Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den nationalen Dag vum Bam
International Neiegkeeten

online free dating site in bulgaria

Haut ass de 27. nationalen Dag vum Bam, an uechtert

dating a sniper
International Neiegkeeten

Mäerderesche Weekend op Lëtzebuerger Stroossen

Et geet an den Hiecht eran an d‘Wieder fänkt un

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!
International Neiegkeeten

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!

Fann an eisem Quiz eraus, wéi gutt s de am

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren

Griichesche Verdeedegungsministère huet Ausschreiwung verëffentlecht, fir Ofspärmechanissem an der Ägäis ze installéieren

Mat Barrièren an Netzer d‘Flüchtlingen ofwieren

Mat Barrièren oder Netzer vun enger Längt mat bis zu dräi Kilometer, soll verhënnert ginn, datt Flüchtlingen déi aus der Tierkei versichen Europa ze erreechen, un der griichescher Küst ulande kënnen. Fir d‘Ausleeë vun dëse „Schutzvirriichtungen“ soll déi hellenesch Marine agesat ginn.

Dës Barrièren/Netzer déi um Mier ausgeluecht ginn, sollen en hallwe Meter aus dem Waasser erauskucken a mat Geliits ausstafféiert ginn. D‘Investitioun fir dës „Moossnam“ géif sech op ronn 500.000 Euro belafen, esou d‘Autoritéiten, déi keng weider Detailer zu dësem ominéisen an och rechtlech bedenkleche Projet ginn hunn. Mee iergendwéi missten si sech jo zur Wier setzen…

Netzer2019 huet sech Griicheland mam gréissten Zoulaf vu Flüchtlingen/Migranten erëmschloe mussen, an ugesiichts dem Manktem u Solidaritéit an der Europäescher Unioun, sollt een eppes Verständnes fir d‘Regierung zu Athen opbréngen, déi sech zur Stonn eleng op den Inselen an der Ägäis, mat iwwer 40.000 Mënschen an iwwerfëllte Flüchtlingslager beschäftege muss, dorënner vill Kanner.

Éischt Awänn an zolitte Protest

Géintiwwer der ugekënnegter Moossnam gëtt et verständlecherweis de Protest vun de sëllechen Hëllefsorganisatiounen an och Bréissel huet preventiv annoncéiert, datt een emol géif préiwen ob dat esou och rechtlech zoulässeg ass. Dat mécht sécherlech Sënn, dierf awer de Bléck net op de Fakt verschléissen, datt Griicheland mat dësem Problem eleng gelooss gëtt an iwwerfuerdert ass.

Wann dann de Spriecher vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR, Boris Cheshirkov, de Griichen an Erënnerung rifft, datt et hir Flicht ass, d‘Mënscherechter ze respektéieren – och wann een dem Land net Recht ofsprieche wëll seng Grenzen ze kontrolléieren – dann ass dat eppes „kuerz gegraff“. Dat awer géif bedeiten, datt Athen kucke misst eleng mam Problem eens ze ginn, wat eng Zoumuddung ass. De Problem kann, ugesiichts den Zuelen, net vun de Griichen eleng bewältegt ginn.

NetzerRichteg: laut internationalem Recht, befannen sech Migranten/Flüchtlingen déi d‘Barrièren erreechen a griichesche Gewässer a mussen „gerett an opgeholl“ ginn. Genee esou richteg, de Constat vum Chef vun der ONG MSF (Dokteren ouni Grenzen) a Griicheland, Wasilis Stravaridis: „Barrièren um Mier kënnen d‘Mënschen net dovunner ofhalen ze kommen. Mir si besuergt, datt esou eng Moossnam méi Mënschen a Gefor brénge wäert“. Trotzdeem muss Athen handelen…

Préiwe statt hëllefen

Wann et laut engem Spriecher vun er EU-Kommissioun richteg ass, datt d‘Erriichte vu Barrièren net géint europäescht Recht verstéisst, esou géif zur Stonn awer gepréift, op dës Moossnam esou wéi duergestallt rechtens ass. D‘Begrënnung: „Esou Barrièren dierfen net den Zougang zu Verfare fir Asyl onméiglech maachen“. Ënnert anerem misst de Grondsaz vun der „Net-Zréckweisung“ vun Asyl-Demandeure beuecht ginn. Bréissel wëll elo vun Athen méi Detailer zu dëse Moossnamen.

Ob een esou e Problem ugoe sollt un deem een net ganz esou onschëlleg ass wéi een dat gäre wëll gleewen doen? Eigentlech sollten am Kontext vum „Handel mat der Tierkei“ keng Migranten a Flüchtlinge méi aus der Tierkei a Griicheland ukommen. Bréissel huet en Deal mat Ankara, an deem d‘Tierkei sech verflicht huet d‘Schleiser an d‘Migranten „ofzefänken“, wei och déi wou duerchkommen, zréckzehuelen. Trotzdeem kommen all Dag am Schnëtt 90 Leit op den Inselen un.

Netzer

Lëtzebuerg, zesumme mat engem Grappvoll aneren EU-Memberlänner ass am Kader vu senge Méiglechkeete solidaresch, an den Ausseminister Jean Asselborn dierft vun der ugestriefter Aktioun säitens Griicheland och net erfreet sinn. Et ass dann och ee Problem, deen nëmmen um Niveau vun der Unioun, oder ebe guer net, geléist ka ginn. An Athen kann net onbegrenzt d‘Migranten bei sech ophuelen. © Ausseministère (Archiv)

Bedenkt een, datt déi op den Inselen an der Ägäis ageriichte Flüchtlingslager eigentlech nëmmen eng 6.200 Mënschen ophuele kënnen, der aktuell wäit iwwer 40.000 an dësen Infrastrukturen op eng Léisung waarden, misst een sech eigentlech zu Bréissel an och beim UNHCR d‘Fro stellen, wat een de Griichen an hirer Regierung eigentlech zoumudde wëll. Geographesch steet Griicheland voll am Fokus an huet – esou de Volleksmond – d‘Aarschkaart, well de Recht vun der EU ewechkuckt.

mat indymedia/ath

Foto: © Matt Artz / unsplash

Ähnlech Sujeten Agäis, Barrièren, Flüchtlingen, Flüchtlingsdeal, Griicheland, Mënscherecht, Migratioun, Netzer, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel