Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“
International Kultur Neiegkeeten

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“

Schonn am vergaangene Joer huet de jonke Lëtzebuerger Songwriter ADRIɅN

dislike
No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn
International Kultur Neiegkeeten

No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn

Russland konnt um Mëttwoch d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Wierk vum Streetart-Kënschtler zerstéiert sech selwer!

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“, hat um Freidegowend d‘Konschtwelt a villen Hisiichten iwwerrascht. Zum Engem huet vill „Sammler“ an d‘Hale vu Sotheby‘s gelackert, an zum aneren e Rekordpräis bei der Auktioun erreecht. A bis dohinner war et bei Sotheby‘s eng Auktioun wéi et der schonn honnerte ginn hat.

Wéi den Hummer beim héchste Gebuet vu ronn 1,2 Milliounen Euro gefall war, wier et mat dëser Geschicht eigentlech eriwwer gewiescht. Mee se hunn zu London net schlecht gestaunt… Een am Kader vum Bild verstoppte Schredder huet sech zu Wuert gemellt. Dee war ganz vun eleng aktiv ginn an huet virun den Ae vu „liicht erstaunte“ Mënschen, d‘Meedche mam Loftballon „gefriess“.

De Kënschtler huet, esouvill muss him vergënnt sinn, Humor. Um „offiziellen“ Instagram-Account vum Banksy ass dësen Ament och digital veréiwegt ginn. Bei Sotheby‘s huet een d‘Nerve behalen an den Alex Branczik, Chef vum Departement fir zäitgenëssesch Konscht vum Auktiounshaus, huet ganz pragmatesch festgestallt: „Et gesäit duerno aus, wéi wa mir grad ‚gebanksyt‘ goufen“.

Interessant an dësem spezielle Fall, d‘Fro op sech de Fait, datt d‘Bild sech quasi selwer zerstéiert huet, zum Konschtwierk gehéiert. Zumindest beréit sech Sotheby‘s mam Keefer, iwwert déi nächst Schrëtt, léisst den Alex Branczik wëssen. Et wier déi éischte Kéier an der Geschicht vu Sotheby‘s, datt sech e Konschtwierk selwer zerschreddert hätt, nodeems et ënnert den Hummer koum.

E Phantom vun der zäitgenëssescher Konscht

De Kënschtler Banksy, ass mat Ofstand ee vun den aktuell prominentste Graffiti-Kënschtler op der Welt. Emol mat enger Touche „politeschem Aktivismus“ oder schlicht minimalistesch poetesch, et gëtt fir de Banksy keen Tabu. An de „Graffer“ reest gären… Seng Wierker sinn a ville Länner op de Maueren ze gesinn, hunn oft en däitlech politesche Message, mee et ass ëmmer „Konscht“.

Am Fall vum „Meedche mam Loftballon“, wou eng Knetzel den Aarm no engem entschwiewende Loftballon ausstreckt, geet et ëm eent vun de bekanntste Motiver vum Banksy. Engem Kënschtler vun deem d‘Welt behaapt e wier britesche Staatsbierger, wat sech awer net beleeë léisst. De Banksy hält seng Identitéit „geheim“, a bis ewell kritt hien dat ganz gutt hin. Mee dat ass net alles…

Banksy

(video-grab) Knapps datt den Hummer beim Gebuet vu ronn 1,2 Milliounen Euro gefall ass, huet et am Kader e Geräisch ginn, an een doranner agebaute Schredder huet dem Banksy säi „Girl with Balloon“ a ganz reng Sträife geschnidden. An och dat ass, egal wéi een driwwer denkt, nach ëmmer „Konscht“.

De Streetart-Kënschtler, deem et ze gefale schéngt eng ze „stëbsen“, huet awer och eng satiresch Oder. Erënnere mir eis nach emol un dat Bild, op dem e prehistoresche Mënsch mat enger Lanz ze gesinn ass, dee säin Akafsweenchen dréckt. Dat hat de Banksy (ouni dat hien ee gefrot hätt) einfach am „British Museum“ opgehaangen. Opgefall ass et awer eréischt no e puer Deeg.

An nach e Punkt zeechent de Banksy aus: seng Aversioun géintiwwer der Kommerzialisatioun vu senger Konscht ass bekannt, an op Ausstellunge leet hie kee Wäert. Op Instagram huet hien e Bild vun der Auktioun gepost, mam traditionelle Sproch vum Ausriffer iert den Zouschlag kënnt: „Going, Going, Gone“. Et huet dann e Video ginn, an deem de Kënschtler seng Aktioun erkläert.

Esou heescht an dësem Video: „Virun e puer Joer hunn ech heemlech e Schredder an de Kader vum Bild agebaut, dat fir de Fall datt d‘Wierk jeemools géif versteet ginn“. Seng Spriecherin, Jo Brooks, huet confirméiert, d‘Opzeechnung vum Video ass echt. Elo wollt een vum Jo Brooks wëssen, op de Kënschtler uwiesend war. Eng Fro op déi et „keng Äntwert ka ginn“…

mat AFP

Foto: D‘Wierk „Girl with Balloon“, hei den 11. Mee zu Dublin als politesche Message ze gesinn. Et ass hei drëms gaangen de „Jo“ beim Referendum zur Ofschafung vum 8. Amendement vun der irescher Verfassung, a fir d‘Legaliséierung vum Schwangerschaftsofbroch, ze sensibiliséieren. © Artur Widak/AFP

Ähnlech Sujeten Auktioun, Banksy, Konscht, Sotheby's, Streetart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel