Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déck Loft op der Generalversammlung vum SNPGL
https://moien.lu/meaning-of-dating-a-person/ Stories

https://moien.lu/ptsd-symptoms-and-dating/

Eng ronn 300 Beamte vun der Police hu gëschter Owend

diva dating site
https://moien.lu/meaning-of-dating-a-person/ Stories

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill Ministere gesinn.

D‘Schluecht ëm Tripolis
https://moien.lu/meaning-of-dating-a-person/ Stories

D‘Schluecht ëm Tripolis

Zanter Ufank Abrëll steet déi vum „Westen“ agesate Regierung vu

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Ei wat ass dat eloten e lecker Kärel, dréif Blond a fruuchteg mat enger herrlecher Kappnout déi liicht pampelmousseg eriwwer kënnt. De „White IPA“ vu Bare Brewing, dee vun der Simon Brauerei zu Hengescht, no eegenem Rezept gebraut gëtt, kann een als eng Mëschung tëscht der belscher Blanche an dem amerikaneschen IPA ëmschreiwen. Mee huet vill eegene Charakter.

Mat engem Alkoholgehalt vu 6,6% gehéiert de White IPA zu deene Béierzorten, déi ee mat Mooss sollt genéissen. De Joël Back vu Bare Brewing réit derzou, dësen duerchaus sëffege Pleséier gutt gekillt ze drénken. Et ass wuel och e Béier, dee sech besonnesch am Summer, beim Grillen an/oder chillen am Gaart als „sécher Optioun“ erweist.

Mee natierlech kann e zu jidder Joreszäit gedronk ginn. An esou wéi an eisem Fall, also kuerz viru Chrëschtdag, bréngt den White IPA vu senger Faarf hir, déi waarm Joreszäit op den Dësch. E Passt zu bal all Zort vun „amuse-bouche“, Terrinnen oder graffem Paté. Et dierft wuel nach méi Saache ginn, mee dat sinn déi wou ausprobéiert a fir „ganz gutt“ befonnt goufen.

Bare Brewing

Gees de eis nach ee sichen?“

Et brauch een allerdéngs bei enger White IPA vu Bare Brewing net op d‘Iessen ze waarden, et soll een eng Gedold net onnéideg op d‘Prouf stellen. Eigentlech geet et duer, datt e beim zerwéieren eng Temperatur vun 7 °C bis 8 °C Opweises huet, an dat direkt Ëmfeld gutt gelaunt ass. Huet een dat alles zesummen, kann eigentlech näischt méi schif goen…

Interessant bei dësem White IPA, wann ee sech dann emol mat der Geschicht vum „amerikaneschen IPA“ ausenanergesat huet, d‘Feststellung, datt si ausser dem Numm net wierklech eppes matenaner ze dinn hunn. An de Joël Back huet et dann och nach emol ënnerstrach: „mir haten ni wëlles en IPA no amerikaneschem Muster ze zwaffen“. Gutt esou, ëmmerhin ass dat eleiten e Stack Lëtzebuerger.

Bare Brewing ass eng vu de klengsten a jéngsten artisanale Brauereien zu Lëtzebuerg, an huet sech kierzlech zu Déifferdeng en „Heem“ opgeriicht. Si hunn e ganz flott Assortiment (de PLZNR, de Black IPA an eben de White IPA), a wéi et ausgesäit, dierft en et hei 2019 nach weider Zorte ginn. Wat a wéi gutt deen ass, wësse mir nach net. Mir sinn awer beméit iech zäitno um Courant ze halen.

Foto: An de White IPA kommen nëmmen exquisit Ingredienten, an un der Braukonscht vun den Hengeschter gëtt et och keng Zweiwel. © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Bare Brewing, Beier, Craft Beers, Joël Back, White IPA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel