Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier
Cool Crazy International Love Sport

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

E Freidegmoien um véierel vir sechs, start a Florida op

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen
Cool Crazy International Love Sport

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen

Haut muss sech déi kathoulesch Kierch an Däitschland zum „sexuelle

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?
Cool Crazy International Love Sport

Kenns du eis Planzen a Blumme gutt genuch, fir dech an dësem Quiz behaapten ze kënnen?

Et gëtt gäre vergiess, mee mir hunn am Lëtzebuergeschen vill

cooltonguelove

Barcelona: Exzellente Saisonstart fir den Dylan Pereira

Barcelona: Exzellente Saisonstart fir den Dylan Pereira

De leschte Weekend huet zu Barcelona, am Kader vun der Formel 1 Saison, och de „Porsche Mobil 1 Supercup“ ugefaangen. Fir de lëtzebuergesche Pilot Dylan Pereira en éischte seriéisen Test, deen déi gutt Resultater vun der Virsaison bestätegt huet.

Nom fräien Training konnt een dann och, unhand vun de ganz gudden Zäiten, zouversiichtlech op d‘Course blécken. Et huet ee wuel net an der éischter Rei gestanen, wat och dorunner geleeën ass, datt den Dylan Pereira et virgezunn hat, säin Auto op d‘Course selwer virzebereeden.

Bei der Qualifikatioun hat de Champion vum Virjoer a Coequipier vum Dylan Pereira, de Michael Ammermüller (Lechner Racing), d‘Nues vir. Den Dylan huet sech hei nach déi aachte Startplaz geséchert, an och beim Start alles richteg gemaach.

Beim Depart huet sech de Lëtzebuerger Pilot riets gehalen an direkt emol zwou Plaze gutt gemaach. Eng gutt Iddi, well kuerz drop ass de „Pace-Car“ schonn an den Asaz komm, well deen een oder aneren sech eppes ze vill virgeholl hat, an säi Gefier net op der Piste behalen huet.

Virentscheedung an der 5. Ronn

Den Dylan huet „bäigehalen“ an schonn an der 5. Ronn huet de Lëtzebuerger zougeschloen. Datt hien de Porsche GT3 Cup (vu Momo Megatron Lechner Racing) am Grëff huet, dat war gewosst. Mee dat hien direkt beim Saisonstart seng Uspréch esou däitlech géif weisen…

Wéi och ëmmer, den Dylan Pereira huet gutt op alles opgepasst wat sech virun him ofgespillt huet. An der fënnefter, wéi gesot, konnt hien direkt zwee Piloten an engem Zoch iwwerhuelen. D‘Linn war kloer, an et huet och nëmmen een Abléck gedauert, bis hien dat nächst Affer virun sech hat.

Et sollt dann och am „fight“ mam Julien Andlauer zum spektakuläersten Iwwerhuelmanöver vun der Course kommen. Den Dylan Pereira huet sech de franséische Pilot baussent der Kéier gekroopt an esou déi drëtt Plaz ageholl. Eng Plaz déi de jonke Lëtzebuerger och net méi sollt hierginn.

Am 11. Tour hëlt sech den Dylan Pereira einfach emol déi beschte Ronnenzäit vun der Course. Hien beendegt seng Course nieft dem Hollänner Jaap van Lagen, dee säi knappe Virsprong bis an d‘Zil konnt behaapten. Den Dylan gëtt mat 3 Sekonne Retard op säi Coequipier e gudden Drëtten.

Domatter ass de Saisonstart fir den Dylan a seng Sponsore gelongen. Mee och d‘Land dierf op de jonke Pilot houfreg sinn, ëmmerhin ass et him geschëlt, datt de Lëtzebuerger Fändel um Circuit vu Barcelona kengem entgaangen ass.

Wier schéin, wann den Dylan dësen Exploit bei der nächster Course zu Monte-Carlo (Grousse Präis vu Monaco) Enn Mee kéint widderhuelen. De Podium vu Barcelona: 1) Michael Ammermüller (DE); 2) Jaap van Lagen +3,426 Sek (NL); 3) Dylan Pereira + 3,618 Sek.

Foto: E ganz zefriddenen Dylan Pereira um Podium vum Porsche Mobil 1 Supercup zu Barcelona. Domatter ass de Saisonstart fir hien a säi Rennstall „Lechner Racing“ nei wéi nëmme gelongen. Wann hien dat Resultat bei der Course vu Monaco ka bestätegen, zeechent sech eng gutt Saison fir de lëtzebuergesche Pilot of. © Eric Alonso/ACL Sport

Ähnlech Sujeten ACL Sport, Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel