Search

You may also like

E Krimi schreiwen? Kee Problem!
International Neiegkeeten

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film?

Den Horesca-Beruffsverband deet sech schwéier
International Neiegkeeten

Den Horesca-Beruffsverband deet sech schwéier

Beim Beruffsverband vun de Cafetieren an de Restaurateuren huet ee

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou
International Neiegkeeten

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou

Den nächste Sonndeg gëtt dem Holocaust geduecht, an alles wat

Banksy: Sea-Watch kritt “pink” Ënnerstëtzung

De Banksy ass de Pseudonym vun engem brittesche Kënschtler, kee weess wien hannert senger Identitéit stécht. Elo huet en d'Welt nees iwwerrascht.

Banksy: Sea-Watch kritt “pink” Ënnerstëtzung

De Streetart-Kënschtler huet der däitscher Organisatioun Sea-Watch e Schëff zur Séinoutrettung gesponsert, (Den Erléis kënnt vun engem verkaaftene Banksy-Original) an et anengems verschéinert: rosa, mat engem Rettungsréng an Häerzform.

D’Schëff ass den 18 August ausgelaf, dat ouni grouss Ukënnegung, well et sollt verhënnert ginn, datt d’Schëff vun den Autoritéite kéint festgesat ginn. D’Michel Louise, esou den Numm (deen enger Kommunardin an Anarchistin « Rote Louise » entleent ass), ass am Mëttelmier, an huet schonn en Donneschden 89 Mënschen an Nout gerett, dorënner 14 Fraen a Kanner.

Banksy

Et sollt net derbäi bleiwen, a gëschter huet d‘Besatzung, déi nach weider Mënschen aus Séinout gerett huet, missen en Noutruff ofsetzen. Mat iwwer 200 Mënschen u Bord ass d‘Schëff Manöveronfäeg. Schëffer wieren ënnerwee, och vun der Italienescher Küstewaach, déi bereet war Leit vun der Michel Louise ze iwwerhuelen. Aner gerett Flüchtlinge si vun der Sea-Watch4 iwwerholl ginn. Elo gëtt e sécheren Hafe gesicht, fir d’Passagéier vu Bord ze bréngen.

Déi 31 Meter laang Motorjacht huet fréier der franséischer Douane gehéiert. Si ass méi kleng, mä méi séier ewéi aner Rettungsschëffer. D’Louise Michel kéint soumat hoffentlech déi libesch Küstewuecht iwwerhuelen, bevir dësd’Flüchtlingen a Migranten erreechen an se an d’Internéierungslager a Libyen zeréckbréngen, seet d’Kapitänin Pia Kemp.

Banksy

D‘Kapitänin vun der Sea-Watch3, Pia Klemp, huet bei hire Missiounen iwwer 1.000 Mënschen aus dem Mëttelmier gerett. © Paul Lovis Wagner / Sea-Watch (Archiv Feb. 2019)

D’Crew besteet aus erfuerene Séinoutretter. D’Spidol u Bord an d’Schwammweste goufe vum Civilfleet-Projekt finanzéiert, wat duerch Sue vun enger Spendenaktioun vum Moderator Klaas Heufer-Umlauf koum.

D’Pia Klemp war den 29. Mee 2019 och beim Joko an dem Klaas, den zwee Moderatore vu Pro 7 an huet iwwer hier Tätegkeet am Mëttelmier geschwat. Ausserdeem sollt hier mam Carola Rackete zesummen d’Medail vun der „Ville de Paris“ iwwerreecht ginn, mä d‘Pia Klemp huet – opgrond dem Ëmgang mat Migranten zu Paräis esou wéi der Differenzéierung tëscht “Helden” an “Illegalen” ofgeleent.

Banksy

© Sea-Watch

Wéi kënnt de Stroossekënschtler Banksy an d‘Geschicht? Wéi et ausgesäit huet seng Bedeelegung mat engem E-Mail Verkéier aus dem Joer 2019 ze dinn. Nodeems hien dem Pia Klemp seng Geschicht an der Zeitung gelies huet, war e voller Bewonnerung fir déi couragéiert Fra. Dat war seng Reaktioun:

“Du kléngs, wéi wann s de en haarden Typ bass. Ech si Kënschtler aus dem Vereenegte Kinnekräich an hunn e puer Aarbechten iwwer d’Flüchtlingskris gemaach. Mä ech kann d’Suen net halen. Kanns du se benotzen, fir en neit Schëff oder eppes aneres ze kafen? Hal mech um Courant. Gutt gemaach!”

Banksy

BanksyD’Kapitänin huet d’Mail ufanks fir e Witz gehalen, mä mëttlerweil gleeft si, datt de Banksy si aus politescher Iwwerzeegung erausgesicht huet. Hier Erfarunge mat der Flüchtlingsrettung a Verhaftung sinn d‘Grondlage vun hirem Roman Lass uns mit den Toten tanzen.

Foto: Fréier am Asaz fir déi franséisch Douane, elo ee Konschtwierk am Asaz fir Humanitéit, Solidaritéit a d‘Mënscherechter. D‘Michel Louise, vum Streetart-Kënschtler Banksy ass ee Beitrag fir eng Séinoutrettungsmissioun, där sech déi europäesch Politik mat alle Mëttel verweigert. © Sea-Watch

Related topics Banksy, Mëttelmier, Michel Louise, MSF, Open Arms, Pia Klemp, Sea-Watch, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post