Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten
scrabble dating site

Implant Files: E Geschäft op Käschte vun de Patienten

De Skandal ëm d‘Prüfung an Zertifizéierung vu feelerhaften a liewensgefäerdende

totally accurate battlegrounds matchmaking long
scrabble dating site

https://moien.lu/zico-dating-aoa/

Um vergaangene Freideg huet d’Plattform Meng Landwirtschaft, Sea Shepherd, San

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
scrabble dating site

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns

Haut ass de Welttourismusdag. Dëst Joer gëtt dobäi den Accent

Barrièrefräiheet fir Produiten an Déngschtleeschtungen

Besser Bedeelegung un der Gesellschaft fir Mënsche mat besonnesche Besoinen

Barrièrefräiheet fir Produiten an Déngschtleeschtungen

Leschte Mëttwoch hunn d‘Deputéiert an der Plenière vum Europaparlament mat grousse Majoritéit en europäesche Rechtsakt zur Barrièrefräiheet ugeholl. Mat dëser Richtlinn solle bestëmmte Barrièrefräiheetsufuerderunge fir Produiten an Déngschtleeschtungen op EU-Niveau festgeluecht ginn, fir Mënsche mat Behënnerungen d‘Bedeelegung un der Gesellschaft ze erméiglechen.

Dorënner befannen sech: Computer, Telefonen an Televisiounen, Telefon an Audiovisuell Déngschtleeschtungen, Persounentransport, Geldautomaten an Finanzdéngschtleeschtungen, E-Books an den elektroneschen Handel. Dës Richtlinn, iwwert déi sech de Rot, d‘Kommissioun an d‘Parlament an Trilog-Verhandlunge gëeenegt hunn, an déi dann och vum EU-Parlament ugeholl goufen, sollen d‘Funktiounsweis vum Bannemaart verbessere.

Esou soll et fir d‘Entreprise eppes méi einfach ginn, barrièrefräi Produiten an Déngschtleeschtunge fir déi ronn 80 Millioune Mënsche mat spezifesche Besoinen, déi an der EU liewen, ze verbesseren. D‘Tilly Metz (déi gréng), Member am Ausschoss fir Bannemaart a Konsumenteschutz, gesäit awer d‘Resultat vun de Verhandlunge kritesch:

„D‘Feele vu gemeinsamen EU-Virschrëften dierf Mënsche mat enger Behënnerung net weider aschränken. D‘Richtlinn fir Barrièrefräiheet vu verschiddene Produiten an Déngschtleeschtungen versicht, Barrièrefräiheet bannent der EU duerch de Bannemaart auszebauen. Et ass e wichtege Schrëtt, mee d‘Richtlinn geet leider net wäit genuch.

D‘EU an hir Memberstaaten musse besonnesch bei der Fërderung vun der Barrièrefräiheet am ëffentlechen Transport, bei de Finanzdéngschtleeschtungen an bei den audiovisuelle Leeschtungen nobesseren. Déi nei Legislatioun enthält nëmme fräiwëlleg Moossnamen. Dobäi brauche mir dréngend verflichtend Ufuerderungen! Mir mussen eis Ustrengunge verstäerken, fir d‘Inklusioun a ganz Europa ze fërderen. Heifir muss de Prinzip ‚Design for All‘ an alle Beräicher, och fir Produiten an Déngschtleeschtungen am Bannemaart zum Standard ginn“.

Hannergrond:

Ronn 80 Millioune Mënschen an der EU hunn eng méi oder wéineger schwéier Behënnerung. Opgrond der Alterung vun der Bevëlkerung wäert dës Zuel sech bis 2020 op viraussiichtlech 120 Milliounen erhéijen. Barrièrefräiheet ass eng Grondviraussetzung fir déi gläichberechtegt Bedeelegung vun de Betraffenen un der Gesellschaft.

Lëtzebuerg ass als Memberstaat vun der EU, zanter 2011 Vertragspartner vum Ofkommes vun de Vereenten Natiounen iwwert d‘Rechter vu Mënsche mat spezifesche Besoinen, an esou verflicht all gëeegent Moossnamen – och op legislativem Niveau – ze ergräifen, fir dës Barrièrefräiheet hierzestellen.

Dat ëmfaasst Biergerrechter, politesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Rechter, an e breede Spektrum vu Politikberäicher: vu Justiz iwwer Verkéier, bis hin zu Beschäftegung an Informatiounstechnologien. Den Artikel 9 vum Ofkommes verflicht d‘Vertragsstaaten, e gläichberechtegten Zougang fir Mënsche mat enger Behënnerung sécherzestellen.

Mat der Richtlinn gëtt sech d‘EU gemeinsam Standarden an erméiglecht et esou, d‘Käschte fir Barrièrefräi Produiten an Déngschtleeschtungen duerch Skaleneffeten ze reduzéieren. Zudeem gëtt sech heimatter eng Verbesserung vun der Autonomie vun eeleren oder behënnerte Mënschen erwaart.

Matgedeelt vun déi gréng, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Barrièrefräiheet, EU, EU-Parlament, Richtlinn, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel