Search

You may also like

Abriecher flücht duerch d’Fënster vum Policekommissariat
Neiegkeeten

Abriecher flücht duerch d’Fënster vum Policekommissariat

Wéi d’Police matdeelt wier haut de Moien um 4:00 Auer

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)
Neiegkeeten

Labour vollzitt den ideologesche Wiessel (kommentéiert)

Den eppes „stramm lénke Kurs“ vum Jeremy Corbyn, huet de

Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck
Neiegkeeten

Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck

De 27. Juli 2018 huet d‘Police en neie Service agefouert.

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm

De Bam vum Joer ass d‘Flatter-Ulme (Ulmus laevis), déi wéi déi aner Ulmenaarte liicht u sengen asymmetresche Blieder ze erkennen ass. Och d‘Nossfriichte sinn typesch fir Ulmen aus enger Nësschen, déi kreesfërmeg vun engem dënne Fligel ëmginn ass. Am Géigesaz zur Feld- a Biergulm sinn d‘Fligel bei der Flatter-Ulm bewimpert.

Zu Lëtzebuerg kënnt een allerdéngs éischter kaum an d‘Verleeënheet eng Flatter-Ulm bestëmmen ze mussen. Woubäi d‘Verbreedungsgebitt vun dëser Aart sech iwwer bal ganz Europa erstreckt (ausgeholl Skandinavien, Italien an déi iberesch Hallefinsel) et hei am Land awer kaum e Grapp voll Exemplaire gëtt. Dës Seelenheet vun der Flatter-Ulm erkläert sech duerch d‘Uspréch, déi de Bam un de Standuert stellt

D‘Flatter-Ulm ass eng typesch Aart vun der „Hartholzaue“, also de Bëscher am Iwwerschwemmungsgebitt vu grousse Flëss a Stréim – op Standuerter déi reegelméisseg ënner Waasser stinn, awer net onmëttelbar der Stréimung ausgesat sinn. Heil bilt d‘Flatter-Ulm mat den Stilleechen, den Zeisel oder och den Eschen aarteräich Bëscher. Eng Besonneschkeet vun der Flatter-Ulm ass, datt si op dëse Standuerter heefeg, sougenannte Briet-Wuerzelen entwéckelt.

Briet-Wuerzelen, dat sinn héich um Stamm usetzend, ganz schmuel Wuerzelen. Si stëtzen den Bam op waasserduerchtränktem Buedem, an déi de Bam net déif mat de Wuerzelen andrénge kann.

Zu Lëtzebuerg gëtt et kaum nach gréisser Flëss oder esouguer Stréim. Déi Beräicher, wou sech eng „Hartholzaue“ hätt kënne bilden, sinn zanter Joerhonnerten ofgeholzt, kultivéiert a besidelt ginn. Dobäi gett d‘Flatter-Ulm och op éischter dréchene Standuerter gutt eens. Si verdréit Streesalz a verdichte Biedem, firwat se sech als Bam fir de Park oder enger Strooss eegent.

Et ass festgestallt ginn, datt d‘Flatter-Ulm och nach zimlech resistent géint d‘Ulme-Stierwen ass, wat och dorunner geleeën ass, datt den „Ulmensplintkäfer“, den Iwwerdréier vum Champignon, net esou op Flatter-Ulme fixéiert ass.

An der Vergaangenheet sinn d‘Ulmen zum gewanne vu Bast genotzt ginn. D‘Blieder sinn un d‘Véi verfiddert ginn, dat zéit Holz ass zu Béi, Schier, Rieder, Zännrieder an ähnlech staark beusprochte Géigestänn verschafft ginn.

Matgedeelt vum Pressedéngscht vun „natur&ëmwelt“, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Eng Flatter-Ulm an Estland © natur&ëmwelt

Related topics Bam vum Joer, Bëscher, Flatter-Ulm, Natur an Ëmwelt
Next post Previous post