Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…
shinko hook up 190 Neiegkeeten

https://moien.lu/top-dating-podcasts/

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch

https://moien.lu/bracket-dating-dallas/
shinko hook up 190 Neiegkeeten

Nuit des Musées – Méi wéi 23.500 Visiteuren si begeeschtert ginn

A festlecher Ambiance huet déi 19. Editioun vun der Nuit

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…
shinko hook up 190 Neiegkeeten

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…

Wéi de Premierminister gëschter seng Ried geschmass huet, war Gedold

money

Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart

Regierung wëll mat de Banke kläre wéi enger Servicer sollte gratis sinn

Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart

Si hu verhandelt, du gestridden am um Enn ass der ULC de Kolli geplatzt. Et koum zur Petitioun an déi war esou gutt motivéiert datt se engersäits um Krautmaart ugeholl an anersäits, vill Succès bei de Leit kritt huet. Gëschter koum et am héijen Haus dann zum ëffentlechen Debat…

Et gëtt vill Grënn firwat nach ëmmer Mënschen sech bei hirer Bank an de Schalter beginn, fir hir Bankenoperatiounen ze erleedegen. Do sinn eis eeler Matbierger, et soll och nach Mënsche ginn, déi hu guer kee Computer an déi, wou deem ganzen Internet net trauen, zumindest net wann et ëm d‘Geld geet. All déi wiere liicht Affer fir d‘Banken, déi dësen ofverlaange kéinte wat si wëllen.

Fir all déi Leit, déi op eng „human Interventioun“ ugewise sinn, sinn d‘Bankfraisen eng Bestrofung. Net nëmmen datt si bezuele musse fir un dat eegent Geld ze kommen, si ginn – do wou et méiglech ass – vun de Banken „iwwert de Schalter gezunn – an dat fir déi banaalste Virgäng. Besonnesch bedauerlech: Institutiounen déi dem Staat gehéieren (POST / BCEE) sinn extra effektiv doranner.

Wann däi Geld anere gehéiert

Eng Situatioun mat där sech de Konsumenteschutz net offanne wollt an op d‘Barrikade gaangen ass. Si hunn dann och iwwer 5.600 Ënnerschrëfte gesammelt, mat deenen si hir Fuerderung, d‘Gesetz zu de Bankfraisen (13. Juni 2017) esou ze reforméieren, datt d‘Banke gezwonge ginn, zum engen: generell zolidd reduzéiert Tariffer fir Basisoperatiounen ze verlaangen. An zum aneren:

„Et muss méiglech sinn, datt Persounen iwwer 65 Joer, Mënsche mat spezifesche Besoinen, an iwwerhaapt jiddereen deen op d‘Hëllef vun dengem Schalterbeamten ugewisen ass, déi och kritt an zwar ouni datt et eppes kascht. (…) D‘Banke schaffe mam Geld vun dëse Leit, schloen dorausser Kapital, an awer zéien se hinnen d‘Geld aus der Täsch.“, esou den ULC-President Nico Hoffmann.

Deen ass dann och, entgéint deem wat ee unhuele kéint, net am Clinch mat der Digitalisatioun, mee wann déi géint déi schwächste Glidder vun eiser Gesellschaft ugewannt gëtt, muss agegraff ginn. An de Staat huet eng Verantwortung, och dëse Bierger géinteniwwer. Si sollt also mam gudde Beispill virgoen, an do wou si Haaptaktionär ass entspriechend Moossnamen an d‘Wee leeden.

Iwwerfuerdert Ministesch

Fir d‘Ministesch Paulette Lenert (LSAP), déi de Verbraucherschutzministère leet, sinn d‘Doleance vum ULC-President wuel verständlech, mee si wéist gären, wéi a wéini een eng Persoun als „Vulnerabel“ erkennt oder bezeechent. Déi Definitioun vun der Vulnerabilitéit wier, esou déi fréier Magistratin, net kloer. Wéi a virun allem wien, soll dat entscheeden a wéi kritt een dat an en Text?

Eppes gesonde Mënscheverstand kéint deem entgéint kommen, woubäi et natierlech och fir eng Ministesch net einfach ass sech enger esou staarker Lobby an de Wee ze stellen. D‘Privatiséierung vun der POST an der Spuerkeess huet schliisslech dem „Management“ vun dësen Entreprise fräi Entscheedungsgewalt zougeschwat an als Aktionär geséich si gären d‘Dividende fléissen.

Domatter sinn d‘Jalone gesat: weder d‘POST nach d‘Spuerkeess wäerten eleng hire Clienten eng Rei Servicer gratis ubidden, zumindest net wann all déi aner dat net och uwennen. Si hätten sech gewëssen allgemeng gültege Verhalensregelen ze ënnerwerfen, esou d‘Argument. Datt een hautdesdaags muss e Bankkonto hunn, bitt de Finanzinstituter allerdéngs vill Spillraum fir Abus.

Net Schaarf op e Simulator

De Konsumenteschutz hält och u senger Fuerderung no engem virtuelle Bankfraisen-Simulator fest, mat deem d‘Clienten d‘Chance kréien, sech déi Bank auszewielen, déi hinnen entsprécht. Wichteg wier an dësem Kontext, datt de System déi vulnerabel Persounen erkennt. Hei wier net vu Muttwëll, wann zumindest d‘Biergerzenter a Sozialdéngschter, deenen ouni Computer eng Ulafstell wieren.

Zum Simulator huet sech de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) geäussert. Hie mengt, datt d‘CSSF (Comité zur Iwwerwaachung vum Finanzsecteur) déi gëeegent Institutioun fir d‘Gestioun vun esou engem Service wier. Dat wëll elo net heeschen, datt déi et wäert maachen. D‘Fuerderung ass schliisslech esou al an de Minister esoulaang am Amt, datt dat längst hätt kënnen ëmgesat ginn.

Wat d‘Fraisen ubelaangt, do huet de fréiere President vun der Handelskummer kee Versteesdemech fir d‘Fuerderung vun der ULC. Eise Banke géif net gutt goen, well déi duerch Reglementéierungen esou schrecklech ënner Drock gerode sinn, datt (aarme) Leit d‘Geld aus der Täsch ze zéien, déi eenzeg Optioun ass, fir nach iwwerhaapt um Maart bestoen ze kënnen. An alles gëtt méi deier…

Lobbyist oder Minister?

Wann de Pierre Gramegna drop hiweist, datt de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg fir 30% vum BIP verantwortlech ass an am Liewe beschtefalls den Dout gratis ass, ass net ëmmer op den éischte Bléck ersiichtlech, ob hien e Minister am Déngscht vum Bierger oder schonn de Chef-Lobbyist vum Bankesecteur ass. En Reform vum Gesetz wäert hien net ënnerstëtzen, esouvill ass kloer.

An de Finanzminister stellt fest: „Mir liewen an enger maartorientéierter Gesellschaft“. Domatter dierft ersiichtlech sinn, wiem seng Interesse de Politiker vertrëtt. An et mécht Sënn: déi mat vill bis immens vill Goss, kréie vun de Banken den „Tutes“ gepuddert a Konditiounen zougestanen, do freet e sech, ob de Postbeamten ee beim Anzuch vu 4 Euro fir Geld opzehiewen, net beklaut huet.

Elo soll dann awer eng Kommissiounssëtzung aberuff ginn, un där sech de Finanzminister, déi nei Verbraucherschutzministesch an d‘Familljeministesch bedeelegen. Deelhuele soll och d‘ABBL a Vertrieder vun der CSSF, net awer Gewerkschaften an/oder Vertrieder vun der Zivilgesellschaft. Maachen d‘Banke keng Konzessiounen, da „kéint“ et zu engem entspriechende Gesetz kommen…

Ähnlech Sujeten Bankfraisen, Konsumenteschutz, Krautmaart, Nico Hoffmann, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel