Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten
Meenung

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Leschte Freiden huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg déi

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss
Meenung

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Seoul huet de Moie gemellt, datt Nordkorea zwou Rakéiten an

CFL Chantiere fir August a September
Meenung

CFL Chantiere fir August a September

Iwwert de Summer kann et op de CFL-Linnen 10, 30

Basisdemokratie: d‘Rezept, wat Rou an eng Partei bréngt?

Oder just e Schlagwuert? - E Kommentar

Basisdemokratie: d‘Rezept, wat Rou an eng Partei bréngt?

Wéi demokratesch muss eng Partei sinn, déi den Numm Demokratesch Partei dréit? Däerf se sech un déi berühmt-berüchtegt Basisdemokratie eruwoen? Et si Froen, déi mol erëm konkret am Raum stinn, nodeems et tëscht dem Corinne Cahen an dem Marc Ruppert zum Verwierfnes komm ass. Wann sech dann nach de Sekretär vun der DP-Sektioun Esch zu dem Thema äussert, dann ass fir Diskussioune gesuergt. Eleng op se grad gutt kënnt, dat ass eng aner Fro.

Et stinn nämlech Wahlen an d’Haus. Am Oktober vum kommenden, all ze noen Joer 2018 gëtt eng nei Chamber gewielt. Ech weess, ech probéieren och net drun ze denken, mee et ass awer esou. Fir sech grad am Joer virdrun bis op emol mat esou Interna an de Virdergrond ze drängelen, dat huet nach kenger Partei sou richteg gehollef. Mee et ass op mannst eng gutt Diskussioun, e flotte Sujet: Wat bréngt enger Partei et, sech Basisdemokratesch aus ze riichten?

Et kéint ee mengen, datt doduercher d’Parteispëtzt mi no un der Basis vun der Partei ass. Heescht, d’Membere kënne séch mat „deenen do uewen“ identifizéieren. Dat ass gutt, well dann huet een d’Ressentimenten scheinbar am Grëff an esou Momenter wéi elo tëscht deenen zwee DP-Politiker kéinten ausbleiwen.

Et gëtt gäre vergiess, datt Basisdemokratie eng gewësse politesch Kultur viraussetzt, fir datt se anstänneg funktionéiere kann

Dat ass awer alles graff Theorie. Well taktéieren léisst sech och an enger Basisdemokratie. Eleng wien sech zur Wahl stellt, ënnerläit dobäi engem gewësse Calcul an och intern Wahlkämpf kënne richteg hëtzeg sinn. An och richteg perséinlech ginn. An ech weess net, op sech dat all Partei leeschte kann oder soll. Souguer wann se et géife maachen, géif dat letztendlech dozou féieren, datt mi eng reegelméisseg Rotatioun un d’Spëtzt kënnt? A wat, wann doduercher keng erëm erkennbar, prominent Perséinlechkeeten entstinn, mee amplaz dovunner eng gesiichtslos Partei?

Basisdemokratie ass e Moudewuert ginn, och de Referenden an de Programmer gewësser Parteien zum Dank. Op se enger Partei wierklech weider hëlleft, dat ass eng ganz aner Fro. Eng, déi vu Fall zu Fall wuel gekuckt muss ginn. Net ze ënnerschätzen ass do den Timing: Et ass eng Saach, wann eng Partei sech vun der Grënnung un als Basisdemokratesch versteet, eng ganz aner, wann déi nodréiglech agebaut muss ginn. Dat ass dann och eng Fro vun der politescher Kultur.

Ähnlech Sujeten Basisdemokratie, Corinne Cahen, DP, Lëtzebuerg, Marc Ruppert, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel