Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géigewand um Fluchhafen
International Kultur Neiegkeeten

Géigewand um Fluchhafen

Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
International Kultur Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

En „Eclat“ bei der CSV?
International Kultur Neiegkeeten

En „Eclat“ bei der CSV?

Elo ass de Philippe Wilmes – Brudder vum Serge Wilmes,

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen

Vu Stolz erfëllt, kann d’Oper zu Barcelona matdeelen, datt de Concert vum Méindeg quasi ausverkaaft war. Dobäi gouf dem Puccini säi Wierk „Crisantemi“ vum UseLi Sträicher-Quartett opgefouert. Iwwer 2.000 Planzen hu gespaant de Spektakel verfollegt. Moment, wat?!

D’Evenement ass vum Konzeptkënschtler Eugenio Ampudia geplangt ginn. Ganzer 2.292 Planze sinn an de Gran Teatre del Liceau zu Barcelona transportéiert ginn, fir esou an enger symbolescher Aart a Weis de Wäert vun der Konscht, der Musek an der Natur ervir ze hiewen. Wärend d’Planzen och wärend dem Lockdown genetzt gi sinn, huet d’Oper eng richteg Drécheperiod erlieft, an et freet ee sech, an noer Zukunft nees Spectateuren empfänken an den normalen Aktivitéiten nogoen ze kënnen.

Barcelona

Screenshot vum Livestream vum „Concierto para el bioceno“

Dobäi deelt d’Operenhaus mat, datt een no dëser komescher a schmäerzhafter Period „eng aner Perspektiv op de Relancement vun den Aktivitéiten, eng Perspektiv déi eis méi no un un eppes esou Essentielles wéi d’Relatioun zur Natur“ bréngt. Duerch déi sanitär Moossname fir de Virus anzedämmen, war d’Concertsgebai gezwongen, säi ganze Programm ofzesoen. Aktuell kënnen a Spuenien kulturell Infrasturkturen awer nees op maachen mat enger limitéierter Unzuel u Visiteuren.

Den Optrëtt „Concierto para el bioceno“, mat de grénge Gäscht, konnt per Livestream verfollegt ginn. Applaus gouf et wuel keen, mee vläicht wuessen d’Planzen elo nach besser! Si sollen iwwregens laut CNN uschléissend un d’Mataarbechter vum Spidol vu Barcelona verschenkt ginn, als Merci fir hir Aarbecht.

Den Artist Eugenio Ampudia huet mat enger grousser Ekipp vun der Oper, sou wei weideren Acteure missen zesummeschaffen, fir déi vill Planzen zesummen ze kréien. Fir Gréngs aus der Géigend ze kommen huet ee sech Flores Navarro als Hëllef geholl. Ganzer 500 Planzen hunn eng Héicht vun 1,5 Meter, 1200 Planzen sinn 1 Meter héich an de Rescht ëm 60 Zentimeter.

Barcelona

Screenshot vum Livestream vum „Concierto para el bioceno“

Schonn 2015 huet den Ampudia mam kënschtlerechen Direkter vum Liceu zesummegeschafft, fir eng Aktioun bei der Serie „Dónde dormir“ am Palau de la Música zu Barcelona duerchzeféieren. Seng Iddi ass deemools wuel esou gutt hänke bliwwen, datt hien fir e weidere Projet an der Oper gefrot ginn ass. Schnell koum him nees eng kreativ Iddi, déi direkt iwwerzeegt huet.

Ähnlech Sujeten Barcelona, Concert, Coronakris, Eugenio Ampudia, Gran Teatre del Liceau, Konscht, Konzeptkënschtler, Lockdown, Musék, Oper, Optrëtt, Pandemie, Planzen, Spidol, UseLi Sträicher-Quartett, Wäert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel