Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
International Neiegkeeten https://moien.lu/indian-match-making-website/

dating website spam

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

https://moien.lu/online-dating-fade-out/
Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn
International Neiegkeeten https://moien.lu/indian-match-making-website/

Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn

Schlecht Iddien hunn et u sech, datt se keng Grenze

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
International Neiegkeeten https://moien.lu/indian-match-making-website/

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

Net dee beschten Optakt vun der Porsche Mobil 1 Supercup Saison

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

No liichte Startschwieregkeeten an de Porsche Carrera Cup Däitschland um Hockenheimring, war et dëse Weekend den Optakt vun der Porsche Mobil 1 Supercup Saison zu Barcelona. Déi fënnt zudeem ëmmer als Kaderprogramm vun der Formel 1 statt. An de Start an d‘Saison hat ee sech bei Lechner Racing anescht virgestallt.

Barcelona, dat ass gewosst, huet en uspriechende Circuit deen eng echt Erausfuerderung fir d‘Pilote vum „Porsche-Circus“ duerstellt. Hei gëtt et vun allem: lues Kéieren, séier Sektiounen, schwiereg geleeë Bremspunkten an eng Zilgeruet vun iwwer 1.000 Meter. Do heescht et op Zack sinn, all Zéngtel huet säi Gewiicht an et dierft an dëser Klass kee ginn, dee bereetwëlleg Plaz mécht.

Barcelona

© Eric Alonso

An de chronometréierten Essaien huet den Dylan Pereira mat beduecht seng Pneuen opgewiermt a sech vum Zoustand vun der Streck iwwerzeegt. No dräi „sportleche“ Ronnen huet eise Lëtzebuerger Espoir d‘Box opgesicht, wou d‘Astellunge vum Gefier nach emol ugepasst goufen. Eng gutt Iddi wéi sech erausgestallt huet. Den Dylan konnt sech verbesseren a sech op déi 7. Startplaz placéieren.

Brillant Virstellung mat enger Tréin am Knapplach

De Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing ass virsiichteg an d‘Course gaangen, a konnt seng Plaz beim Start behalen. Am zweeten Tour ass den Dylan Pereira beim Versuch e Géigner ze iwwerhuele vun der Pist komm an op déi 11. Plaz zréckgefall. Kee gutt Virzeechen, an d‘Ongléck sollt beim Iwwerhuelmanöver vum Max van Splunteren séi virleefegen Héichpunkt erlaangen.

Heibäi koum et zu enger Beréierung, an de Lëtzebuerger stoung op een Zoch an der falscher Richtung, a fält op déi 26. Plaz zréck. Dat ass dees Pech genuch fir engem zolidd d‘Flemm anzedreiwen, mee den Dylan Pereira huet Kampfgeescht. Mat senge spektakuläre Manöver huet hien de Public begeeschtert an sech op der 13. Plaz nach déi éischt Punkte vun der Saison geholl.

Motivatioun léisst sech och mat klengen Erfolleger opbbauen

Trotz dëser fantastescher Virstellung, kann de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing op sengem Porsche Carrera GT3 Cup, net ganz mat senger Performance zefridde sinn. Hie läit wäit hannert den eegenen Erwaardungen zréck, woubäi Vitesse a Kampfgeescht net a Fro ze stelle sinn. Elo gëllt et dëse Weekend richteg ze analyséieren a sech op dat nächst Rennen ze konzentréieren.

Barcelona

© Eric Alonso

An déi nächst Course fënnt schonn nächste Weekend an Tschechien – um Autodrom vu Most – statt, dann nees am Porsche Carrera Cup Däitschland. Beim Team „Lechner Racing“ ass een dann och zouversiichtlech, datt den Dylan Pereira nees mat der Leeschtung vun der leschter Saison uknäppe kann. Mental ass de Lëtzebuerger fit a fuere kann hien. Elo mussen nach just d‘Parameter stëmmen.

Resultater Barcelona:

  • 1 Julien Andlauer (FR)
  • 2 Ayhancan Güven (TR)
  • 3 Michael Ammermüller (DE)
  • 13 Dylan Pereira (LU)

Generalklassement:

  • 1 Julien Andlauer (FR)
  • 13 Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Eric Alonso

Ähnlech Sujeten Barcelona, Dylan Pereira, Momo Megatron Lechner Racing, Motorsport, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel