Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen
International Money Neiegkeeten

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
International Money Neiegkeeten

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais
International Money Neiegkeeten

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais

Um Vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri bei enger

money

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Dëse Mëttwoch huet Bréissel op e neits déi 28 Memberlänner vun der EU dozou opgeruff, endlech aus der Sakgaass vun der Bankenunioun erauszekommen. Fir sech besser verständlech ze maachen, huet Bréissel seng Ambitiounen am Projet no ënne revidéiert.

Um europäesche System fir d‘Bankgarantie, déi d‘Einlage vun de Bierger ofséchere soll, gëtt trotz dem Widderstand aus Berlin festgehale. Et misst de Konsens elo endlech fonnt ginn, iergert sech de Valdis Dombrovskis, Vizepresident vun der EU-Kommissioun. Innerhalb vun zwee Joer wier et net méiglech gewiescht an dësem Dossier virunzekommen, dofir hätt een elo nei Propositioune virgeluecht.

E Projet deen an éischter Linn de Clienten nees sollt d‘Vertrauen an d‘Banken zréckginn.

D‘Iddi vun der Bankenunioun war viru véier Joer opkomm, während der „Euro-Kris“ fir ze verhënneren datt de Banken-Debakel net zur Scholdekris verkënnt. Enn November 2015 hat d‘Kommissioun sech iwwert d‘Bedenken aus Däitschland ewech gesat an de Projet virgestallt. E Projet deen an éischter Linn de Clienten nees sollt d‘Vertrauen an d‘Banken zréckginn.

Esouwäit de Plang, deen u sech nach just misst vum EU-Parlament an den 28 ofgeseent ginn. Mee wéi dat esou ass wann een absolut net wëll, da bleift et beim Projet. An do ass dann awer eppes ze einfach mam Fanger op Däitschland ze weisen. Et ass ëmmerhin och déi delikat Situatioun vun de Banken a Südeuropa – wéi beispillsweis Italien, wou e sëlleche Banken zweiwelhaft Fuerderungen hunn – déi zu Berlin net gutt ukënnt.

Wéineg Vertrauen

Däitschland huet widderholl drop higewisen, datt d‘Vereenheetlechung vum System doranner resultéiert, datt den däitsche Spuerer fir d‘Feeler vu Banken an anere Länner muss opkommen. Déi wiere generell schlecht gefouert, heescht et aus Berlin.

Hei muss een dann och wëssen, datt all d‘Länner vun der EU gehale sinn e nationale Garantie-System fir d‘Bierger ze hunn. Esou solle bis zu 100.000 Euro pro Konto a Bank, géint d‘Faillite vum Finanzinstitut ofgeséchert sinn.

D‘Kommissioun, déi fir unzefänken e Projet mat dräi Phasen op den Dësch geluecht hat, behält nach just déi zwou éischt zréck. Si hunn um Mëttwoch am „neie“ Projet déi läscht Etappe, déi virgesinn hat 2024 en europäesche Garantie-Fonds anzeriichten, ewechfale gelooss. Eng Mesure déi vun Däitschland kategoresch ofgewise ginn ass.

Et presséiert net

Säitens der Kommissioun huet een dann och Ofstand dovunner geholl, sech op en Datum festzeleeën zu deem déi „Bankenunioun“ da soll effektiv ginn. Zu Bréissel presséiert et „net méi“ wat erlaabt unzehuelen, datt d‘Bankekris zumindest fir d‘Politiker eriwwer ze si schéngt.

An der éischter Phas also, falls eng Bank faillite mécht, ginn d‘Cliente vum nationale Garantie-Fonds entschiedegt. Sollt deen net duer goen, leet Bréissel a Form vun engem Kredit, nach eppes bäi. Déi zweet Phas, déi beim Projet vun 2015 fir 2020 virgesi war, soll dann och nëmmen dann a Kraaft trieden, wann all d‘Banken an der EU, hire „Gesondheetstest“ bestanen hunn.

Dat kann also nach eppes daueren, well et engersäits Leit brauch fir déi „Tester“ duerchzeféieren an anersäits d‘Zesummenaarbecht „fräiwëlleg“ ass. An do läit d‘Kromm an der Heck, well nëmme wann all d‘Risken an alle Banken esou minimiséiert sinn, datt se eigentlech net méi bestinn, dann, an nëmmen dann, kann een zu engem europäesche Mechanissem iwwergoen, dee lues a lues d‘Verloschter vun engem nationale System kann opfänken.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bankenunioun, Däitschland, EU-Kommissioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel