fliger vergënnt. De Fridden ass net fir muer.

mat indymedia/sel/fuk

Foto: © KCNA (Archives)

Ähnlech Sujeten Atomprogramm, ballistesch Rakéiten, Nordkorea, Südkorea, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel