Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof
anne curtis luis manzano dating Neiegkeeten

https://moien.lu/mirroring-technique-dating/

Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet

https://moien.lu/speed-dating-alleinerziehende/
anne curtis luis manzano dating Neiegkeeten

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

Tacheles: Schlofe géint de Stau
anne curtis luis manzano dating Neiegkeeten

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

Barcelona gedenkt sengen Affer

Barcelona gedenkt sengen Affer

D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu der dschihadistescher Zell, déi fir den duebelen Attentat verantwortlech gemaach gëtt, kënne bekannt ze ginn. Dëst während ee Verdächtegen nach ëmmer op der Flucht ass, an en Imam sech a Loft opgeléist huet.

Déi dschihadistesch Zell vun enger Dose Leit ass neutraliséiert. Allerdéngs konnt ee vun de Verdächtegen, den Younès Abouyyaquoub, e Marokkaner vun 22 Joer, nach net ermëttelt ginn. D‘Police kann zum aktuellen Zäitpunkt och net bestätegen op de Mann nach a Spuenien ass oder net.

Och aus dem Marokko stamend, de Imam Abdelbaki Es Satty. De Mann vun an déi 40 Joer gëtt verdächtegt, déi jonk Leit radikaliséiert ze hunn, déi sech dem dschihadistesche Grupp ugeschloss hätten. Deen, esouvill ass elo gewosst, ass fir d‘Attentater zu Barcelona a Cambrils verantwortlech.

Déi donkel Säit vun der Relioun

Vun der Police war gewuer ze ginn, datt den Imam méiglecherweis bei der Explosioun zu Alcanar (Katalounien) ëm d‘Liewe komm ass. Dat ass den Uert wou sech d‘Terroristen op hir hannerlëschteg Dote virbereet sollen hunn.

D‘Kollege vun der spuenescher Press stellen sech dann och Froen zum Imam sengem Openthalt an der Belsch 2016. Hie soll sech reegelméisseg zu Malines, enger Virstad vu Bréissel, opgehalen hunn. Laut, vun der Dageszeitung „El Pais“ genannte Quellen, hätt sech den Abdelbaki Es Satty an de leschten zwee Joer ëfters do opgehalen. Hie soll awer och reegelméisseg no Marokko a Frankräich gereest sinn.

De Mann, dee schonn e puer mol wéinst kléngere Verstéiss mat Prisong bestrooft ginn ass, kéint mat engem Leader vum IS (Islamesche Staat) Kontakt gehat hunn. Laut „El Pais“ an „El Mundo“, déi sech op Quellen aus der Antiterror-Zeen beruffen, huet den Imam am Prisong mat Leit Verbindung gehat, déi am Zesummenhang mat den Attentater vum Mäerz 2004 stinn. Deemools hate bei engem Uschlag op Zich zu Madrid 191 Mënschen d‘Liewe verluer.

Den Affer gedenken

Um Sonndeg hunn eng 2.000 Leit den Affer vun der schrecklecher Dot geduecht. Eng Mass gouf an emblematescher Basilika vun der „Sagrada Familia“ zu Barcelona gehalen. Hei souz de Regierungschef Mariano Rajoy – well de Protokoll dat esou virschreift – nieft dem President vu Katalounien, Charles Puigdemont. Zwee, déi sech wéinst dem Wonsch vun de Leit no Onofhängegkeet, net no stinn.

Zwielef vun de 14 Affer sinn dann elo och formell identifizéiert ginn. Ënnert hinnen ee klenge Bouf vu dräi Joer an e Kand vu siwe Joer. Dem Kand seng Elteren, haten nach gehofft an en häerzzerräissenden Opruff gemaach fir en erëmzefannen. Um Sonndeg houngen nach zéng Mënschen tëscht Liewen an Doud.

Net auszedenke falls…

No éischten Elementer vun der Enquête, stellt sech eraus, datt de Bilan wiesentlech méi héich hätt kënnen ausfalen. De Chef vun der Police, Josep Lluis Trapero, huet matgedeelt, datt d‘Terroristen sech op méi Uschléi virbereet mussen hunn. Et wier engem „schlechten“ Ëmgang mat hire Sprengsätz an déi heiduerch ausgeléisten Explosioun, déi zu gudder Läscht Schlëmmeres verhënnert huet.

Am Haus zu Alcantar, wou sech d‘Dschihadisten zanter sechs Méint néiergelooss haten, waren op mannst 120 Gasfläsche gelagert. Dat, esou den Trapero, wier erauskomm wéi d‘Ruine vu der Police ënnersicht gi sinn. Eng Nopesch, d‘Martine Groby aus Frankräich huet der AFP matgedeelt, datt säit Abrëll véier Männer „déi all Franséisch geschwat hunn“ komm a gaange sinn. Beim Ausluede vu „Saachen“ wieren se ëmmer ganz besonnesch virsiichteg gewiescht.

D‘Ënnersichung vun hirer Stopp huet erlaabt sécherzestellen, datt och Sprengmëttel op der Plaz gelagert waren. Dorënner och dee vun den Dschihadiste favoriséierten TATP (e Sprengstoff op Basis vun Aceton, oxygenéiertem Waasser an enger Saier, dee am Dschihadiste-Milieu als „Mamm vum Satan“ bezeechent gëtt). 24 Stonnen nom „Accident“ vum Mëttwoch zu Alcantar, huet de Rescht vun der Band mat Gefierer hir traureg Dote begaangen.

mam Alfons Luna an dem Adrien Vicente/AFP

Foto: Trauer zu Barcelona. Op „Las Ramblas“ dem Uert vun der hannerlëschteger Dot, hunn d‘Mënschen sech zesummefonnt fir den Affer ze Gedenken. (© Javier Soriano/AFP)

Ähnlech Sujeten Attentat, Barcelona, Dschihad, islamesche Staat, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel