Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!
Neiegkeeten

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees

D’Rackete am Interview: “Europa muss senge Verantwortungen nogoen!”
Neiegkeeten

D’Rackete am Interview: “Europa muss senge Verantwortungen nogoen!”

Gëschter Owend ass et um däitsche Fernsehsender ZDF beim Dunja

ON STÉITSCH 2020: Mat 45 jonken Artisten duerch de Samschdeg!
Neiegkeeten

ON STÉITSCH 2020: Mat 45 jonken Artisten duerch de Samschdeg!

Den 19. September 2020 organiséiert de Service national de la

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net

Déi Falsch Akazie, oder och Robinia pseudoacacia – se mécht nämlech just wéi wann se eng Richteg wier – ass zum Bam vum Joer 2020 ernannt ginn. Eigentlech kënnt dës Aart aus Nordamerika, gouf dunn vum John Tradescant dem Eeleren an Europa agefouert a konnt schliisslech duerch de Botaniker Jean Robin, no dem de Bam och benannt gouf, de Wee a Frankräich fannen, wou een och haut nach ee vun den eelsten Exemplairen, geplanzt am Joer 1601, zu Paräis fënnt.

Déi Falsch Akazie gehéiert zur grousser Famill vun de Leguminosen, déi den atmosphäresche Stéckstoff am Buedem späicheren an dësen domat och dünge kënnen. Soumat huet de Bam immens regenerativ Fäegkeeten a verléisst just ënnert Protest säi Standuert. De Bam vum Joer 2020 befënnt sech doduerch op der schwaarzer Lëscht vun den exoteschen an zu Lëtzebuerg invasiven Aarten, déi net, wéi bei den Editioune virdru geplanzt, mee éischter ewech geholl soll ginn.

Elo awer mol zur Robinie hiren äusserlechen Eegenschaften. D’Blieder erënnere staark un déi, vun enger gewéinlecher Akazie. D’Nieweblieder verwandelen sech mat der Zäit awer oft zu Dären. Hir wäiss Bléie komme besonnesch bei de Beie gutt un. De séissen Orangen-Doft zitt déi schwaarz-giel Geselle magesch un. Aus der Léift tëscht Bléi a Bei entsteet schliisslech Qualitéitshunneg.

Falsch Akazie

Der Falscher Akazie hiert gielzegt Holz erweist sech als immens haart, kompakt an mat 30 bis 40 Joer Liewensdauer ass et duebel esou bestänneg, wéi d’Holz vun der Eesch. Aus dësem Grond notzt een de Produit vun der Falscher Akazie oft am Bausseberäich, beispillsweis fir Gaardemiwwelen. Et sollt een awer oppassen: De Bam ass gëfteg! Et gëtt wäermstens dovunner ofgeroden, dëst Holz fir ze grillen ze notzen.

A wéi koum de Bam op Lëtzebuerg?

Ma, wéi den Eugène Fischer am Joer 1860 matgedeelt huet, hätt de Jean-Mathias de Blochausen zuelräich Beem vu senger Italienrees 1769 matbruecht. Zënter bal engem Joerhonnert war déi Falsch Akazie eng zimlech Raritéit am Land. Et soll wuel 1787 ee Bam am Schlassgaart vu Stadbriedemes geplanzt gi sinn, mee och ee Bericht vu Kaaschtel bei Altwis erwäänt de “Pseudobam”.

Der Legend no soll den Häer vu Preisch d’Exemplairë vun enger Pilgerrees matbruecht, an 1787 an de Buedem gesat hunn. Nach haut fënnt een immens al a massiv Robinien am Süd-Oste vun Altwis, fir genau ze sinn um fréiere Lëtzebuerger Terrain an der franséischer Lorraine.

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, Exotesch, Falsch Akazie, Invasiv Aart, Jean-Mathias de Blochhausen, Natur, Robinia pseudoacacia, Schwaarz Lëscht, Stadbriedemes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel