Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: Wat mécht SDK um Chantier?
Neiegkeeten

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: Wat mécht SDK um Chantier?

Sponsored Story: Am Bausecteur läit den Haaptpunkt bei der Planung

No der Kris ass virun der Kris
Neiegkeeten

No der Kris ass virun der Kris

An der Chamber hat et ee Mëttwoch eng Rei „Aktualitéitsstonne“

Du kenns dech mat Politik aus? Da weess du bestëmmt iwwert eis Premiere gutt Bescheed!
Neiegkeeten

Du kenns dech mat Politik aus? Da weess du bestëmmt iwwert eis Premiere gutt Bescheed!

D’Premierministere kënnen sech zu Lëtzebuerg relativ laang halen. Mee et

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um Freideg fir d‘Sëtzung virbereet hat, an et sollten nach zwee Punkte bäigeprafft ginn. Den touristesche Projet „Bamhaiser“, dee beim Déierepark um Gaalgebierg entstanen ass, war esou aus dem Mëttelpunkt geholl ginn.

D‘LSAP-Fraktioun wollt och de Sozialbericht op d‘Dagesuerdnung setzen, wat awer de Buergermeeschter refuséiert huet. Déi fréier Buergermeeschtesch, Vera Spautz, huet sech et awer net huele gelooss, drop hinzeweisen, datt dee Bericht – bal 200 Säiten déck – awer wichteg wier. Den Optrag zum Bericht 2017 hätt een dann och scho virun 3 Joer an Optrag ginn.

Datt dëse Bericht vu grousser Bedeitung ass, bestreit de Schäfferot och net. D‘Sozialiste sinn dann awer erstaunt, datt et e „Service“ soll sinn, deen doriwwer entscheet, op de Bericht gutt ass oder net. Hei géif et sech ëm e „politesche“ Bericht handelen, deen eng politesch Entscheedung brauch. Dat war gutt gesot huet awer näischt genotzt, de Bericht gëtt an der nächster Sëtzung diskutéiert.

De Buergermeeschter Georges Mischo begrënnt dat dann och. Et wier richteg, datt de Bericht wichteg ass, mee dee wier ëmfangräich a komplex. Et hätt een och net wëllen do Conseilleren zoumudden, dëse bannent véier Deeg ze liesen an ze analyséieren. Zudeem soll nach ee vun der Universitéit laanscht kommen, fir Erklärungen zum Bericht ofzeginn.

Bamhaiser: eng Alternativ zum Hotel an dem Camping

Als zousätzlech touristesch Attraktioun, huet d‘Gemeng Esch um Gaalgebierg Bamhaiser opriichte gelooss. D‘Aarbechten zu dësem Projet sollten, esou de Schäffe Pim Knaff (DP), bis Mee ofgeschloss sinn. E Projet deen iwwregens mat der Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère (zoustänneg fir Tourismus) konnt realiséiert ginn.

Déi alternativ Iwwernuechtungsméiglechkeet besteet aus dräi Bamhaiser an engem Bamhaus-Café, ass onmëttelbar beim Déierepark opgeriicht ginn. Dës „Haiser“ kënne jee no Beschaffenheet, 4 bis 6 Persounen ophuelen, a solle vun der Gemeng geréiert ginn. Dat awer an Zesummenaarbecht mat de Verantwortleche vum Déierepark.

Et entstinn 8 Aarbechtsplazen, an en „Expert“ soll de Projet a sengem éischte Joer begleeden. D‘Tariffer vir an de Bamhaiser ze iwwernuechte leien – jee no Saison – tëscht 150 an 250 Euro fir dat „klengt“ Bamhaus (bis 4 Leit), an tëscht 200 an 300 Euro fir déi „grouss“ Bamhaiser (bis 6 Leit). Am Bamhaus-Café gëtt d‘Receptioun ënnerbruecht.

Fir d‘Reservatiounen, soll et en eegestännegen Internetsite ginn. Detailer gëtt et heizou nach keng. Et gëtt och doriwwer nogeduecht, dës Iwwernuechtungsméiglechkeet, op anere Plattformen, wéi beispillsweis „booking.com“ unzebidden. De Pim Knaff gëtt sech zudeem optimistesch, a stellt eng Auslaaschtung vun 80% an Aussiicht.

D‘Kontroll iwwert d‘Gestioun muss bei der Gemeng bleiwen

De Schäffen André Zwally (CSV) verdeedegt d‘Entscheedung vun der Gemeng, d‘Gestioun vun de Bamhaiser an Eegeregie ze maachen. Hei géif een awer gutt Uecht ginn, kee Sträit tëscht de verschiddene Statute beim Personal ze schafen. Villméi wier ee beduecht, eng passend Struktur op d‘Been ze stellen, mat deem de Projet laangfristeg erfollegräich soll ginn.

Déi 8 Plaze wieren intern ausgeschriwwe ginn, mat enger „Proufzäit“ vun engem Joer. Dat soll dem Salarié (an der Gemeng) Sécherheet bidden. Ass d‘Schaff net déi „richteg“ kritt e seng al Plaz zréck. Fir déi Persoun déi sech ëm d‘Receptioun këmmert, gëtt op Erfarung wäert geluecht, bei deenen anere soll d‘Motivatioun an d‘Begeeschterung berécksiichtegt ginn.

Fir de Conseiller Mike Hansen (LSAP) war onverständlech, datt een d‘Gestioun net dem CIGL iwwerdroen huet, begréisst awer, datt mat dësem Projet keng prekär Aarbechtsplaze geschafe ginn. Bedaueren deet de Conseiller och, datt duerch déi intern Ausschreiwung, déi Leit déi beim CIGL eng Formatioun duerchlafen, sech net op esou eng Plaz kënne mellen.

De Conseiller Bruno Cavaleiro (CSV) ass vum Projet iwwerzeegt an gesäit am Choix vum Personal, de Wëllen een héichwäertege Service unzebidden. De Projet géif zudeem d‘Offer vun de villen Aktivitéiten, déi um Gaalgebierg gebuede ginn, erweideren. Och de wirtschaftlechen Aspekt vum Projet, sollt een net ënnerschätzen.

„Den Déierepark entwéckelt sech zu engem Bijou“, esou de Marc Baum (déi lénk) „an zitt Leit aus der ganzer Regioun un“. Beim Projet Bamhaiser gëtt begréisst, nieft dem touristesche Wäert, datt d‘Gestioun an der Gemeng bleift an ee fest Aarbechtsplaze schaaft. E wier awer och eng Offer, vun deenen déi Escher sollte profitéieren.

De Luc Majerus (déi gréng) betount nach emol, datt et ni drëms gaange wier de CIGL ze ecartéieren. D‘Gestioun duerch e Gemengeservice wier awer déi besser Optioun. Et wier awer nu emol esou, datt een dem eegene Personal besser kann d‘Lewitte liese. D‘Präisser fir d‘Iwwernuechtung, wieren am direkte Verglach mat Hoteller, esou och ganz akzeptabel.

Fir den Conseiller Dan Codello (onofhängeg), dee mam Konzept u sech ganz averstanen ass, stellt sech d‘Fro, op d‘Gestioun vum Projet eng Missioun ass, déi vun enger Gemeng soll iwwerholl ginn. Hei stellt de Pim Knaff kloer, datt d‘Missioun vun der touristescher Fërderung, ganz wuel vun der Gemeng ze erfëllen ass. Zudeem géif hei keen Hotel bedriwwe ginn, et géif een en Event ubidden.

D‘Taxe fir d‘Iwwernuechtung an déi 8 Aarbechtsplaze sinn eestëmmeg ugeholl ginn

D‘Uelzechtstrooss muss nees méi attraktiv ginn

E Suergekand vun der Minettemetropole ass zanter Joren d‘Uelzechtstrooss. Déi ass an engem wierklech schlechten Zoustand, an dat kann an der zweetgréisster Stad vum Land jo wuel esou net sinn. Elo soll da mat professioneller Ënnerstëtzung no liewensfäege Léisunge gesicht ginn. Als éischt brauch et awer eng Bestandsopnam an ëffentlech Diskussiounen.

All d‘Acteuren, also d‘Geschäftsleit, hir Clienten an d‘Awunner, sollen hir Iddien, Wënsch a Virstellungen zum Ausdrock bréngen. Den Optrag vun der Bestandsopnam ass un den Escher Architektebüro WW+ vergi ginn. De Präis dofir: 108.353 Euro. D‘Bestandsopnam soll bis Juni lafen, an bis September erwaart een, datt alles ausgewäert ass.

Den Dan Codello bedauert, datt een an der Kommissioun net genuch Informatioun erhalen huet. Et wier schwiereg do en Avis ofzeginn, och wann een de participative Charakter vun der Bestandsopnam begréisst. Fir de Bruno Cavaleiro, ass et wichteg datt den Dossier endlech virukënnt, d‘Problemer mam Numm genannt ginn, an endlech Léisunge presentéiert ginn.

Als Duechter vun Escher Geschäftsleit, huet d‘Line Wies (déi lénk) d‘Verwandlung vun der Uelzechtstrooss um eegene Leif materlieft. D‘Conseillère gesäit de gréisste Problem bei de Loyeren, déi esou nach just vu grousse Chaîne kënne gedroe ginn. Kleng Commerçanten hätten dat Geld net, an och e Nofolger ze fanne wier kaum nach méiglech.

Fir den Henri Hinterscheid (LSAP) ass de Vertrag mam Architektebüro net däitlech genuch. Et géif doranner weder vun enger Etüd nach vu Foren an Ateliere geschwat ginn. Zudeem wier et ee stolze Betrag deen do fir 7 Méint Aarbecht gefuerdert gëtt.

De Conseiller besteet dann och drop, datt et keng Tabuthemen dierf ginn. An entgéint der Motivatioun vum Bruno Cavaleiro, dierf d‘Stadentwécklung net eenzeg zugonschte wirtschaftlechen Aspekter geschéien. D‘Awunner missten hiert Wuert matzeschwätzen hunn, an och d‘Niewestroosse missten an der Bestandsopnam berécksiichtegt ginn.

Och fir de Luc Majerus ass et vill Geld, dat een hei an de Grapp hëlt, mee dofir ass hien iwwerzeegt, datt et gutt ugeluecht ass. Hie gesäit dann awer och esouwuel d‘Proprietairë wéi d‘Geschäftsleit an der Flicht. Et sollt een elo awer nach esouvill Gedold hunn, bis den Architektebüro d‘Bestandsopnam virgeluecht huet.

De Christian Weis (CSV), deen iwwerzeegt ass, datt d‘Uelzechtstrooss d‘Gesiicht vun der Stad ass, hofft datt d‘Bestandsopnam derzou bäidroe kann, déi richteg Moossnamen ze ergräifen. Hie geséich et gären, wann sech d‘Uelzechtstrooss zu engem urbanen Akafszenter kéint entwéckelen, ouni der sozialer Kohäsioun am Wee ze stoen. Se soll och méi Liewensqualitéit bidden.

Mat der Enthalung vun der LSAP-Fraktioun ass den Devis/Optrag ugeholl ginn

Konventioune fir d‘Kultur

Mat der „Capitale européenne de la culture 2002 Asbl“ ass eng Konventioun ënnerschriwwe ginn. Déi huet eng Lafzäit vu 5 Joer, a fir 2018 gëtt et 1 Millioun Euro. Och mat der „Nuit de la culture Asbl“ gëtt et eng Konventioun an en Zouschoss vu 430.000 Euro. „Idependent Little Lies Asbl“ kritt 35.000 Euro an och den CND Lëtzebuerg (nationalen Danzwettbewerb) erhält 3.600 Euro.

D‘Vera Spautz begréisst d‘Konventioune, well et en anert Engagement ass wéi e Subsid. Si huet net vergiess drun ze erënneren, datt et de Jean Tonnar (LSAP) war, deen den CND op Esch bruecht huet. Och „ILL“ huet si als eng als eng ganz engagéiert Trupp bezeechent. Bei „Esch 2022“ wier et gutt datt d‘Konventioun virläit, mee et wéist een nawell och gäre wien elo do am Comité sëtzt.

Zum leschte Punkt konnt de Pim Knaff opschloss ginn. Am Comité sëtzen deemno Vertrieder vum Finanz- an Nohaltegkeetsministère, an och d‘Fransousen (Region Grand-Est) hunn der zwee dran. De Pro-Süd, Diddeleng an Déifferdeng hunn jee ee Vertrieder am Comité, Esch kritt nach een derbäi, an de Robert „ROGA“ Garcia dierf och säi Pefferkär bäisteieren.

De Pim Knaff konnt um Freideg awer nach näischt zu der Funktioun vum Danièle Fonck soen, déi jo net méi fir Editpress am Comité siegéiere kann. Si kéint, wann se dann nach weider wëll matmaachen, als Vertriederin vun der Zivilgesellschaft am Comité bleiwen.

Déi genannte Konventiounen an och d‘Organisatioun vun der Museksschoul sinn eestëmmeg ugeholl ginn

Eng Charta fir d‘Gläichstellung an aner Klengegkeeten

D‘Schäffin Mandy Ragni, huet sech der europäescher Charta fir d‘Gläichheet vu Mann a Fra ugeholl, an alles ganz explizit erkläert. Mir hale fest, datt et sechs fundamental Prinzipie gëtt, mee d‘Gemeng mat hirer Ënnerschrëft just eng moralesch Verflichtung ageet, also net juristesch gebonnen ass. Eng graduell Ëmsetzung vun der Charta ass d‘Zil.

Dat wier dann awer alles net „nei“, esou d‘Interventioun vun der Conseillère Taina Bofferding (LSAP) an erënnert un den éischten Aktiounsplang vun der Stad Esch am Joer 2011. Do géifen dann och all déi Saache schonn drastoen, déi hei als nei virgestallt ginn. Firwat soll eppes wat schonn existéiert (a wuel och schonn emol ënnerschriwwe gouf) nach emol gestëmmt ginn?

D‘Charta ass mat der Enthalung vum Dan Codello an der LSAP-Fraktioun ugeholl ginn.

Et gouf dunn eng Rei Poste geschaaft a gesicht ginn: 1 ekologeschen an energetesche Beroder Carrière B); 1 Fonctionnaire (Carrière C); 1 Hausmeeschter fir d‘Schoul a Kleppen; 1 Kierfechtsaarbechter (Carrière A). Fir Escher déi gäre mam Vëlo ënnerwee sinn: beim Kaf vun engem neie kritt een bäigeluecht. Fir en e-Bike bis zu 200 Euro, beim einfachen nach 100 Euro.

Wéinst de Gäert um Gaalgebierg ass eng Konventioun mat ArcelorMittal ënnerschriwwe ginn. Zu deem gehéiert de Pachtvertrag (1,3 Ha fir 500 Euro op fënnef Joer). Hei huet d‘Taina Bofferding gefrot wéi et mat der Waardelëscht ausgesäit, an op déi Escher virgezu ginn. Si wëll och wësse wéi et mam Waasser ausgesäit, wien sech këmmert a firwat et kee generellt Reglement gëtt? A wat ass mat deene Gäert déi dem Süd-Spidol musse weechen?

De Schäffen Henri Kox (déi gréng) bestätegt, datt e neit Reglement an Aarbecht ass, et hätt ee jo och eegen Terraine wou Gäert drop stinn. Wat d‘Süd-Spidol betrëfft, esou waart een nach op d‘Finanzéierungsgesetz. Et soll nach virum Summer kommen, an d‘Leit déi do Gäert hunn, wiere schonn entspriechend informéiert ginn. No Alternative fir déi Leit gëtt sech gekëmmert.

Et gouf dann nach eng Konventioun mat Südstroum, déi sech déi nächst 15 Joer ëm d‘Fotovoltaikanlag um Pompjeesbau këmmert, a mam Kannerschlass/Eltereschoul. Et huet och Immobilientransaktioune, en Devis vun den CFL (290.000 Euro), de Käschtevirschlag fir d‘Vestiairen op Barburg (500.000 Euro) an de Bësch-Gestiounsplang 2018 ginn.

All dës genannte Punkte sinn eestëmmeg ugeholl ginn

Den analytesche Bericht

No dëse ville klenge „Punkten“ war et dann um „Zousazpunkt“ deen déi lénk op d‘Dagesuerdnung bruecht hunn. An de Conseiller Marc Baum huet dann och missen Aushuelen. Esou huet hien emol fir unzefänke bedauert, datt dëse (wichtege) Punkt net direkt no den Haaptpunkte behandelt ginn ass, wéi et emol Traditioun am Escher Gemengerot war.

Den analytesche Bericht soll aus Grënn vum Schutz vun de Ressourcen ofgeschaaft ginn, wat déi lénk esou net agesinn. Den analytesche Bericht wier awer dee Medium, iwwert deen de Bierger sech géif informéieren, wann hie wësse wéilt wat am Gemengerot geschwat an entscheet gëtt. Dat gehéiert zur Transparenz, grad ewéi d‘Verdeelung an „all Bréifkëscht“.

2016 hätt et dee leeschten analytesche Bericht ginn, an d‘Vera Spautz hätt sengerzäit technesch Problemer ugefouert. Dëse Bericht zukünfteg just am Internet bereet ze stellen, respektiv en deene Leit zouzeschécken, déi den analytesche Bericht formell ufuerderen, wier net de richtege Wee. Déi lénk schéngen dann awer ze wëssen, datt dëse Bericht vill Leit interesséiert.

Wat d‘Schoune vu Ressourcen ugeet, esou weist de Marc Baum drop hin, datt esouguer de MouvEco de Gemengen dozou réit, de Bierger esou en analytesche Bericht zougänglech ze maachen. Et misst een de Bericht schliisslech och net op Héichglanzpabeier drécken. Déi lénk hält et zudeem als Bedenklech, den analytesche Bericht ouni Diskussioun am Gemengerot ofzeschafen.

D‘Vera Spautz erënnert drun, dat scho méi laang tëscht de Fraktiounen diskutéiert gëtt, wéi et soll mam analytesche Bericht weidergoen. E grousse Problem, esou déi fréier Buergermeeschtesch, wier d‘Transkriptioun. Dat hätt ëmmer eng Firma gemaach, déi awer „net méi nokënnt“. Si weist dann nach drop hin, datt et bis dohinner d‘CSV war, déi um analytesche Bericht festgehalen huet.

Iwwert d‘Interpellatioun zum analytesche Bericht, ass och den Dan Codello erfreet. Den analytesche Bericht soll dem Bierger Kommunalpolitik vermëttelen, an ass a bleift eng wichteg Informatiounsquell. Zudeem wier eng Transkriptioun méi objektiv wéi e Pressebericht. Wann ee wéilt Ressource spueren, sollt een driwwer nodenken, Publikatiounen zesummenzeleeën.

Den Henri Hinterscheid weist drop hin, datt d‘Gemeng mam „Esch-Speed“ wollt déi digital Fraktur verhënneren. Hie réit dovunner of den analytesche Bericht ofzeschafen, wann een och déi analog Frakture wëll vermeiden. De Live-Stream kann hei keen Ersatz sinn, an net all Mënsch géif mat der neier Technologie eens, dat misst berécksichtegt ginn.

Eng Hellewull u Virwërf, déi de Buergermeeschter esou net gëlle ka loossen. Keen hätt gesot, datt den analytesche Bericht soll ofgeschaaft ginn. Et misst een awer éierlech sinn a bedenken, datt den analytesche Bericht oft (ze oft) vun der Bréifkëscht ouni Ëmwee an déi blo Dreckskëscht geet. Zudeem, hätten sech bis ewell nëmmen 273 gemellt, fir eng Pabeierversioun ze kréien.

Den analytesche Bericht kritt d‘Gemeng dann och net geschenkt. 2016 hätt deen ëmmerhi 70.370 Euro kascht. Vill Geld fir et an eng blo Dreckskëscht ze „investéieren“. Mee et ass richteg, datt eng Entrevue mat de Fraktiounsspriecher net vu Muttwëll ass. Eng Meenung déi esou och vum Schäffen André Zwally gedeelt gëtt.

Zu dësem Punkt gouf et kee Vote

Nee zum Faschist an der Integratiounskommissioun

Beim Punkt wou et ëm d‘Besetzung vun de consultative Kommissioune geet, ass allgemeng de Bluttdrock nach emol gefuerdert ginn. Ouni de Schäffe Pim Knaff perséinlech unzegräifen, huet de Mike Hansen sech hei awer genéidegt gesinn, e Punkt ze setzen. Grond fir déi ganz Opreegung? D‘Experten déi an de Kommissioune consultéiert ginn.

De Conseiller hätt da gäre vum Schäffe gewosst, wéi eng Kritären ee muss erfëlle fir „Expert“ ze sinn. Dat besonnesch a virun allem dorop bezunn, datt et ënnert dësen „Experten“ een op der Lëscht vun der Integratiounskommissioun gëtt, dee laut Medieberichter „ze wäit Riets fir den ADR“ ass. E Member vun de Patrioten an der „Luxembourg Defense League“

Et wier un der Prozedur, wéi se fir d‘Kommissiounen ugewannt gëtt, näischt verännert ginn, bemierkt de Pim Knaff. D‘Lëscht vun den Experte wier op der Basis vun Aschreiwungen entstanen, an dat wier schonn ëmmer esou gewiescht. Zum anere wier et och esou, datt hei eng Lëscht an net e Kandidat gestëmmt géif ginn. D‘Experte géifen zudeem vun der Kommissioun virgeschloen.

Hien huet dann och kee Problem, datt d‘Lëscht vum Vote ausgeholl gëtt. Den Dan Codello weist drop hin, datt d‘Kandidate fir d‘Integratiounskommissioun, no der Gréisst vun der Communautéit, déi se representéiere gewielt ginn, woubäi hie feststellt, datt den Appell fir d‘Kandidatur net ganz kloer formuléiert war. Och hie setzt sech fir e Vote vun eleng der Kandidatelëscht an.

Dem Marc Baum war, der eegener Ausso no, och de Mond opstoe bliwwen, wéi hien „deen“ Numm op der Lëscht gesinn huet. An d‘Vera Spautz kann sech un en Optrëtt vun der „Luxembourg Defense League“ beim Resistenzmusée erënneren. Et wier hinne sengerzäit däitlech gemaach ginn datt si net erwënscht sinn. An och de Buergermeeschter mécht kloer, datt esou Leit näischt hei verluer hunn.

D‘Zesummestellung vun der Integratiounskommissioun (ouni Experten) an der Jugendkommissioun ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Ähnlech Sujeten Analytesche Bericht, Bamhaiser, Escher Gemengerot, Kultur, Uelzechtstrooss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel