Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl
„An der Tierkei gëtt et keng Justiz méi“: Wéi de Cevheri
„An der Tierkei gëtt et keng Justiz méi“: Wéi de Cevheri
No deeglaangem Hin an Hier, huet den Donald Trump en
Haut ass den internationalen Bluttspenderdag. D’WHO (World Health Organisation) organiséiert
Gëschter huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) de Gesetzprojet zur Barrièrefräiheet, fir all Plaz déi fir de Public op ass, ëffentlech Stroossen an Weeër, Administratiounen asw… mee och fir Appartementshaiser ass soss Kollektivitéiten, virgestallt. Sollt dëst Gesetz Zoustëmmung erhalen, da missten all déi „al“ Gebaier bis 2029 entspriechen amenagéiert ginn.
A Leit mat spezifesche Besoinen hunn och en Urecht op fräi Zirkulatioun, e fundamentaalt Recht dat jidderengem zousteet. Et ass dann och eben eng vun de grondleeënde Konditiounen, sech fräi bewegen ze kënnen, wann een un der Gesellschaft wëll deel huelen. An hei ass zu Lëtzebuerg nach masseg „Loft no Uewen“, an d‘Corinne Cahen drängt drop dësem Problem Léisungen zouzeféieren.
Zil vun dësem Gesetz, esou d‘Familljeministesch, ass et d‘Gebaier am Land (Administratiounen, Ministèren, kommerziell genotzte Gebaier, d‘Weeër, den ëffentlechen Transport, a villes méi) fir jiddereen zougänglech ginn. Also net nëmme fir Leit mat engem Rollstull, mee och fir déi Blann, déi Daf a Mënsche mat geeschtleche Schwächen.
Sollt dem Corinne Cahen säi Gesetz ugeholl ginn, da muss zukünfteg virum Bau vun engem Gebai, en Zertifikat virgeluecht ginn, mat deem d‘Accessibilitéit – laut dem Konzept „Design 4 All“ garantéiert ass. Dat heescht datt Residence mat méi wéi dräi Stäck (oder méi wéi 5 Appartementer) musse Gemeinschaftsraim enthalen, déi dësem Konzept entspriechen.
An d‘Konzept „Design 4 All“ stëtzt sech of d‘Definitioun vun de Vereenten Natiounen, déi sech op d‘Recht vun de Persoune mat engem Handicap bezitt. Eng Konventioun déi Lëtzebuerg 2011 ratifizéiert huet, an als Grondlag geholl ginn ass fir Mesuren auszeschaffen, déi e besseren Zougang fir dës Persoune sécherstellt.
D‘Zil dovunner ass denkbar einfach: jidderengem ouni Récksiicht op den Alter, d‘Geschlecht oder de kulturellen Hannergrond, Produkter oder Servicer unzebidden. Woubäi, wann déi vill al Gebaier bis 2029 Zäit hunn sech „Konform ze maachen“, d‘Corinne Cahen sech bewosst ass, datt net all Gebai dat leeschte kann. Esou wéi dat bei de Gebaier an der Alstad beispillsweis de Fall ka sinn.
Interessant bei dësem Gesetzprojet ass, datt d‘Proprietaire vun den Haiser an/oder Infrastrukturen ënnert d‘Äerm gegraff kréien. Esou kann eng Finanzhëllef vu bis 24.000 Euro pro Projet oder Gebai ugefrot ginn, wann d‘Aarbechten net méi wéi 50% vum Investissement duerstellen, a virum 31. Dezember 2023 ofgeschloss ginn. D‘Demande muss och virum 21. Januar 2021 agereecht gi sinn
Dat ass wuel e kuerzen Zäitraum, mee deen ass esou gewielt ginn, fir d‘Proprietaire derzou beweegt ze kréien, déi Aarbechten „zäitno“ an Ugrëff ze huelen. An de Retard dee Lëtzebuerg bei der Accessibilitéit fir jiddereen opzehuelen huet, ass bekanntlech enorm. Dofir solle jo dann och de Staat an d‘Gemenge mam gudde Beispill virgoen.
Fir elo déi Projeten och un d‘rullen ze bréngen, ass „ADAPTH“, e nationale Kompetenzzenter fir den Zougang vun de Gebaier (CCNAB) geschafe ginn. Den Architekt a Responsabele vum Zenter, Markus Koerfer: „All Mënsch kann eis kontaktéieren. Mir kënnen all noutwenneg Informatiounen zur Legislatioun ginn, an als Intermediaire mam Ordre vun den Architekten agéieren.
LOL
0
Cool
2
Fail
0
Angry
0
WTF
1
Crazy
0
Love
1